Bus
1851 goufen zu Bus Fragmenter vu réimescher Architektur fonnt, beispillsweis Poterien a Brochstécker vun engem Mosaikbuedem. 1935 gouf en Deel vun engem Waasser-Réservoir entdeckt, wéi réimesch Piscine se haten, a kuerz drop en Zaldotegraf mat Säbel an anere Bäigaben. De Charles-Marie Ternes hat 1965 eng 130 Säiten déck Etude vun der RR1, der Réimerstrooss tëscht Duelem a Stadbriedemes gemat (an d’rr 17, Bous-Gréivemaacherbierg erwähnt säi Site iwwer d’époque romaine.) Et bestinn do typesch Ausdréck, z.B. ‘tëscht Himmel an Aerd plouen’ ass net déif genug plouen! E Lämmelchen’ housch do en typescht klengt Messer fir Gromperen ze schielen a ‘Muertentiertech’ ass eng traditionel Spezialitéit vu Bus. (D’Mixtur vu Muerten a Gromperen ass net sou heefeg wéi di klassesch mat Choucroute.) Eng Kaart vu 1717 weist e ‘Buez’, eng aner ‘Bousse’. Wéi al Schreifweisen verschwannen och Duerfcaféen, Bus huet nach di zwee eenzeg an der ganzer Gemeng.
Bus huet modern Infrastrukturen, vill Trafik, an säit 2003 e Contournement mat Rond-point. Dëse war mat der Renaturéierung vun der Bousserbaach fäerdeg, eng zweet Phase steet nach op! Hei dréit e Sproch ëm ‘Kriibse vu Bus’ an d’Weiergewan ass en ideal strukturéiert Fiichtgebitt fir en ‘Heckenéile’-Biotop. (D’Duerf hat bis 1789 zur Grofschaft Roussy (Rüttig) gehéiert a mat him di no Herdermillen. Dës war ewell am 9. Jh. als Siedlung „Herde“ erwähnt. Ancêtre vum Gaston Thorn waren hei Riichter säit dem 16. Jh., den éischte vun 20 Generatiounen war de Johann Thorn. De Wope vun der Gemeng Bous baséiert op hirer Vergaanenheet: de roude Léif op d’Grofe vun Roussy, d’sechs sëlwer Moletten (d.h. Sporen) op d’Familljen Roussy, Maguin vu Metz a Wiltheim an di schwaarz gekräizten Zeptere mat Lilien och op di Waldbriedemes’er Herrschaft de Wiltheim. - Di al Eech op ‘Kéionner’ beim Gemengebësch haten Experten 1981 iwwer 400 Joer al geschat, si war Zeie vu schwéiere Momenter... wéi z.B. d’Nopeschduerf ‘Neunkirchen‘ verlooss gouf.. ‘Neng Kirchen’ heeschen elo nach e Flouernumm an e Kierfech. Ronnebeemchen housch eng historesch Eech, déi bis 1935 am Buusserbësch stoung. An der franséischer Revolutioun hat de Fierschter eng Altorniche drageschloen, dass de Paschtouer Mathias Prost, dee keen den Eed op d'Republik geleescht hat, do eng Mass hale konnt. Zënter 1981 steet op där Plaz en iwwerdecktent Kräiz.
Eng Por ass d’Uertschaft zenter 1803. Hir kleng Kapell war fir d’éischt dem Eustache a spéider dem Lukas geweit, an hir Mauere koum spéider d’Gemengenhaus. Déi aktuell Kierch vun 1832 mam klassizistesche Giewel an dem vu Sailen encadréierte Portal gouf entretemps vergréissert an e puermol renovéiert. Hire Patréiner ass Gehanes, den Deefer. Géingt ‘Häerzgespan’ bei klenge Kanner besteet dem Buch ‘Mosella Sacra’ no zu Bus e Brauch, do krut den hl. Gehanes fréier en Häerz aus Wuess geaffert. Seng al Statu, déi vum Blasius an der hl. Famill komme wahrscheinlech aus der fréirer Chapelle St.Luc, déi vum Donatus an der Katherine aus där vum “Emeringer Haff“. Fir d‘Restauratioun an ‘optimisation thermique’ vun den 18 Kierchefënstren (vun deenen dräi vum Brücher sinn) hat de Gemengebudjet 2012 ronn 220.000 € en Réserve, an fir d’nei ‘Passerelle iwwer d’Bousserbaach um lieu dit "Kierchepad" nach 30.000.
Nokomme vun Busser Auswanderer an Amerika hunn do Grousses geleescht. Eng haten sech an der Kleederbranche eropgeschafft, an een krut mat engem Mataarbechter souguer e Nobelpräis! Am Haus vun hirem Jong, dem bekannte Kleederfabrikant Franz Dimmer konnt d‘Marie Francisca NN. vu Bus mat hirem Mann Mathias Dimmer vu Syren 1883 zu Toledo, OH, golden Hochzäit feieren. Wéi hien d’Schneiderhandwierk doheem onrentabel fonnt hat, gounge si 1854 an Amerika, hien huet sech an der neier Heemecht mat senge Jongen eropgeschafft a stoung 76 Joer am Beruf! D’Urgrousseltere vum Paul Christian Lauterbur, (1929-2007), deen 2003 zesumme mam Amerikaner Peter Mansfield de Nobelpräis fir Physiologie a Medezin krut, koumen och vu Bus. (De Michel Lauterbour oder Lauterborn a seng Fra Anne Heber waren 1848 vun hei an de Seneca County, Ohio, ausgewandert.) Der lokaler Plâtrière Maas-Thorn hire Numm hat och e gudde Klang, hirer Aarbecht gouf nämlech 1885 op der Antwerpener Expo universelle gewisen.
P.S. Bus ass als Wënzerduerf kaum bekannt, mä am Januar 2007 sollten hei 14 Leit mat Wangerte gezielt ginn. Vum Scheierbierg erof bitt sech eng herrlech Vue op Rolleng, Aassel a Bus, dat virun 2000 Joer am ‘Centre vun der Europe romaine’ louch. Heiduerch koumen d’Verbindung tëscht Tréier-Duelem grad wéi de Wee vum saarlännesche Kastel op Duelem via Réimerbréck vu Stadbriedemes. De Passage vum Kiem hat Avantagen... d’Réimer hate Raschtplazen donieft ageriicht a Kontakt mat noen Häff. De réseau économique war iwwregens lénks vun der Musel méi dicht wéi vis-à-vis. Nach haut gëtt d‘Duerf gelegentlech “Römisch-Bous“ bezeechent.. an net ze vergiessen, op dem Areal vum haitege Kierfech weist en heedneschen Tempel op réimesch Presenz hin. Als Familljenumm ass Bous tëscht 1880 an 1984 vun 41 op 66 eropgeklommen.