Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bungeref

D’Bungerefer Mille läit 3,5 km vum Duerf an 155 m méi déif - an huet eng laang Geschicht. E ‘Fransousesteen’ aus der Zäit vum Napoleon ass an hir Gaardemauer agebaut. Um Kadasterplang vu 1824 huet se 21 m Längt an zwee Waasser-Rieder; an hei gouf ëm 1930 souguer Mais aus Amerika gemuel. D’Millen ass zou säit de 1950ger a war dann zäitweileg als rustikal Auberge du Moulin bekannt ...  'Bigonville' (oder Bondorf) feiert ugangs Mee Kiermes; 't ass bekannt als jovial Uertschaft a versteet et Fester z’organiséieren, sief dat 'um Wäschbuer', 'en Dräschdag', oder och ‘Kiermes wéi fréier…’

Bungeref oder Bigonville huet 496 Awunner; 12 % vun der Rammerecher Gemeng. 1848 waren hei 690 Leit. ‘t hat eigentlech 3 mol Kiermes am Joer, d’kleng Blasi- an t’kleng Donati Kiermes an di grouss op Quirinus-Dag! Op hir ass Mëttes e Concert, an um Virowend gëtt den Hämmelsmarsch gespillt an traditionell de Meekranz opgehaangen. Fréier koumen d’Gäscht mam Zuch op Flatzbur a blouwe munnechmol bis ‘Daaschtes'. ‘t gouf da mueres frëschgebake Kranzkuch mat Ham oder wäissem Kéis! Haut ass kee Bäcker méi hei a 1997 (nonzeng-honnert-siwen-a-nounzeg) huet di lescht vu 5 Epicerien zougemat. Hei soen se ‘Zallts’ fir Salz, 'Hount' fir Hond a' Brigder' fir Bridder.

1182 ass Bungeref urkundlech erwähnt. ‘t hat bis an d’19. Jorhonnert ee Schlass om Site vun enger Réimervilla. Säi leschten Tuerm ass 1830 verschwonnen. Ëm e Brugdermuerd dréit hei eng Legend: Um Enn vum 12. Jh. hat d’Baronin Anna vu Friedbuerg, dem heitege ‘Buergfried’, hei gelieft mat hirem Jong a sengem Hallefbrudder. Aus Jalousie hat de Wolfram dee Jéngeren ëmbruecht, wat e spéider als Eremit an der Wolwener-Klaus bereie sollt! Viru kuerzem gouf en Theaterstéck geschriwwen iwwer de ‘Brugdermäerder’. - Um ale Kierfech nieft der Kierch stinn Éisleker Grafsteng aus den 3 leschte Joerhonnerten. D’Kierch vun ëm 1740 huet prächtege Barockmobilier vu 1743 vum Scholtus, en Haaptaltor mat korinthesche Sailen, e lenke Säitenaltor vun de fréiere Schlasshären an am Chouer hir Ahnentafelen. Bau an Miwwel si Monument Classé. Ënner de Paramenter fällt eng schwaarz Kasel mat Goldkräiz op vun 1850, mat engem Wopen an der Inscriptioun, dëse gräflechen Don  a Masse fir d’Famille de Monflin-Bondorff ze droen. D’Schlass an eng derzou gehéiereg Wiss ernimmt en Akt vum 8. Januar 1790, an d’Ferraris-Kaart vu 1777 weist säi Grondrëss. Deen ass allerdéngs manner riseg wéi d’Zeechnung vu Losange et weist, mä dat war vläicht just e Projet… oder en Draamschlass!  Aus der Ëmgéigend koume fréier Pilger op Bungeref an d’festlech Blasius-Mass hiren Hals seene loossen; ‘t wär hei méi wierkungsvoll, gouf gesot! (Et gouf jo och deen Dag net geschafft..) Net ze vergiessen... di 1688 dokumentéiert Donatus-Kapell – an di aktuell vun 1873 nieft der uraler markanter Lann. Si, di lescht vu 4 di am Quadrat ronderem d´Kapell stoungen, gesouch regelméisseg Pressessioune mat 2 bis 3000 Pilger. Mä net emol de Wiederhellegen konnt hir Gevuedesche vu Blëtzaschléi verschounen!

Soe mer nach, dass ënner den historesche Waassermille vum Naturpark Uewersauer di Bungerefer erausstécht als eng vun 33 Kinnecksmillen - an ewell 1320 an Urkunde stoung. (Momentan ass si eng vu ronn 25 Mikrozentralen zu Lëtzebuerg, déi 4,5 Millioune Kilowattstonne Stroum pro Joer liwweren. Et ass also wichteg si um Liewen z'erhalen.) En ale Porregeschter ernimmt hei dräi op Mëller bezunnen Hausnimm... ‘Millesch’, 'Aalmillesch' a ‘Neimillesch’ an erwähnt donieft och en Notaire. Dëst war ier hei beim ‘Dallwee’ un der Sauer tëscht Bigonville an dem belschen Tintange de Grenzsteen Nummer 174 stoung.

P.S. Bei der ‘Battle of the bulge’ waren am Duerf mat den ënnerschiddlechen Endungen (op däitsch Dorf, Bondorf an op franséisch Ville…) 38 Haiser verbrannt plus e puer Feldscheieren a Schäpp. D' Brandkatastrophe war esou schlëmm, well d'Haiser ouni Oftrennung unenee gebaut waren.. De 24. Dez koum et hei zu engem fuerchtbare Panzerstroossekampf. Wéi owes de Kanton Réiden bal ganz ‘feindfrei’ war, krute jidder amerikaneschen Offezéier an Zaldot eng Käertchen vun hirem Generol mat ‘Merry Christmas’ Wënsch. (' I have full confidence in your courage, devotion to duty, and skill in battle. We march in our might to complete victory. May God's blessing rest upon each of you on this Christmas Day.' G. S. Patton, JR.,Lieutenant General Commanding Third United States Army.) Op der Récksäit stoung e Gebiet: 'Almighty and most merciful Father, we humbly beseech Thee, of Thy great goodness, to restrain this immoderate rains with which we have had to contend. Grant us fair weather for Battle. Graciously hearken to us as soldiers who call upon Thee that armed with Thy power, we may advance from victory to victory, and crush the oppression and wickedness of our enemies, and establish Thy justice among men and nations. Amen'.  (D'dozougehéiereg Quellen > Originaltext "Bondorf-Bungeref", Das Oesling im Krieg, Fritz Rasqué, 1946 /Copyright © 1997-2010 by Guy RIES)