Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Biissen - Wobierg

Als Wobierg bezeechent den Diktionnär e Flouernumm bei Biissen. Op deem grad emol 262 Meter héije Bierg ass ewell am 17. Joerhonnert d’Pescht- oder Kräizkapell dokumentéiert. Hire wäisse Bau mat den 20 m héije Marounen-oder Käschtebeem mecht op Photoen e landschaftlech harmonescht Bild. De sougenannte “Biisserdag” gouf am Joer 1866 an hire Maueren mat enger kierchlecher Feier ageféiert fir d’Cholera ofzewenden!

D’Rouki-Kapell um Biisser Wobierg gouf 1636 an Zäite vun der Pescht gebaut. Fennëf Joer virdrun war der "Usine de Bissen" hir Grënnung. A Plaz vun den ale Lannen, déi an de 1950ger um Buedem en Ëmfang vu 5 m haten, halen haut Käschtebeem Wuecht. Eng traureg Episod an hirer Geschicht war hiert Entweihe vun der franséischer Revolutiounsarméi. Nom Zäséiere gouf de Bau kuerz als Schoul genotzt an duerno als Aarmeleits-Wunneng. Wéi zu Biissen zwee Joerhonnerte spéider a 5 Wochen 62 Leit Affer vun der Cholera-Epidemie ware gouf d’Kapell nees an d’Rei bruet a nei konsekréiert. No beim bausse modeste Bau steet d'lescht vu 7 Kräizer vum ale remarkable "Calvaire", mä ‘t ass eng Kopie. D’Original war och 1854 bei där schlëmmer Epidemie renovéiert ginn an ass elo an der Porkierch.

Zum 150. Anniversaire vun der Kapell "St. Roch" hirer Konsekratioun war hei eng dekorativ Käerz entworf... a méi wéi een Evenement organiséiert ginn. En Theaterstéck vum Henri Trauffler baséiert op historesche Momenter vum Wobierg.. an eng nei Versioun dovun veréiwegt eng CD mam Titel "d'Kapell um Wobierg”. Eng Promenade duerch d'Bëscher rondrëm d'Duerf féiert laanscht d’al Maueren an deenen de Rouki speziell um 1. Oktobersonndeg veréiert gëtt. En ass mam Hond op enger vun hiren am ganzen 10 Osterrath -Fënstere vu 1931.Viru ronn 10 Joer gouf d‘Biisser Helleg-Kräiz- oder Roucki-Kapell renovéiert. Zanterhier gëtt si nees méi genotzt fir Hochzäite, Massen a Concerten. Am September 2010 krut si nämlech eng dem Baustil vum Interieur ugepassten Uergel vun der Lëntgener „manufacture d’orgues.. Mat hir gouf de Wonsch vum 2006 iwwerraschend verstuerwenen Doumorganist Carlo Hommel erfëllt! De Richard Wagner sot iwwregens emol „d’Kierch hätt eis als ‘tönende Seele der christlichen Religion‘ an eedelst Ierfschaft d’Musek hannerlooss.“

D’Rouki-Kapell gëllt mat hirer eemoleger Atmosphär haut als Kleinod vun der Gemeng. Zur Lag vun der Uertschaft Biissen gëtt gesot: ’t ass ee vu néierens wäit ewäch an vun iwwerall séier do! Dëst confirméiert, dass si fortschrëttlech a mat hiren Awunner aus ëm 36 verschiddene Natiounen multikulturell ass. Zum iwwer 1000 järege Biissen gëtt et ënnerschiddlech Numm-erklärungen: Héchstwahrscheinlech ass en aus zwee keltesche Wierder zesummegesat… aus Bys - dat heescht courbure, an „en“ wat rivière, also Baach, bedeit - deemno hätt d'Atertkurv him zu senger Bezeechnung verhollef. D’Ferraris Kaart schreift um Blat 242 Biessen mat ie an weist seng Forge als Agglomeratioun vu roude Gebäier.

P.S. An der Stader Festungs-Geschicht daucht 1795 eng sëlwer Rochus-Statu op aus dem Peschtjoer 1615; si sollt mat konfiskéierte Klacken ageschmollt gi fir Mënzen ze prägen. Mä dëst hu Stater Bierger verhënnert… der Figur hiert Sëllwergewiicht a Mënzen opgewiën an dës geaffert…. wéi kee Geld méi do war fir d'Garnisoun ze bezuelen! - Wann och ewell 300 Joer laang zu Biissen Industrie bestinn… konnte si net verhënneren, dass munnchee Reesféiwer krut! Den hei 1785 gebuerenen George Baum war éischtens als Napoleonsdénger ënnerwee.. a gouf duerno ee vu villen Amerika-Auswanderer. Säin 100. Gebuertsdag huet en 1885 zu Dry Bone am Iowa op Dräikinnecksdag gefeiert! - Roukidag housch zu Veianen fréier lokal ‘Troukesdag’.