Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kaalmes

Kaalmes huet 17 rout Diech op der Ferrariskaart, dat heescht am Enn vum 18. Jorhonnert. Haut sinn wéi zu Sail oder 'Sëll' hei di meescht Haiser mat groe Leeë gedeckt, wat jo d’Loftbild weist. Kaalmes, oder Calmus, zielt haut zur Gemeng Sail. Seng Kanner ginn duer an d’Schoul. Ënner Wëllem dem Zweete goufen am August 1822 d'Gemenge 'Sëll' a Kaalmes per Dekret zesummegeschloss!

D’Uertschaft Kaalmes hat am Juli 2006 genee 90 Awunner a verschidde gutt erhalen eeler Wunnhaiser. 1848 goufen hei mat der Millen 140 Leit gezielt. Di eelst vun de siwwenzeng eelere Bauten am verdreemten Duerf weise Joreszuelen iwwer der Dier vu 1751, an ’78 oder 1860. Si stamen also aus der Zäit, wou um flaache Land Ackerbau, Véihzucht an d'wiertschaftlech Lag sech verbessert hunn, a wou mächteg Bauerenhäff am style dit "Marie Thérésien" a konschtvoll Duerfkierchen entstoungen. (H. Lascombes.) Eng Duerfchronik ernimmt hei véierzéng Haiser mat Sprossefënschteren, néng mat Klapplueden an aacht Hief mat Pavé! Eng aner Notiz verréit, dass de Jean Kahn vun hei... ier en sech der ’culture des champs’ higinn huet, tëscht 1798-1801 an der Garde vum Département-des-forêts gedéngt hat.

1859 gouf d’Kierch vu Kaalmes konsekréiert. Am Joer 1856 war mam Bau ugefaange ginn Hir méi kleng Virgängerin stoung op enger anerer Plaz, hieren Altor gouf iwwerholl. Iwwer d’neit Kaplounshaus hat de Kaploun am Juli 1874 geschriwwen e wär elo ’von der Hölle in den Himmel gekommen.’! 1911 krut d'Kierch 10 nei Fënstere vum W. H. Jansen, an iergendeemol hu Still d’Bänken ersat. D'Filialkierch vu Kaalmes mam opfalend schéinen Tuerm ass dem hellegen Antonius dem Einsiedler geweit, op sengem Patronatsfest war fréier hei eng Kennbaackestee! D’Duerf gehéiert mat Iener zur Por Simmer an dem Porverband Helpert, säi Geeschtleche wunnt zu Brouch bei Miersch. Kiermes feiert et och ëm Mäertesdag, Sonndes nom 11. November. Vun den zwee Kierchepatréiner si Statuen an der Kierch an och eng Tréischterin an di Helleg Aloysius a Jousef.

D’ëm 300 Joer al Eech zu Kaalmes war 2002 hirem Ëmfank no di drëtt décksten Eech an deen aacht déckste Bam am Land. Si steet am Ausgank vum Duerf nieft der gefaasster Quell Béick. Dës entspréngt 18 m ënnerem Bam, an di ronn 1000 m3 Waasser, déi se deeglech ausschëtt ginn an den Drénkwaasser-Reservoir op den den 376 m héijen Ditzebierg gepompelt. Zënter 1947 gehéieren d’Quell an d’Eech dem Waassersyndikat DEA. A ronn 35 Joer drop gouf eng Schutzzon ronderëm hir komplett erneiert Fassung ugeluet. Hiren Iwwerlaf speist de renovéierte sektiounseegene Wäschbuer vu 1911, deen enger Strooss de Numm gëtt. Dem Joseph Meyers no geet d’al Uertsbezeechnung Calmuzze oder Calmens op de keltesche Flossnumm 'cal’ oder op cala,d.h. 'Ënnerschloff’ zréck. Kee Wonner, dass hei nobäi fréier eng Réimerstrooss laanscht koum! (Sail huet ‚Kiemerchen’ d.h. Niewekiemen oder kleng Säitenäerm.) Kaalmes hat laang deelweis zur Justiz an Herrschaft Simmer gezielt, an zum Areler Prévôté. ’t huet sech a leschter Zäit kaum vergréissert, gouf awer säit 1998 méi räich duerch ee noen herrleche Gaart, dee nom ‘monticule’ "Titzebierg" genannt ass... a 50 al Variétéite Rousen ziicht...

P.S. Vun dem noen Privatdomaine mat den edle Plantatioune fléien d’Blécker iwwer grandios ländlech Däll bis bei d’Éisleker Koppen an d’Forêt d'Anlier. Dem „Gaard um Titzebierg" seng vill al Varietéiten erënnere gréisstendeels un d'Lëtzebuerger Rousenziichter Soupert & Notting, un d'Bridder Ketten an un déi Rousen, déi hinnen dédiéiert sinn. Friem Confrère gesinn op dëser spezieller Plaz e ‘Conservatoire vum lëtzebuerger Rouse-Patrimoine’! - Iwwerleeungen zum Numm Calmus dierften eventuell och op e Rapport mat engem spezielle Lëtschestengel, dem ‘Calamus’ hiweisen. Dëser goufen ewell virun 2200 Joer zu Schreiffiederen gespëtzt... an esou eng ass heefeg den Attribut vum hl. Augustinus. (Kalamos heescht iwweregens op griechesch Hallem.)