Buerglënster
Sproochefuerscher wëssen, dass d'Wuert Buerg mat "bergen" Famill ass - an op di nobel Aufgab vun de Buergen hiweist Mënschen a Wäerter ze schützen. Et baséiert op griechesch Wuerzelen, wou Tuerm pürgos heescht; d'Réimer hunn et iwwerholl an hir Wuechttierm burgus an am Plural burgi genannt. Bei Schlässer a Buerge läit meeschtens och en Duerf… sou och hei. Wéi di meescht huet och säin Numm fréier e bëssen anescht geklonge wéi haut. Linster war an der Epoch ëm 960 als Linceren agedroen, verréit dem Jean-Pierre Koltz seng Baugeschicht vun der “Stadt und Festung Luxemburg". Lincera mol mat c an mol mat z gouf fir d’éischt 876 dokumentéiert an 1098 als Besëtz vum Sankt Simeonstëft zu Tréier. Al Nimm si schwéier deiten; dëse geet eventuell op d’kleng Baach Linz zréck. D'Urpor Lënster um Rand vum Grengewald louch wahrscheinlech un enger virréimescher Strooss. Urporen entstoungen nieft ale Réimerweer. Ongeféier gläichal sinn d'St. Martin-Por Jonglënster, d'Mierscher Méchelspor, Luerenzweiler, Ur- Steesel an Ur- Schëtter.
Buerglënster war fréier eng Filial vu Jonglënster a gouf 1808 eng eege Por. De Kaploun Jacob Klein ass dunn zum éischte Paschtouer avancéiert. Et hat 1848 dann 561 Awunner - a krut 1853 fir säi Schoulbau 450 F. Subsid. De Grondsteen vun der haiteger Buerglënster Kierch gouf am Mee 1866 geluet. Si hat 15.000 Frang kascht, gouf no engem Joer ageseent vum Betzder Dechen an no zwee vum Beschof Adames geweiht. D‘Kierchefassad dekoréiert d’Statu vun der Immaculata vum Sculpteur Michel Deutsch. Hiert gréisst Konschtwierk trount iwwer dem Marber Altor mam Sëlwer-Tabernakelschräin aus de spéiden 1960ger. Dëst ass eng gotesch stenge Madonna mam Jesuskand aus der zweeter Hallschent vum 14. Jh.. Si staamt wahrscheinlech aus der Buergkapell a poetesch Zeilen observéiere si gutt: “Deng Mantelfalen halen et waarm, d’Kand op dengem Aarm, mä däin Häerz ziddert”(signéiert Mackes). D'Buerglënster Kierch huet kuckeswäert schmuel héich deels abstrakt Fënstre vum Joseph Probst; eng am Chouer mam hl. Willibrord an eng mam séilege Schetzel a Mënchskutt. (De Moler hat gär di kaum behandelt Themen; de Schetzel war fir hien eng erfreelech Erausfuerderung.) De fromme Mann sollt ëm 1139 no 14 Joer Eremiteliewen d‘lescht Rou an der Abtei Aalmënster fannen. Zwou holze Statuen vun net bekannte Kënschtler falen op duerch hir Eleganz: den hl. Bartelméiss als Apostel mat Buch an Dolch, a säi Pendant de Poopst Klemens mat Tiara an Hierdestaf. D'Bierger Kierch ass 1999-2000 restauréiert ginn, huet eng nei Uergel, eng nei Heizung a Plaz fir 140 Leit.
Am Laf vun der Zäit war “an der Buerg“, wéi ‘t lokal heescht, vill ‘va-et-vient’! Am 12. an 13. Jh. entstoungen eng Donjon–Residenz, eng Kapell an eng Enceinte. 1210 ass d' Beatrice vu Lënster als éischt Herrin dokumentéiert. Si an hire Mann Thierry de Fontoy, Senechall bei de lëtzebuerger Grofen, kruten d'Herrschaft Linster vun der Ermesinde (1196-1247) als Lehen. An der Bléi vum Rittertum war hei eng gréisser romanesch Buerg gebaut ginn a bal gläichzäiteg och déi vu Käerch, Simmer an Hesper. 1312 war en Henri de Linster bei der Kréinung vun Henri VII. zu Roum derbäi. D'gotesch Schlasskapell datéiert aus dem 14. Jh., mä hir Fondatiounen an de romanesche Chouer si méi al. Ee vun hire Geeschtlechen, e Johann von der Fels, hat 1480 en Haus an der Stater "Hossegässel". D'Nimm vun de Buergproprietäre sollten dacks changéieren. No de Seigneurs d'Orley (d’Ancêtre vum flämesche Moler Bernard d’Orley) huet am 16. Jh. d'Famill von Metzenhausen do gelieft; den Heinrich, Mann vun der Deelierwin Marie-Antoinette Boos de Waldeck, koum aus enger Hunsrücker Adelsfamill. Hire Fils Thierry gouf Statthalter, an de Jean 1531 als Johann III. von Metzenhausen de bedeitendsten Tréierer Erzbëschof nom Balduin vu Lëtzebuerg. (Hien hat historesch Bauwierker restauréiere gelooss an e Léierstull fir Ethik gegrënnt un der Uni Tréier.)
Deemols war de Buergsite streng an zwee gedeelt; deen een, d’"Haus Waldeck" hunn d‘Fransouse spéider groussendeels zerstéiert. D’Haaptgebai mat der Barockfassad an dem schéine Balkon haten d’Bridder Mungenast ëm 1750 gebaut, wéi d’Eve de Metzenhausen de Capitaine d'Infanterie de Zitzwitz bestued hat. (Dem Carlo Hemmer no gläicht d’Schlass haut baulech „einer Prozession aneinander gefügter Bauteile“ un där d’Kapellchen de Schluss mecht! De Bau goung finalement duerch verschidden Hänn. D’Famill Deitz hat en z.B. 1836 mat 270 ha kaaft an ‘t war zäitweileg e Bauerebetrib. De Staat huet en 1968 kaaft , restauréiert an 1982 als Monument klasséiert! Seng Raim an den historeschen Duerfkär mat der stilvoller zentraler Plaz, der Jugendherberg, dem Buer an der Kierch sinn Bijoue vun eisem Patrimoine an attraktiv iwwer d'Grenzen eraus.
P.S. D’Stroossebauer verdengen e Luef fir déi vu Gonnereng erof romantesch an d’Landschaft abezunnen Duerf-Entrée. Ee Kennerbléck fënnt hanner der Duebelschläif am no Norden oppene, vu Bëscher kadréierte Fielskessel eng “Häufung vu landschaftlecher Schéinheet“! Vum ‘Kierchtierchen’ housch et 1880 e géif sech an d’Luucht strecken géingt d’Fielse ronderem - haut kuckt en erof op d’excellent restauréiert ‘Pilotduerf’. Ëm 1900 entstoung eng herrlech Postkaartevue aus dem ale Porgaard op d’Buerg, an d‘Jugendherberg belieft säit 1952 dem 'Pëtzenhaus' seng barock Mauere vu 1781. (Dëst Patrizierhaus ass wéi d'Buerg Staatsbesëtz.) No Zeile vun 1974 spillen am uniquen ‘Heckentheater’ vu sengem Etagegaard am Summer 'Glühwürmchen und Mondschein‘ gratis mat! - Zenter 1980 invitéieren d’international Konschthandwierker-Deeg Mëtt Juni „an d’Buerg“. Bal d’ganzt Joer maache vun de ‘Frënn vum Bierger Schlass’ organiséiert Koncerten an Expoen aus den edle Säll en “haut lieu” vun eisem kulturelle Liewen. D’Schlasskichen bekacht een, neen zwee Restauranten an d’Annexe sinn op fir Bicherfrënn a jong Kënschtler. Zimmlech alldeeglech klengt donieft de Saz, dass hei d’Schoulinfrastruktur am Laf vun der Zäit de Besoinen ugepasst gouf. (Nozedroen bleift dës Info: Wéi viru gutt 150 Joer masseweis Lëtzebuergwer an Amerika ausgewandert sinn war 1852 de jonke Schmatt Nicolas Cigrand vu Buerglënster ënner hinnen. Hien huet do e Mennsder Meedchen bestued an hire Jengste goung spéider an d'Geschicht an als 'geeschtege Papp' vum amerikanesche 'Flag day'. Den Bernard John Cigrand (1866-1932) muss eng speziell Idee vu Fändelen oder Wopen an déif Heemechtsgefiller geierft hunn. A secherlech hunn d'Leit a sengem Ëmfeld sech mat enger gewësser Nostalgie un eis Buergen a Schlässer erënnert....