Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bruch

Tëscht 1236 an 1244 hunn d’Gräfin Ermesinde an hir Wasallen Respekt viru neie Fräiheets-Charten geschwuer – an dobäi waren deemols och Ritter vu Bruch, Meesebuerg a Miersch. D’Charte huet de Leit erlaabt Foiren z‘organiséieren a sech fräi ze deplacéieren. Fir di ‘Briicher’ war de groussen Helper-Maart praktesch, fir aanrer dee vun Heischent.. Am Spéitmëttelalter gounge Familjenimm heefeg op Uertsnimm zréck. An der Lorraine a rondrëm sollen deemno d’Virfueren vun enger Famill Bruch bei engem ‘marais’, engem Mouer, gewunnt hunn - a Meisch oder Mersch hat e Rapport mat ‘pâturage humide’. Net wéinst engem Numm, mä hirem stolze Wuess kritt d’Eech tëscht Säil a Bruch vu Photofrënn Reverenze gemat, an d’Maandelbaach-Promenade brengt Bricher Naturfrënn de schéinen Huelmësser Eck méi no.

Tëscht Miersch a Säil läit um Fouss vum Bricherknapp d’744 Séilen-Duerf Brouch, mat o.u. op franséisch. Et gehéiert zur Gemeng Béiwen un der Atert. Säi Numm weist wahrscheinlech op ‚Steinbruch’ oder ‚Steinbrecher’ hinn, bedeit als Flouernumm am aaldäitschen awer Supp a Mouer. (Op d’mëttelhéichdäitscht Bruoch mat u.o. geet z.B. “Bruocsella” d.h. Bréissel zréck.) Zum Sujet Steebroch iwwerrascht d’Muséessammlung vu gutt erhaalene Fossilien aus dem Broch “Reckingerwald” net! Hei war nämlech laang eng Fondgrouf vu raren Espècë wi Ammoniten, Korallebrochstécker a Gastropoden. Dës iwwer 10.000 järeg äerdgeschichtlech wichteg Trouvaillen hunn 1988 den H. von Meier a K. Meiers dokumentéiert an intresséieren nieft eisem Musée och d’Universitéit vu Roum. Äerz vu Bruch an Äischen an Briicher- a Muselsand haten 1999 d’Expo “vum Sand zum Steen” vum Naturmusée beräichert. D’Carrière vu Bruch funktionnéiert iwwregens säit 1905. D’Duerf gouf 1278 schrëftlech ernimmt, wéi de Robin vu Bissen dem 1232 gegrënnte Mariendaller Klouschter senges Besëtz vu Bruch, Bour a Gräisch verkaaft hat - an 1385, well den Huelmësser Seigneur Gobelo vun Elter Allodial-Besëtz, d.h. perséinlech Gidder hei hat. An der Dynastie Meysemburg figuréieren am 13. Joerhonnert eng Clarissa an en Thierry vu Bruch. Eng Kapell gouf hei 1575, 1686 an 1729 ernimmt, an d’Kaplounshaus gutt 120 Joer drop; seng Rekonstruktioun krut e staatleche Subsid vu 425 Fr. Om «Bricherknäppchen» goufe 1949 Grondmauere fräigeluet vun enger ëm 1640 gebaute Privatkapell. Vun do huet ee bei schéinem Wieder eng Vue op d’Éisleker Koppen.

D’aktuell neogotesch Porkierch vu Bruch gouf 1880 un d‘Landstross Arel-Miersch gebaut; se hat ufangs de Rang vun enger Filialkierch vun der Mammepor Bëschdref. Well d’Briicher Leit an hiren Dreem Bruch als Por gesouche, gouf de neie Bau méi geräimeg a grouss gebaut wéi dee Bëschdrefer! D’Duerf ass dann 1906 zur Por avançéiert. (Virdru war se Filial vun Helpert, spéider vu Bëschdref an vu Säil.) De Kierchemobilier gouf kierzlech restauréiert a polychroméiert. Um Haaptaltoër trount den Haaptpatréiner, den hellege Mathias, a bewaacht nieft schéinen Engelstatuen den Tabernakel. (Hie sollt no der “Ascensioun” aplaz vum Judas vum Jünger zum Apostel avancéieren a spéider d’éischt Evangelium verfaassen.) Sankt Matheis hat Leit geheelt a bekéiert, e werft enger Baureregel no “en décke Steen op d’Eis” a beschützt Bankbeamten an Douanieren. Bewonnerswäert sinn och d’Statue vum Albinus an dem Celsus, de Niewepatréiner, a préziös ass d’Pietà an d'Helleg Famill. Eng Erënnerungstafel weist op d’éischt Briicher Kierch hinn. Hir 100-Joer-Feier hunn e Concert vun der Militärmusek, e Spectacle "Son et lumière", en Uergelconcert vum Gilles Leyers an d’Klackewei verschéinert. Am September 2006 huet Monseigneur Franck véier nei Klacke geweit an den Téin fa- la- do- re, déi elo zesumme mat den zwou alen e ‘Sechsergeläut’ bilden - wat eng Raritéit fir eng Duerfkierch ass. Si erlabe 720 kombinatoresch Méiglechkeeten, ouni sech ze widderhuelen. (Kierchtuermscauserien 5.8. an 2.12.2007)

P.S. Zanter 2002 zielt d‘gutt annerhallwe Kilometer laang Allee tëscht Bruch a Sëll (mat de ronn 250 eelere Lannen, Ahornen a Platanen -di jonk Beem net matgezielt) zu eise remarkabele Beem. Vläicht hat dem ‘Lidd vum Märeenchen’ seng ’Bricher’ Versioun hire Wuesstem beaflosst.. hei heescht et nämlech “Märeenchen, fal siddlech a frësch, ruffe Gaarden a Bësch”! An ob hei wéi a Béihmen op ‘Matheisdag’ d’Uebstbeem gerëselt gi fir di nächst Recolte gënschteg z’infuencéiren? -D’Buch vum Fr. Mersch ‘le Grand-Duché à la Belle Époque’ nennt Brouch bei Reckange/Mersch en ’important village’. Dat bei Gréiwemaacher ass méi kleng a Bruch an der Eifel huet eng Buerg a war bis an d‘18. Jh. an zwee gedeelt; d’Haiser westlech vun der Salm hunn zum Herzogtum Lëtzebuerg gezielt an déi östlech zu Kurtréier. - Well am Krich net an d’Stad gepilgert gouf, goungen op beschéfleche Wonsch Pressessiounen an de Poren. ’t heescht, d’Briicher hätten am Mee 1941 vill zu hirer feierlecher Oktav bäigesteiert, well duerno waren nach 30 Päck Käerzen a ronn 1500 Frang iwwreg! D’Moosse vum 1948 groussendeels neigebaute Kierchtuerm impressionéieren, en ass am Ganzen 36,50 Meter héich, dovu miessen d’Maueren der 22 an d’Tuermkräiz 3,5 Meter!