Béiwen un der Atert
Den Uertsnumm Béiwen un der Atert ass éischtmols 1218 an der Aktesammlung vum Aansebuerger Cartulaire opgedaucht. (Deemols war Henri V. grad gebuer a Lëtzebuerg gouf duerch déi ëmsichteg Gräfin Ermesinde zu engem “blühenden Landstrich.” Am noe Scheierbësch soll fréier eng Ritterbuerg gestanen hunn mat engem Tunnel zur mëttelalterlecher Useldenger Buerg. D’Viichtbaach, den Helperknapp an d’Atert wéissten z’erzielen, dass hei emol Germanestämm gehaust hunn an Hecken ëm de klengen Uert stoungen. Déi zwou al Béiwener Brécken hunn de leschte Krich gutt iwwerlieft. Seng am 15. Joerhonnert mentionnéiert Bannmillen war bis 1948 a Betrib, mä sollt 1967 verschwannen. D‘restauréiert eeler Haiser hunn deels déi fir d‘Géigend typesch rout Téin. D’Kierch huet eng rosa Fassad. (Rosa huet eng diskret Eleganz, als Faarf vum Häerz di verfeinert Qualitéite vu Rout an ass rezeptiv fir Altriusmus.)
Béiwen un der Atert gouf bei enger Vollekszielung vun der Irminen Abtei am August 1759 mat Bëschdref a Brouch ernimmt. Et hat laang zur aler Por Helpert gehéiert, där hire Sëtz um Enn vum 18. Jh. op Bëschdref koum. (Vun där huet et sech no enger Zäitche getrennt a gouf mam Gréiweknapp, Fënsterdall a Bill eng eege Por.) Den Helperknapp war iwwregens schonn am Mëttelalter e klenge Wallfahrtsuert. De Karel de Groußen hat verfügt, d’Leit aus de Filialdierfer misste jäerlech an d‘Mammekierch pilgeren an do hir Affergowen ofliwweren. Den Terrain fir d’éischt Kapell (vu 1420) vum fréiere ‘Buwan’ a ‘Buwenges’ haten d’Seigneure vu Roudemaacher an Useldeng cedéiert fir eng järlech Rent vun 2 Säck Fruucht. D‘fréier Kapell gouf nom Plang vum Antoine Hartmann jun. 1854 ersat. D‘nei Porkierch huet dräi Schëffer a sechs Sailen; se steet nieft dem geräimege Kierfech am Duerfkär an ass ’Mariä Gebuert‘ dédiéiert (..dem Fest, dat um Kalenner ‘Nativité’ heescht.) D’aktuell am Joer 1900 gebauten Helperkapell gesäit bal aus wéi hir kleng Schwëster.)
Als Niewepatréiner gëtt hei den hellege Valentin veréiert. De “Béiwener Männerchouer” organiséiert Sonndes ëm Vältesdag déi traditionell Kënnbackestee am Kultur a Sports-Center „am Lëtschert“. Dës ass net méi aus dem Duerfliewen ewechzedenken an hiren Erléiss geet un d’Kierchefabrik; (2010 koumen dobäi 1935 € eraus.) De Välten gouf zënter jeehir vill am Atertdall ugeruff fir Randbéischten a Schwäin ze schützen… D’Bauere koume vu rondrëm heihin d‘kleng Kiermes feieren, där hiren déiwe Sënn allerdéngs den Dank fir gesond Déiere war. Dee populäre Bëschof, mam Buch a ‘Weckelkand’ zu Féiss, gouf heefeg mam hl. Corneille invoquéiert fir d’Heelung vun der Epilepsie (wat dat ’bandagéiert' Kand erkläert.)
Ënner dem Paschtouer Jos Hansen gouf d’neogotesch Porkierch an de 1960ger moderniséiert; d.h. beim „Billerstuerm“ si klassesch Kierchemiwwel ersat ginn. Gegrënnt gouf deemols de lokale Männerkouer. Sangen am Veräin lenkt vum Alldag of… an ass wéi d’Gebiet “fir den intellektuelle Geescht wat d’Otmung fir de Kierper ass.” (Claude de Saint Martin). D’abstrakt Fënstere vum Zanter hu geschwongene Lignen - déi eenzeg al iwwer der Entree ass signéiert mä ondatéiert. 1962 krut d’Duerf e neit Paschtoueschhaus an d’Kierch eng drëtt Klack - an ënner dem Här Guill 1982 d’Westenfelder Päifenuergel. Nodeems d’Gemeng d’Gebai baussen an d’Rei gesat hat, krut de sakrale Raum no der Chrëschtvakanz 2007 och bannen en neie Glanz. Vun de Statue sinn dem Hulten seng majestéitesch Tréischterin vu 1965 ervirzehiewen, an d‘Barockfigure vum Välten, Willibrord an der Barbara. D’konschtvoll skulptéiert Cäcilia ass e Geschenk vum Männerkouer, deen et ëmmer nees versteet „Gefiller an Téin ze kleeden“! (Clara Schumann)
2007 koum d’Atertpor mat siwen aanren zum „Porverband St. Willibrord Helpert“ - deem seng 15 Kierchen a Kapellen den Abbé Joël Santer ëmsuergt. Säi Wierkungskrees wär nach méi grouss, wär net tëscht Useldéng, Béiwen a Bëschdref nom 30-järege Krich Kauschdref (mat 70 aneren Dierfer) vun eiser Landkaart verschwonnen.. Viru 1648 haten Zerstéierung, Honger a Krankheeten (engem Dichterwuert no) eng ‘besonnesch andrénglech Lyrik ëm d’Vergänglechkeet hannerlooss.‘ Verschwonne Plazen a vergruewe Schätz sinn d’Spezialitéit vun der Archeologie. Zu Béiwen koum 1886 (am Stammhaus vu senger Mamm) de Joseph Hackin op d’Welt, e franséischen Archeolog mat lëtzebuergeschen Originen. Hien huet op der École du Louvre enseignéiert a war Conservateur am Musée Guimet zu Paräis. Him hätt eis nächst Notiz gefall: Den Areler Musée huet di bei Béiwen fonnte Marberbüst vun enger Keeserin aus der Flavierdynastie! An aus där Zäit staamt dem Keeser Titus säi Begrëff vum ‘diem perdidi’..(“Hätt hien een Dag laang kee glécklech gemat, wär dat e verlueren Dag gewiescht.”) (Text deels a.d. 'Kierchtuermscauserien')
P.S. Den Atertdall zu Béiwen an de Mont Royal, den héchste Punkt vu Montréal, hunn eppes gemeinsam, den 233 m héijen Niveau iwwerëm Mier. Um Weltwaasserdag 2009 huet hei eng Promenade niewebäi iwwer d’Waassernotzung an den Héichwaasserschutz informéiert! D‘véiert Klass vun der Madame Rischette hat am November 2005 de Parrainage vun enger 100m laanger Baachstreck (vum 38km laange Waasserlaaf) iwwerholl. Dobäi goufen d‘Breed an d’Déift vermooss, d’Vitesse vum Waasser an den Débit berechent a souguer d‘chemesch Waasserqualitéit bestëmmt. Als lescht nach e puer statistesch Chiffren.. Am Hierscht 2013 louch d'Awunnerzuel bei 813 - 't goufen 2008 an der Gemeng 171 Trakteren a ‘Machines agricoles’ gezielt - an 2006 genee 2186 Randbéischten, 504 ha ‘terres labourables‘ an 745 ha Wisen. Eng aner Zielung ergouf 1999 an der Gemeng offiziell 27 Bauerebetriber: d‘Sektioun Béiwen mat 13, Bruch mat 9 a Bëschdrëf mat 5! Virun100 Joer, (1913) hat en amerikanesche Rapport iwwer Lëtzebuerg betount, hei géifen haaptsächlech Bauere liewen an d’Buedemkultur a landwiertschaftlech Instruktioun hätten eng extrem Wichtegkeet.