Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Zens

Wéi de Quartier Résidentiell Zens ‘a voller Expansioun’ war koum dohin eng Apdikt, e Supermarché an e Police-Büro. Dee néngte Stader Police - Kommissariat huet natierlech och Kompetenze fir d’Nopeschquartier’en, d.h. d’Neiduerf, Clausen an de Grond. Méi eng laang Geschicht an ee ganz ale Fändel huet seng Fanfare ROYALE GRAND-DUCALE  Grond - Fetschenhaff-Cents a Polvermillen….! Dëse Veräin entstoung ewell an där Zäit, wou mir nach d’Festung an e Kinneck Grand-Duc haten!

Bal ewéi eng Festung mä modern am Stil an mat héigem Stellewäert an eiser Kierchenarchitektur ass d’Kierch um Zens. Si ass eng vun de jéngsten a ganz markanten zu Lëtzebuerg an inspiréiert vun der Liturgiereform. Dem Théo Kerg seng faarweg-intensiv plastesch Fënschtere si ‘sprechende Wände’ voller Symboler, beispillsweis mat Feier uewen an ënne Waassertéin! Dem Joseph genannt Peppi Rifesser seng Skulpturen si Bijouen; d’geschnëtzte Päischtzeen un der hënneschter Mauer (vun 1995), säi lescht a wuel gréisste Wierk, ass bal 6 m breed. A seng ‘Traubenmadonna’ ass mat hiren 1,80 imposant. Der Helleg-Geescht Kierch mat der Dauf am Wopen hir Konscht ass wierklech eng mënschlech Revanche fir verbaute Natur!…

“Eng Stad ass d’Beschlagnahme vun der Natur duerch de Mënsch… widder d’Natur” sot emol den Le Corbusier, mä hie gesouch och “an enger Stad eng mënschlech Schöpfung… dem Mënsch zum Schutz an zur Aarbecht!” Vum Cents hu 1947 an den Haiser um Kéibierg, dem Äeppelwee a laanscht Tréirerstrooss 246 Leit de ländleche Charakter appréciéiert, an 2001 dann ëm 3.200 an 985 Wunnhaiser di no Stad. Hei war nobäi um Fetschenhaff a ‘Fetschebour’ bis 1920 eng grouss Gäertnerei; 1862 hat den Augustin Wilhelm 65 Leit ugestallt, a säi Fils duerno 100. Hei louchen d’Felder vun de Clausener Baueren.. an ‘t gouf zwou bekannt Wiertschaften, en ale Kierfecht an e Klouschter... Haut sinn um Domaine vum Carmel op 18 Hektar iwwer 600 Appartementer an 190 Eefamilljenhaiser vum Logement Familial. Wéi um 'ancien Cents’ an de 1960ger d’’Cité Frommes’ entstoung  wousst keen, dass emol eng monumental 3,50 M héich Marber-Skulptur vum Wercollier un hire Promoteur dévoué erënnere géif!

De Numm ‘Cense’, mat e hannen, bedeit eng Meierei, also ee Pachtgutt dat en Herrscher, d’Kierch oder e fräie weltlechen Här als Besëtzer hat. An den Äeppelwee? Säi Numm ‘rue des pommiers’ gouf de 4.7.1930 festgehalen, erkläert ‘Ons Stad’! E gouf vum Volleksmond no der Fruucht, net nom Bam benannt… a verbënnt d’Tréiererstrooss mam Val de Hamm. Den Cents feiert Kiermes op Päischten. Den Hämmelsmarsch spillen di méi Jonk vun der Fanfare ROYALE GRAND-DUCALE LUXEMBOURG-GRUND - FETSCHENHOF-CENTS - PULVERMUHL; Si si stolz op hir Musekschoul an op hire ganz ale Fändel, deen d’Entwécklung vun der Stad materlieft huet. De Buedem vun der Plaz, nodeem d’Fanfare benannt ass, huet a Krichszäite geziddert! Haut héieren déi Zenser bei offiziellen nationale Festivitéite freedeg Kanouneschëss a voller Sonoritéit...

P.S. D’Kierchefënschteren stinn am Dialog mat de Schnëtzereie vum gläich 90järege Bildhauer... An Beton, deen sech hei wéi an de meeschte méi neie Quartier’en a Buildingen ukuckt ewéi e modernt Baumaterial, dee gouf et ewell bei de Réimer. ‘Le secret de l’ascension de Rome comme puissance universelle est le ciment’. (Th.F. Klein). Ouni de Virleefer vum heitegen Zement hätte viru bal 2000 Joer grouss a luxuriéis Gebaier net kënnen entstoen. De ‘beton antique’ huet nämlech erlaabt de Colisée, de Panthéon oder och d’Kaiserthermen zu Tréier opzeriichten.