Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kapellen

Wéi de Problem sech gestallt huet ob Mamer oder Käerch Kantonshaaptuert gi soll, gouf Kapellen gewielt. Eng Gemeng war et ni, dofir steet e schéint Gemengenhaus zu Mamer. Mä ’t koumen aner staatlech Instanzen dohinn, e ‘büro d'enregistrement‘ a laang Zäit och e Friddensgeriicht an en Notär. Op ale Photoe sinn nobel Villen ze bewonneren, eng schéin Apdikt an donieft déi relativ simpel Gare um Holzemer Wee; si erënnert drun, dass säit Oktober 1859 den Zuch Lëtzebuerg mat Bréissel verbënnt iwwer ‘eng Strooss vun Eisen.‘ Virdru si Postkutschen hei passéiert, 1827 war hei di Areler am Schnéi stieche bliwwen. D'Regierung hat d'Wichtegkeet vun de Stroossen erkannt an tëscht 1843 an 1867 nei Traceeë vu 660 km gebaut. Ënner dem Impuls vun der Industrialiséierung huet deels och d’Populatioun vum Land changéiert. Italiener an Däitscher si massiv immigréiert, vill Lëtzebuerger sinn ausgewandert an Amerika oder Frankräich... an ’t gouf vun 1843 un an der Primärschoul Franséisch geléiert.

Fréier huet d'Kap zum Dekanat Käerch gehéiert. Vum éischten Dezember 1897 u fanne mer d'Duerf als eegestänneg Por aus den zwou Gemengesektiounen Kap a Kapellen. Den éischte Paschtouer Wagener hunn d'Kaper Leit mat vill Freed begréisst. An de 1950ger Joeren ass d'Uertschaft ëmmer méi grouss ginn. D'Suite ass einfach, d'gouf eng nei Kierch gebraucht... a gebaut ënnert dem Här Jacques Michels. - Mä kucke mer nach kuerz zréck an d’Joer 1718. Deemols waren am Käercher Porregester 5 Stéid „Auf der Kappe“ agedroen. Virun annerhallwem Joerhonnert goungen d'Leit nach an d'Nopeschdierfer an d'Mass, d'Kaper op Kielen an déi vun der Kapellenersäit op Mamer. Béid haten e Wee vu méi wi 5/4 Stonnen! Dofir hunn di zwou Sektioune sech zesummegesat an 1852 net ouni grousse finanziellen Effort eng Kapell gebaut. E Relevé vu staatleche Subside fir ëffentlech Zwecker verréit, dass Schëffleng deemols 325 Frang krut fir seng Kierch ze vergréisseren an d'Gemeng Mamer 400 fir de Bau vun enger Kapell zu Kap-Kapellen. Paralell zu hirem Projet koumen di alleréischt lëtzebuergesch Timberen eraus.

Di deemols 200 Kaper Leit hunn 13 Joer laang de Kaploun materhalen – an herno de Paschtouer bis si 1904 duerch d'Gesetz vum 5. September grad wéi d’Neiduerf eng staatlech Por goufen. - Kap-Kapellen zielt 2003 mat ëm 1300 Leit net zu de besonnesch grousse Poren. Si gräift op Hellëf vu Benevoler zreck, déi sech an der Kierch engagéieren, an am Asaz sinn nieft Massendénger, Lektoren, der Chorale an der "équipe liturgique". Wien d'Kaper Kierch just vu bausse kennt, deen dierften e puer Detailler intresséieren. Ervirzesträichen ass z.B. hire Mosaik am Chouer, deen de Joseph Probst 1959 mat dem agebauten Tabernakel konzipéiert hat. D'Rosace am Fong symboliséiert d‘Sonn an huet d’Signatur E D P: Emile et Denise Probst; an de kënschtleresch eemolege Kräizwee ass regroupéiert op engem grousse Kräiz an huet als 15. Zeen d’Résurrection.

Seng wahrscheinlech alleréischt kleng Roll hat Kapellen an der Réimerzäit gespillt, well 't louch un der aler Streck Arel - Nidderanven - Tréier. Dofir ass haut och nach e Kiem do. (Beim Haff Rauchs gouf de Sockel vun engem Meilesteen fonnt, dee fréier d’Ofzweigung vum Haaptkiem op den Tëtelbierg markéiert hat, an d’Distanz vu 39 Meilen bis Tréier.) Een Deel vun deem Kiem oder “Caminus” deelt d'Uertschaft - nërdlech wunnen di Kaper a südlech d'Kapellener! A beim Iwwergank vun der Kap op Kapellen wiesselen d’Stroosseluuchten d’Stroossesäit. D'lokal "Faulbaach" an déi Holzemer Baach heeschen no hirem Zesummelaf "Mamer", si fléisst zu Miersch an d’Uelzecht. An der Moyenne ass d''Temperatur hei 8,5 Grad am Joer, de Klima relativ douce an et prédominéiert e Süd-West-Wand. Wieder-Kaprioule kennen di Kaper héchstens am Wanter. Aner Begrëffer mat C.a.p. sinn e ‘Capart’, een deen eng ‘Cape’ dréit oder en ‘homme têtu’. An e ‘Capelain’ ass d’normannesch Form vu ‘chapelain’ oder Kaploun. (Text aus de ‘Kierchtuermscauserien‘, deelweis vun 2003)

P.S. Vun 1951 bis ’67 stoung eng Kasär op der Kap als Stationnement vum ‘charroi militaire’. Nom Ophiewe vun eisem ‘obligatoresche Militärdéngscht’ huet d’Verwaltung vun der NAMSA sech do installéiert. An d‘1968 kaafte Notärs-Villa koum d'association-mère vun der Ligue HMC, déi Mënsche mat mentalem oder cerebralem Handicap op eng sozial Integration preparéiert. - 1970 goung hei e Bauboom lass: d‘Awunnerzuel war kuerz nom Krich 327, 55 Joer duerno 1.333 (an laut Statistik vun Enn Dezember 2017 dann 1696; Mamer hat dee Moment 7201 Leit.) Intressegebidder vun den Altertumsfrënn waren z.B. d’Fräileeën an d’Analyséiere vun der réimescher Fernstrooss Reims-Tréier-Köln op enger Längt vun 100 Meter. Da koum den Transport "en bloc" (d.h. an engem Betonskuerf) vum 9,6 m² grousse réimeschen Zillenuewen vu Capellen-Hiereboesch an de Park vun der Villa Risch. Och d’Dokumentéieren huet Zäit an Energie kascht, mä konservéiert muunch vergiessen Detailler. Tëscht Zeile (vun 1849) vum Theolog a Lokalgeschichtsfuerscher Jean Engling fällt ë. a. e Bild mat zwee Houfeisen op déi sengerzäit nobäi am “corps de la chaussée antique” entdeckt goufen.