Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Branebuerg

D’500 järeg lëtzebuerger Dynastie Branebuerg nennt ufangs e Godefridus de Brandinberch; senger Nofolger ware spéider mat de Falkensteiner, Meesebuerger a Klierfer an der Berwart’s Ligne liéiert! Wéi de Victor Hugo d’mëttelalterlech Buerg besicht hat sot en "Le passé n'est beau qu'en ruines".Déi superb Branebuerger Ruin ass eng vun de 76 Buergen (a Schlässer) aus dem Land, déi vum Mëttelalter bis an eis Zäit resistéiere sollt. D’Ludwina von Bost-Moulin hat hir Part 1761 un de Schmelzhär Jean Mathieu de Blochausen verkaaft. Hire Verfall war deemols net méi opzehalen. De Victor Joly hat 1857 no engem leschte Bléck op de "Squelette mutilé" vum ale Manoir notéiert "seng Rempart'en erhiewe sech stomm an traureg am charmante Paysage, an dësen encadréiert se wéi eng greng Ceinture".

Iwwer der Uertschaft Branebuerg trounen d‘Ruine vu senger impressionanter Buerg. Si ginn an engem Buch iwwer d'lëtzebuerger Ardennen am selwechten Otem wéi Buurschend e "Kleinod" genannt! Aus dem Puzzle vu ville klenge Notizen hei e puer Daten: 1340 baut de Clierfer Grof Ferry vu Branebuerg d'Kapell vun den 3 Jongfraen zu Elwen nees op; eisen Territoir huet no 1364 aus zwee groussen Deeler bestanen, dem germano- a frankophonen, et gouf hei nieft eiser Sprooch och wallounesch geschwat. 1402 suergt de Pandinhaber, den Herzog vun Orléans zu Lëtzebuerg fir Uerdnung; di 5 Bridder vu ‘Brandinberch‘ ënnerwerfen sech him a schwieren keng Fuerderunge méi ze stellen. 1413 ignoréiert de Godfried vu Branebuerg e Waffestëllstand. Dann e friddleche Moment: 1429 gëtt e Gotthard van Brandeburg ernimmt am Zesummenhang mat engem Millendamm.

Haut ass Branebuerg en absolut friddlecht Duerf. Bis 2006 war et Deel vun der Gemeng Baastenduerf, déi mat där Fourener elo d’modern Gemeng Tandel am Kanton Veianen forméiert. Am Joer 2000 hat d‘Por 650. Anniversaire gefeiert, si gehéiert allerdéngs ewell 25 Joer zum Porverband Housen, Houschend a Schlënnermaanescht.. dëm éischte Verband vun där Zort am Land! Ganz opschlossräich ass och e Besuch an der Kierch. Vir am Hall weist eng Tafel d'Nimm mat all hire Paschtéier, den éischten war 1350 de jonken Nikolaus von Brandenburg, deen e Kaploun hat.1712 gëtt do eng Kierch a guddem Zoustand ernimmt. Di haiteg mam relativ niddregen Tuerm gouf ëm 1790 gebaut; hire Rokoko Priedegtstull staamt aus der Virgängerin. Vum Chouergestill mat den 22 Klappsëtzer heescht et, 't wär dat schéinst aus dem Land! Déi meeschterhaft geschnëtzte "Stallen" mat Déierekäpp, fratzenhafte Gesichter an engem jugendlechen Engelskapp datéiere wahrscheinlech aus dem 15. Jorhonnert. Si erfëllen hir Flicht perfekt an der Duerstellung vu Schéinheet a Gedold.. Kaaft goufe se 1783 am fréiere Klouschter Mariendall, nodeem Jouseph II. d'Säkulariséirung ordonnéiert hat. Kuckenswäert sinn och de Branebuerger Altor mat Dréihtabernakel an d'Sakristeidier mat renge konschtvoll skulptéierte Musekinstrumenter. Seng klassizistesch geschwäifte Kommuniounsbänk war 1827 gestëfft gi vun der nobler Wittfra Caroline von Blockhausen. Dem typesch barocke Mobilier ugepasst ass d‘Westenfelder Uergel vu 1992. Zum Interieur passt dem venerablen Alfons de Liguri säi Saz ‘A Raim wéi dësem kënne Gebieder de Gleewege Kraaft ginn, wéi si se aus sech selwer net hunn.‘

Nach ze soe bleift, dass d'Kierchepatréiner St. Pierre et Paul sinn an, dass am Tuermraum Graafplacke vu Branebuerger Ritter an edle Fraen aus dem 15. bis 18. Jorhonnert stinn. Et falen an dësem vu bausse schlichten ‘édifice d’art sacré’ eng Gedenkplack vun der adleger Magdalena von Bock op (1628-1693) an d'eeler Statu vum aaltestamentareschen Dulder "Job". Extra z'ernimmen ass och d'Vitrine mat Objet'en aus Ivoire aus dem Kongo vun der Soeur Danièle Kaiser, enger Schwester aus dem Duerf, déi als Novizemeeschterin un der Côte d'Ivoire engagéiert war. - Eng aussergewéinlech Geschicht huet d’Pietà, d' ‘Vierge de pitié’, aus der klenger Branebuerger Kapell ënnen am Duerf. Si war 1845 bei enger Iwwerschwemmung op dëser Plaz vu couragéierte Männer aus dem Waasser gerett ginn a krut do dann dës Kapell gebaut.

<>P.S.: D’Buergruin ass a gutt 15 Minutten zufouss z’erreechen. Si besteet aus Virbuerg, Käerbuerg a Renaissance–Ausbau. Hir zwee massiv quadratesch Tierm, den dominante Biergfried mat 3 Stäck, an de Kapellentuerm mat 3 gotesche Fënsteren zielen zu den Haaptdeeler vum Buergkäer. Un hirem Fouss kommen 2 Däller zesummen, dee vun der Blees a vu Laaschent hir dee vun der Millebaach. Ee ‘kulturelle Weeweiser’ vun 1984 ernimmt donieft hei e puer räich Hief an eng Rei einfach Doléinerhaiser.. a lueft d’Haus ‘op der Bakes’. De Lokalmusée "Al Branebuerg" besteet net méi, seng haislech Gebrauchsgéigestänn aus dem 18. a 19. Jh. koumen op Bënzelt ‚A Schéiwesch‘; se hunn hei awer laang gehollef sech zreck ze versetzen an d'Zäit, an där de Carlo Hemmer dem Duerf seng ‘traute Winklichkeit von einst‘ appréciéiert hat.