Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Boukels (Géisdrëf)

Boukels, Bockholtz, zielt zu der Gemeng Géisdrëf an dem Kanton a Porverband Wolz. Seng Awunnerzuel louch Mëtt August 2016 bei 83, ‘t huet zoufälleg ee méi wéi Enn Oktober 1848 (laut dem deemolege mémorial législativ). Seng Drenkwaasserleitung speist den 1985 gebauten 29 Meter héije Waassertuerm vun Dol, deem säi Waasserbehälter op 4 Stäipe steet. Um roude Feld vum Gemengewopen symboliséiert ee vun de 6 gëllene Stäeren d’Kadaster-Section Boukels - an d’Eech de charakteristesche Bam vun der Regioun. An Ëmfeld vum Duerf ‘am Kranz vu Bëscher an Hecke’ kéinnte sech Feeën a Kobolde verstoppen. Den Tolkien-Illustrateur Alan Lee hätt hei kënnen Inspiratioune fanne fir seng Zeene voller Detailverléiftheet. (Dëst schreift een, deen emol zu Lëtzebuerg seng ‘patrie d’adoption’ hat, de Jean-Claude Sacerdot.)

Dierfer déi op engem Site millénaire leie vermëttlen Andréck, wéi d’Kelten s’emol hei sammele konnten. Si hu Päerd veréiert a Seef, Fässer aus Holz an Toungefässer hirgestallt. “Die Notwendigkeit ist die Mutter der Erfindung...“(Plato) D’Kanéngercher hunn d’Réimer domestikéiert an net just am Éislek sollte Spatzen, déi sech a Schmuebelnäschter breet mouchen, alt emol vu Schmuebelen agemauert ginn. (A. Paquet, Clärrwer Kanton, 1995) Den Uertsnumm Bockholtz daucht fir d’éischt ëm 1281 op als „Boyheltze, Boycholz“ an enger Güterschenkung, 1334 als „Boholtz an eng Weil drop als Boicholtz, Buchholtz oder Bochholtz“. (E gëtt éischter vun Bëscher an Hecken ofgeleet wéi vun engem germaneschen Held Bocco.) Am 16. Jh. war Bockholtz-sur-Sûre am Repertorium Germanicum ënner deenen an ‘d‘Diözes Lüttich ‘aufzunehmenden Orte’! (Dat anert méi klengt ‘Bockholz-lès-Hosingen‘ gëtt mat Buckels iwwersat.) Ënner dem Ancien Régime huet den Terrain vun der Gemeng zur Seigneurie Wolz gehéiert. 1795 gouf d‘Gemeng Goesdorf mat hiren haitege Sectiounen duerch Beschloss vum “Comité de Salut Public de la République une et indivisible“ dem Kanton Wolz zougedeelt. Eng éischt Lëscht vun de Gemengeréit geet zréck an d’Joer 1803. v Wéi d‘Méchelskapell zu Boukels an de 1740ger den Hl. Välten als Patréiner hat, koume vill Pilger op sengem Fest duer an d’Houmass mat Festpriedegt an uschléissender „Kënnbaackstee“. (Dëse Brauch gouf entretemps nei belieft.) - Di éischt dokumentéiert Kapell hat Mgr. Andreas Strengnart 1605 konsekréiert. Si gouf 1734 duerch eng nei am Duerfzentrum ersat, vum Baumeeschter Andress, engem Tirouler aus Wolz. D‘Konstruktioun am ländleche Barockstil ass dann no 35 Joer baulech verännert ginn. En aalt Sonndesblat bezeechend hiren Héichaltor mat Kolonnen an enger Aart Baldachin als klenge Kleinod. Dëse war ‘eihgens für si geschaffen‘ vum Meister Nilis Wolter vun Esch/Sauer, deen de Jean-Georges Scholtus influencéiert hat (schreift d‘Cronica Huberti.) Eng vu sengen zwou Mechelsstatuen huet e Flameschwäert an eng ‘Seelenwage’ an d’Mariestatu steet do ‘wéi eng Grande-Dame’. Hir Fënschtre mat Symboler wéi Fësch, Broutkuerf a Christusmonogramm si vun ëm 1950. Den extra verschafften ‘Daachreider’ observéiert d‘Duerfstroosse säit ëm 1769. – Ganz schlëmm war et heirëmmer an der Rundstettoffensive. D’Statistik hällt fest, dass déi 62 Géisdrëfer Haiser futti waren, an den aneren Dierfer v. d. Gemeng keent méi ganz war ausser zu Boukels; do goufen 13 vun 51 Gebaier beschiedegt. - Zimmlech rezentes: D‘Choralen aus véier Dierfer hu kierzlech fusionnéiert a nenne sech “Sängerfrënn Caecilia Gemeng Géisdrëf“. Och d’eenzel Pomjeeëveräiner mouchen dat fir méi effizient ze schaffen.

D‘2,8 km laang Boukelzerbaach entspréngt op 459m um "Wäissesteen" bei Géisdrëf a fléisst op 244m bei der Boukelser Millen an d‘Sauer. Dës Mille fënnt een ronn 4 km vum Uert Giewelsmillen; Zeile vu 1766 ernimme s’als Mahlmühle vum Friederich Schleich (mat ‘Sägemühle und Lohmühle mit Gerberei.’) Iwwer den éischte Schoulmeeschter vu Boukels, den Herr Clement, beriichten d’Geschichtsbicher 1845. Kuerz virum 2. Krich gouf d’Schoul zougemat wéins Mangel u Schüler! Se sollt awer duerno nees funktionnéieren.. Och Dirbecher Kanner koumen dohinn. Haut léieren s’all an der Grondschoul zu Nacher dass d‘Léiren ‘Brot des Geistes‘ ass. (Schiller) Eng vun de Legende vum Jasmännchen dréit ëm en ale Pergament aus dem Krakelshaus vu Boukels. De Jasmännchen hat et fäerdeg bruet d’al am Backhaus fonnte Schrëft ëm e vergruewene Schaz z’entzifferen mä sollt näischt dovu verroden. Hie wollt de Schaz fir sech behalen! - E besonnesche Wäert hunn Haiser, déi ‘klasséiert’ goufen. Den ’immeuble dit «Ferme d’Huart» (bâtiments, y compris le mobilier faisant immeuble par destination) aus der Section E de Bockholtz koum am September 1999 an den ‘inventaire supplémentaire des monuments nationaux’.

P.S. Wat nieft Boukels (säit 1984 ouni ‘tz’ geschriwwen) aus der Vuggelsperspektive engem Labyrinth gläicht ass d’Trainings-Piste vum nationale Motocrosssport. E gudden Observateur sot hei wär e ‘sol capricieux mais beau comme un dieu’, e belschen Amateur vun deem Sport lueft deem circuit panoramique seng ‘dénivelés impressionnants.’ Op dëser Piste, déi héich Uspréch stellt, gouf beispillsweis 1997 de grouße Präis vu Lëtzebuerg fir Motocrossmaschinne vun 500 ccm ausgedroen. Dobäi kréien di eng, wa se drun denken, schonn eng Héngerhaut, anerer gesinn am Cross en Défi an nach anerer denken un d’Zitat vum Rilke… ‘ass eppes schwéier, muss dat e Grond méi sinn et ze maachen’.