Boukels (Housen)
Als eeler Variante vum Uertsnumm Boukels fënnt ee Bukels, dat laang en Deel war vun der Housener Gemeng. Duerch Fusioun mat der Konstemer an der Houschter krut dës 2012 eng nei Dimensioun an d‘Bezeechnung Gemeng Parc Housen. Et gouf en Éirebaam als Symbol fir deen neien Ufank geplanzt, e véier Meter héije wëlle Käschtebam, en ‘Aesculus hippocastanum Baumannii’ mat gefëllter Bléi. Boukels läit 55 km vun der Stad. ‘t huet 49 Awunner an einfach Stroossennimm: Ënnescht Duerf, Ewescht Duerf an Haaptstrooss. De Waasserreservoir steet um zweethéchste Punkt op 499m, den héchsten ass ‘op dem Laangenecker’ op 501m. Hei wéi a sengem net vill méi groussen Homonym aus der Gemeng Géisdref gëllt d‘Sprechwuert: d‘Mënschen, net d‘Haiser maachen d‘Duerf. - D‘al Schoul hat hei fonktionnéiert bis 1957, hir zwee lescht Kanner hunn d‘Elteren duerno op Housen geféiert; de Schoulbus existéiert säit 1992. Den haut verschwonnene Schoulraum hat emol als Veräinssall gedéngt.
Boukels ënnerstoung laang mat ëm 40 Uertschaften der Seigneurie Clierf, déi 1624 als ‘très ancienne et de grande étendue’ beschriwwe gouf. ‘t war an de 1640ger op der Lëscht vun 20 ausgeraiberten Dierfer (mat Wäicherdang, Munzen, Maarnech etc.) D‘säitlech geleeënd Housen hat eng gewësse Wichtegkeet fir säin Entourage; duerch d‘Lag un der Strooss Leck-Lëtzebuerg (an domat verbonnenem Handel) an duerch d‘1132 do gebauten Augustinerinnen-Abtei fir nobel Dammen. D‘ëm 1550 ‘importéiert’ Kutsche gesouch ee sécherlech och op éisleker Stroossen. (D‘Kritik ‘Kutschenfahren’ wär fir Faulenzer a géif männlech Daperkeet beanträchtegen’ däerft op daf Ouere gefall sinn. D‘gutt al Zäite sinn et eigentlech ni ginn. Et gouf ëmmer eng Evolutioun duerch Katastrophen (duecht de Léopold Hoffmann). Tëscht 1759-‘62 krut de J. B. De Lannoy Problemer mat Nopeschdierfer (ë.a. mat Eselbuer, Boukels a Fëschbech) wéins der Clierfer Bannmillen. (abbaye-clervaux.lu). Momentopnahmen aus verschiddnen Epoche weisen ob d‘Liewen heirëmmer liicht oder schwéier war. D‘Ferraris Kaart reproduzéiert 15 rout Boukelser Diech vun zwee oder dräi Gebaier pro Parzell, vun Eenzelhaiser, e puer l‘fërmeg Hief an ee gréisseren an U-Form.
D‘Boukelser Kierch huet d‘ ‘taille d‘une chapelle’. Se gouf mat der Kiercheplaz 1968 ‘monument classé’ an 1996 banne restauréiert. Am Steen iwwer hirer Entrée ass 1734 agemeesselt. An deem Joer hat de Jean Jacques Scholtes vu Munzen se gebaut mat Hellef vun Awunner, déi et als Éier gesouchen eng Hand unzepaken. Se huet ë.a. Statue vun hiren zwee Patréiner Valentin an Donatus, eng nei Marieskulptur, en imposante, polychroméierten Altor a klassesch Bänken. Hir 6 Fënstre vun ëm 1935 beliichten Themen (z.B. d‘Bestiednes mam Bildtext ‘Ein Herz und eine Seele’) a stamen aus dem Atelier Linster. D‘Duerf hat virun 1803 zur Por Munzen gezielt, dann zur Housener. ‘t ass rar ernimmt, mä 1450 hat e Bréif vun engem Clierfer Här do eng Kierch attestéiert (a fälschlech supposéiert hirt Gelauts wéillt viru senger Attack warnen.) - Friddlech stinn d‘zwou wäithi siichtbar remarkabel Lannen an Direktioun Lellgen. Si bewaachen e Schieferkräiz vun 1865, sinn ënner Naturschutz a ware geplanzt ginn als Merci vun der Koppel Fischels-Spartz. 1956 war di gréisst 18m héich an hire Kroundiameter louch bei 17m! (Adm. eaux et forêts) - De Lex Jacoby war hei emol Schoulmeeschter; seng ‘betrachtende Prosa’ war bekannt fir Verbonnenheet mat Natur, Landschaft a Saison. (P. Marson) Seng Weieren hate Boukelser Fëschdreem inspiréiert mam Titel „nachts gehen die fische an land!“
‘La Voix’ hat un d‘fréier Kënnbackestee vu Boukels erënnert, déi op Feltesdag no gesetzlech verankerte Konditiounen (vum 14.02.1906) gehale gouf! Eng Notiz vun 1928 erwähnt dem Quarzitsteebroch an der "Freng" bei Bukels seng géih Seelbunn ‘am Wollefslach’, 32 Leit déi do geschafft hunn an en Exploitatiouns-Stop, eng aner ernimmt tëscht 1920 an 1938 eng S.A. als Exploiteur. Vestige vum Steebroch veréiwegt de Site www.industrie.lu/quarzitsteinbrueche. - Den Uertsnumm Boukels sollt ufangs ‘Buchholtz’ sinn an op d‘no Bichebëscher zréckgoen. (Dem däitschsproochege belschen Uertsnumm Beho schreiwen Archiven d‘keltesch Wuerzel "Behot" zou, wat "bouleau" gouf, "Bocholz" oder "Bockholtz". Dës Localitéit entstoung also am "bois de bouleaux" - tëscht Birken. - Dank den am Krich an de Kasematte verstoppten Ënnerlage vum lëtzebuerger Dictionnär gouf (laut Henri Rinnen) d‘al Viraarbecht fir seng 5 Bänn komplétéiert; 1977 sinn Bockholtz/Clerf doran mat 68 Leit an Bockholtz/Wiltz mat 102 agedroen. Momentopnahme weisen mol Statistike, mol mënschlech Ingeniositéit. D‘Amerikaner hate Mëtt Dezember 1944 Kach, Chauffeur a Schreiwer mat agespaant – de 17. hunn hir Regimenter am Raum Housen-Boukels d‘Géigner ofgewiert. D‘bei engem Gefaangene fonnten däitsch Generalstabskaart huet hinnen d‘komplett Ausmooss vun der Ardennenoffensive virgeluet. (E.T. Melchers) (Boukels hat deemols 18 vu 24 Haiser beschiedegt an Housen all, d.h. 197.)
P.S. D’kleng Uertschaft Boukels lait um Chemin repris 324, un enger villbefuerener Verbindungsstrooss vun der N7 a Riichtung Kontrollstatioun Wëlwerwoltz. ‘t bleift nach ze soen, dass et annerhalwe Bauerebetrib huet, nach di al Molkerei an eng dynamesch Kulturkommissioun an der Gemeng. Dës organiséiert ewell e puer Joer speziell guidéiert Wanderungen an d’Nuecht eran. Dëse sougenannte Moonlight Walk hat 2015 de Start zu Roudersen ë. a. iwwer d‘Spure vu Schmuggler. D‘Joer duerno goung et zu Naidsen iwwer Bierg an Dall an 2017 kënnen d‘Intressenten am August Plaze mat legendärem Touch an eventuell al Traditiounen ëm Boukels nei entdecken. Als Wonsch dozou e liicht adaptéierten al-iresche Sproch: ‘waarm Wierder op killem Owend, Vollmound (wéi gewënscht) an donkler Nuecht an en agreablen Heemwee.’