Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Breedelt

Breedelt (Breidfeld) hat Enn Dezember 2009 genee 13 Menagen am Gemengerapport... ’t ass wierklech dat klengsten Duerf an der Gemeng Wäiswampech... och wann d’Awunnerzuel am Laf vun der Zäit alt emol bei 46 louch! ’t huet gutt erhalen a groussendeels renovéiert eeler Bauerenhaiser, déi sech zum usprochsvolle Wunnen eegnen... wéins hirer spezieller Atmosphär aus vergaangnen Deeg. Et heescht an engem däitsche Spréchwuert iwwregens 'dass an engem Bauerenhaus dacks méi Fridde wunnt wéi an engem Palais.'

Breedelt  läit an der Gemeng Wäiswampech op 442 m Héicht an huet 33 Awunner. Seng Kapell ass de Mëttelpunkt vun der Uertschaft an entstoung 1840 mat hirem klenge Klackentuerm. Se hat bis 1930 nëmmen eng Klack. Duerno koum eng bäi, souzesoen en Ierfstéck, aus dem Joer 1784 vu Wilwerdang. Mä déi sollt den zweete Weltkrich net iwwerdaueren, se  gouf 1947 ersat a krut no bal 50 Joer eng Gefuedesch. Nieft der Kapellen-Entrée fale baussen eng weider kleng Klack op an e puer eeler Grafmonumenter. D'Duerf gehéiert zur Pastoralregioun Norden, zur Por Holler, zum Porverband Ëlwen - Wäisswampech. Responsabel ass de Paschtouer Michel Meyer, deen zu Ëlwen wunnt. DKapell ass dem hellgen Alfonsus geweit an huet als zweete Patréiner de Wëlwert. (D’Wei war kuerz no der Hellegspriechung vum Schutzpatréiner, dee Jurist, Bëschof a Stëfter vun der Redemptoriste-Congregatioun war.) Kuckeswäert sinn hir elegant Kommiounsbänk mat reng geschnëtzte Rokokomotiver an de Mëttelgank mat Plättercher mat engem apaarte Pohunne-Motiv mat Liewensbam. Mam Interieur vermëttelen dës muenches iwwer d’reliéis Virstellungen an eiser Géigend am 19. Jorhonnert! Hir Fënschteren sinn awer relativ nei, vu 1989, a geometresch Kompositioune vum Bënzelter Gustave Zanter.

Di 21 gutt erhale Wunnhaiser vu Breedelt bei Holler si wéi ewell ugedeit groussendeels restauréiert Bauerenhaiser aus dem 18. a 19. Joerhonnert. Bei der klenger aler Molkerei sinn e Bus-Arrêt an eng Bréifboîte. De ‚Bréidelter’ Schoulbus hält hei mueres um 7:37 a mëttes um 13:32 ...grad zur Zäit fir den 1,6 km laange Schoulwee... D’Kanner vun hei gi nämlech an d "Wämper Schull". An där hir Schüler verspriechen op hirer Homepage op Froe per Mail… 'esu hurrtig wi migléch z’äntweren’! Net aus engem Schoulaufsaz mä vu Gremling’s Ferd kënnt de léiwen Ausdrock, dass „am Fréijoer d’Meeréisercher iwwer d’Éisleker Koppe krauchen“! A well Natur a Blumme keng Grenz kenne fannen sech där sécher och am belsche Breitfeld… (An der belscher Eifel bei Sankt Vith verstoppe sech Breitfeld /Wiesenbach mat je 128 an 31 Awunner - an eng ëm 1000 järeg Kapell mat intakte Fresken. An duer gouf gepilgert fir dem Hellege Barthelméiss fir gutt Rekolten ze danken an ëm de Seege fir d’nei Sot ze bieden.)

Soe mer nach …d’Kiermes an eisem Breedelt ass all Joer um éischte Weekend vum August (mä ëmmer no dem 02.08….) An ënnerem Numm vum Haaptpatréiner Alfons fënnt een ënner méi oder manner bekannten dee weise Fürst Alfons X. aus Kastilien, deem seng Schrëfte viru gutt 750 Joer ’véier gutt Saachen’ op der Welt nennen. Wichteg fir d’Leit vun do an hei sinn ëmmer nach ’aalt Holz fir Feier ze man; ale Wäin fir dobäi ze drénken, al Bicher fir dran ze liesen an al Frënn op déi ee sech verloosse kann!’ An wichteg ass elo...hei.. eng gutt technesch Leitung fir d’Sonndesmass z’iwwerdroen. Di 1987 gegrënnte Chorale "Sänger van der Heid" ass beschtens dorop virbereet.

P.S. kleng Baachen vun hei zielen zu den 150 nogewisene Waasserleef am Nordkanton. Dëse Chiffer ass d’Resultat vun enger Analyse vun ‘De Cliärrwer Kanton’ vun 2006 iwwer d’Bedeitung vum Waasser an säi Besoin no Schutz… An déi genee Erfaassung vu Baachen a Bächelcher ass net just aus historescher oder economescher Perspektiv intressant: aus hinnen entstinn d’Our, Wiltz a Clerf! An ouni déi wären d’Musel an de Rhäin méi aarm - sot emol de Jean Jaans.