Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Biwels

Am September si 60 Kiermessen iwwer d’Land. D’Kiermes erënnert un d’Consécratioun vun enger Porkierch. D’Kiermessen hunn eng laang Traditioun a gëllen als d’eelste Fest, dat Duerfbewunner säit Jorhonnerten zesumme feieren. Se hu wuel geännert… an ass de kulinareschen Deel eppes manner laang, gouf en dofir da méi raffinéiert. Bei eiser Stippvisite an engem Duerf wou Kiermes ass, gi mir si mam Fanger iwwer d’ Landkaart tëscht Veianen a Wäiswampech a fanne 50 km vun der Stad, bal wéi op enger Insel… Biwels, am herrlechen Ourdall.

Biwels (Bivels) läit an der Gemeng Pëtscht uewen u Veianen - um 7 km laange Stauséi vun der Our an zielt 103 Awunner. 1854 entstoung hei e Steebroch an t’ gouf kuerz drop ‘Banlieue de Vianden’ genannt!  D’lescht Jorhonnert gouf d’‘Imkerei’ d.h. Beienzuucht hei grouss geschriwwen; a 1903 hunn d’Beienziichter sech zesummen dem Fotograph gestallt. D’Vue op d’Buerggemaier vu Falkenstein vis-à-vis impressionéiert, obwuel d’Buerg säit 1679 eng Ruin ass. De Victor Hugo hat se Falkenfels genannt. Nieft enger Eech erënnert en Text-Panneau mat Skizz un dee Pionéier vum kulturellen Tourismus.

Biwels hat fréier deels de Falkensteiner Hären, deels dem Grof vu Veianen gehéiert. Al Dokumenter ernimmen 1332 Biweiltz a 1529 Bevelis… D’fréier relativ aarmt Bauerenduerf, (dat ‘mol als dat äermst vum Land ugesi gouf), hat mat engem Saz säin ‘hinterwäldleresche’ Charakter verluer. Et ass an d’20. Jorhonnert gesprongen a gouf e klenge Bijou am Naturpark Our. An seng Schoulmauere koum ee Gîte rural… mat Plaz fir 14 Persounen a munnech Biwelser Leit kruten am neien Entourage aner Gewunnechten. Nom Bau vum Barrage war ufanks de 1960er Joeren een Deel vum Uert iwwerschwemmt ginn. 16 nei Haiser an d’Lambertuskierch koumen op e kënschtleche Plateau un de Bord vum 150 m breede Stauséi… agebett a gréng Hiwwelen.

Iwwer Bierg an Dall hat et den Adrien Ries vu Biwels zufouss op Compostella gezunn... 2.286 km! Hie goung 1987 den 1. Mee op de Jakobswee a koum de 7. August un! Virdrun hat hien a sengem ‘Bivelser Tagebuch’ (1978) e verhängnesvolle September Dag beschriwwen, op deem 1939 hei d’Our-Bréck an d’Luucht geflu war: Eng Kou hat nämlech mat hiren Haren eng verstoppte Minn am Gestrëpp zum Explodéiere bruet... ‘t gouf Schuedenersaz gefrot an d’Foussgängerpasserell ass geschwënn ersat ginn. D’Buch erënnert och un e franséischen Opkläerer, pilotéiert vum Capitaine de Saint-Exupéry, deen hei d’Grenz vun uewe fotographéiert hat! An et bemierkt ‘..Biwels wëllt kleng sinn a kleng bleiwen, d.h. och net haart schwätzen a lues goen.’ En anere philosophesche Betruechter vun der Our vermutt, dass hiert Waasser sech fir seng Metamorphose schummt; no sengem gewinnte Nomadeliewen hei siesshaft ze sinn huet en Ëmgewinnen erfuerdert! D’Biwelser Këppchen bitt eng herrlech Aussiicht op den Dall an op dem Veianer Pompspäicherwierk säi Staubassin um Niklosbierg. An dat Wierk war ufanks dat gréisst vun deem Genre weltwäit, et faasst ëmmerhin 10 Milliounen Kubikmeter...

P.S. Laanscht dem sougenannte Läichewee vu Biwels op de Niklosbierg gouf e "Point de vue" ageriicht op d’Plaz vun där aus de Victor Hugo de Méander vun der Our tëschend Veianen a Stolzebuerg gemoolt hat. Virdrun hat di nei Grenzzéiung vun 1815 zur Folleg, dass Biwels sech no der Trennung vu sengen elo däitsche Nopeschdierfer Keppeshausen a Falkenstein länger Zäit eläng gefillt huet. Haut ass et  ‘une des perles de la commune de Putscheid’ an där d’Leit vun enger exceptioneller Rou profitéieren, der natierlecher Schéinheet an enger splendider Vue op de Lac.