Lëtzebuerg - Bouneweg
D’Stater Gare entstoung 1858 op Bouneweger Terrain. Hir Rotondë vun 1876 sinn ‘denkmalgeschützt’. 20 Joer no hinne krut Bouneweg en Hippodrom. Ufanks Januar 1901 hat et véier Haaptstroossen an 2.748 Leit. Fir d’Kierfech’s- an d’Irmine Strooss méi breet ze man koum 1925 e Staatleche Subsid vu 500 Frang. Den 3. Januar ass d’Fest vun der helleger Irmina, der zweeter Patréinesch vu Bouneweg an och Rouspert. Déi aus der zweeter Rei sinn op d’mannst esou sympathesch wéi d’Haaptpatréiner an hunn a schwéierer Zäit munnech engem Trouscht bruet’... steet geschriwwen.
Bouneweg ass bont a méi autonom wéi di aner Stad-Deeler! Säi Nord-Quartier huet vill Auslänner, vill Jonker, gutt Busverbindungen an en agréabelt ’No-Erhuelungsgebitt’ bei der Uelzecht. De Südlechen, awunnerrméisseg gréisste Staddeel huet e Volleksbildungsveräin, Gaardefrënn an e Lycée technique zënter 1989 mat diversen Atelier’en, Laboratoiren a 40 Klassesäll. Den Zentrum offréiert Geschäfter a breet Trottoiren. D’Plaz Léon XIII. läit an der Verlängerung vum mëttlere Kiercheschëff. E Bléckfank no bei der Place du Parc mam Kiosk an historesche Lanne-beem ass d’Klouschterpuert vu 1636. Si gouf 1931 ofgedroen a no 57 Joer nees opgebaut.
E Réckbléck verréit, dass d’éischt Bouneweger Kierch 1888 geweit gouf, 6 Joer drop Chouer an Tuerm krut an zënter 1897 eng eegestänneg Por ass. De Quartier koum 1920 zur Stad. Bommen hu seng Kierch um Enn vum 2. Weltkrich zerstéiert - a nieft hir 21 Haiser total, 16 schwéier, 45 mëttel an 174 liicht beschiedegt! De Grondstee vum neien Halebau war am Hierscht 1949, säi Plang koum vun den Architekte Reuter a Loschetter. E war da mat der Krypta, 2 Quierschëffer an dem 42 M héijen Tuerm 1954 fäerdeg. Säi Material an d’Konschtwierker stame vu Lëtzebuerg, vum Albert Hames, Charles Kohl, Emile Probst a Ben Heyart. Just de Regina-Pacis Mosaik op der Fassad ass vum Gabriel Loire vu Chartres. D'Fënstere vu François Gillen, Gust Zanter, Joseph an Emile Probst weisen d’Kunigunde, d’Irmina an aner lëtzebuerger Helleger.
Vläicht intresséiere sech muncher vun de ronn 18.000 Awunner (an den ëm 60 % mat frieme Päss) fir Lokal-Geschicht.. Ënner der Ermesinde hat 1238 ee Geriicht-Dokument ‘Bonne-voie’ ernimmt. Dës Plaz um Kiem hat schonn am 11. Jh. als Deel vun der verspreeter Por Hollerech en Hellegtum, dat der Irmina geweit war an eng Leprose-Kolonie; dës koum no 1200 op de Sichenhaff. Op ‘Bonnevege’ koum op en 3 Ha groussen Terrain eng kléischterlech Néierloossung vun adelegen Dammen, ‘die das Wohlwollen der luxemburger Grafenfamilie fand und sich dem Zisterzienserorden anschloss’, liese mer! Hir Abtei no bei der Festung war e puermol verbrannt a frësch opgebaut ginn. 1542 sollten Zaldote vum Charles d’Orleans beim Schéissen op Dauwen d‘Feier verursaachen! No der 4. Zerstéierung, 1794, koumen eng Noutkapell an eng Händschefabrik an d’Klouschterruin. A Bouneweger Händsche goufe bis 1897 an Amerika exportéiert!
D’grouss weltlech a kierchlech Summerkiermes ass säit 1908 den 2. Juli-Sonndeg mat Buden a Kiermesspiller op der Place Jeanne-d’Arc a virun der Kierch. An den 1850ger gouf mat Hamm gefeiert, sonndes no Mäertesdag; da war um ‘leschte Steiwer’ an de Café’en Héichbetrib. D’Aarbechter aus der Duchfabrik vun der Schleifmillen a spéider d’‘Bunnerten’ haten hire Kiermes-Patt och wuel-verdéngt! Last not least krut 1908 den hei gebuerene Physiker Gabriel Lippmann de Prix Nobel. No him gouf de Centre de Recherche Public benannt; säi Papp war Chef vun der Händschefabrik an enger Tannerie... a seng zwee Protégéën de Pierre an d' Marie Curie.
P.S. Selten op Photoën sinn d’excellent organiséiert Vollekskichen an der ‘rue du puits’ an den 120 m laange Bürokoloss bei der Rocade. Ob d’Wuert Bonnevoie vum Kiem rr13 vun Duelem heihin via Haassel - Itzeg vu ‘Bona Via’ oder 'Bonus vicus' ofgeleet ass? Dem Boulevard Kaltreis säi Numm bedeit wéineg ergiebigen Ackerbuedem, mä 't louchen do emol réimesch Bauruinen, Dépendancë vun enger ‘ferme de belles dimensions’ déi iergendemol verwüst goufen.