Bierden
Bierden koum 1906 an d’Gemeng Ierpeldeng - virdru war et an där Ettelbrécker. Et läit op engem Héichplateau, dee sech geologesch gesinn op sougenannten ofradéierte ‘Schichtekäpp‘ ausbreed - a gelueft gëtt als ‘site naturel d'une grande beauté‘. D’Duerf steet um Wee Waarken-Burschent hoerschaarf nieft der Grenz tëscht Guttland an Éislek. An hänken Niwwelfatzen do iwwer de Bëscher oder dämpt d’Natur, gëtt sech u Spréch erënnert wéi ‘d'Fiiss baken‘! D‘Variante dovun heescht ‘wann d'Fiiss baken... da gëtt et Reen‘. (Engelmann) Tëscht Ierpeldeng a Bierden, d.h. op 3,5km steigen d’Héichtemetere vun 202 op 400. (Zum Vergläich: Burschent an d‘Burschtermillen hunn 203m Ënnerscheed.) Seng Awunnerzuel sollt d‘500 bis elo ni iwwerschreiden. Am Januar 2006 hat et 460 Leit an 2012 just 5 méi, präzis 400 Einheimescher a 65 Net-Lëtzebuerger. De 15km laangen Uewersauerwee passéiert de Bierdener Héichplateau, deem seng Panoramavue bis op den Härebierg an d’Koppe vun der klenger Schwäiz ëmmer nees begeeschtert!
Historesch Schrëfte mentionnéieren d’Duerf éischtmols am Joer 1235. Dem Titenbösch zwësche Bierden a Welschent säin ausgefalenen Numm erënnert un de Kaiser Titus, deen do emol soll gehaust hunn. ‘t sollen an där Géigend alréimesch Fundamenter an réimesch Mënzen am Buedem leien. Hei hat emol eng Buergjoffer vu Bourschent a grousser Nout eng Haupert-Kapell versprach. (Wéi en Hond mat Tollwut si am Bësch attaquéire wollt, huet hiren eegnen Hond si verdeedegt a sech fir si sakrifiéiert.) Der Soo vun der Grofenduechter no entstoung de versprachene Bau ëm 1450. D’Soo ernimmen Bicher vum Jean Haan an Nik.Gredt an Notize vum Jean Engling. – Der aktueller Bierdener Hubertuskapell goufen am Dezember 2004 fir hir 250 Joer eng faarweg Brochure an en Aquarell vum Carlo Haas dédiéiert. Si steet am alen Duerfkär mat dem Kierfech niewendrun. Un der Chouerréckwand repetéire sech d’Nische vun den aacht Fënstren mat reliéeise Symboler vun ëm 1950.) Hiren 2. Patréiner ass den hl. Antoni. D’Kapell war laang an d’Por Welschent intégréiert a gëtt haut als Ierpeldenger Filial verwalt. Se huet eng nei Hubertusstatue iwwer der Entrée an de Grafsteen vum Geeschtleche Chiny (+1865) gouf banneneran transferéiert. (Net ze vergiessen, dem E. Donckel säin Hiwäis op d‘lokalt Quirinushellegtem.)
Um Bierdener Hals ass e Mëschwald aus Ahorn- a Lannebeem. Eng al Notiz ernimmt 1878 den 33 ha grousse ‘Gehöferwald’, de leschten am Land, dee Besetz vu 6 Bauere vu Bierden war an dee soss keen huet dierfe betrieden! E Gesetz vun 1982 ernennt den Ëmweltministère Bestëmmer a Verwalter vun eise Schutzgebidder; zu dësen zielt och d’Bierdener Scharflay, e ‘massif forestier d'un intérêt particulier’ wéins senger exceptioneller Schéinheet. Vum Sosthène Weis existéiert en Aquarell vun 1937 mat Bléck erof op de Bierderhals mam Dall tëscht Ierpeldeng a Mechela. Hätte mer eng Zäitmaschinn, kéinnte mer eis an d’éischt Faart vum Zuch Ettelbréck-Ëlwen duerch de 67m laange Bierdener Tunnel (vum 15. Dezember 1866) era versetzen! Seng haiteg Streck gouf 1860 duerch d‘Flossdäller bis bei d‘belsch Grenz festgeluet an tëscht 1862 an 1866 eegleiseg gebaut. (D‘zweet Gleis war virgesinn a gouf ronn 50 Joer duerno realiséiert.) Wéins dem ‘geschlängelten‘ Dall waren 18 Tunnellen an 51 Flossbrécken néideg (an hanner Ettelbréck ass haut eng maxi Vitesse vu 95 Stonnekilometer erlaabt.).
’t passéiren heirëmmer Trëppeltier tëscht Burschent op Ierpeldeng vun 13,8 bis 24,5 km Längt. Op den Héichte vis-à-vis vun der Sauer gesäit een theoretesch den Zuch an de Bierg eran- an erausfueren. A vum Victor-Hugo-Pad aus, dee via Branebuerg op Veianen geet, fällt d’Vue op d’Uertschaft Bierden „mit spitzem Kirchturm und schiefergepanzerten Dächern, die zum Greifen nah in der Sonne glänzen - doch unnahbar sind wegen des trennenden Sauertals und der steilen Schieferhänge am jenseitigen Ufer…“ (Carlo Hemmer) D’Duerf, dat haut déck 4 mol méi Awunner zielt wi ëm 1900, huet e Centre Culturel, ‘a Maesch‘, d‘Crèche ‘Bierdener Butzen’ a flott Stroossennimm wéi Impasse du Berger, um Kettenhouscht, an der Hiel’t oder op Kräizfelder. Um 10. Internationalen Dag vun der offener Gaardendier hat hei d’Famill Kemp en Abléck erlaabt an hiren ale Baueregaard mat iwwer 200 Rousen a Skulpturen. ‘t gesäit een, dass hei offe Mënsche liewen. A komme ‘gro Deeg, drëpst Reen op d'Strooßen a schingt d'Welt stëll ze stoen... da gesäit ee säi Spiggelbild an de Pill a fënnt zou sech selwer‘… (mengt e lyresche Liichtbléck vum Damaris Wieser). D’Blummen um Memorial fir 150 Joer Onofhängegkeet iwwer dem moosbedeckte Steen symboliséiere ‘Liewen, dat jo am klengste Moos wéi an der gréisster Palm dat selwécht ass‘. (Goethe) Moos war fréier e Glécksbénger!
P.S. Op besonnesche Plaze fënnt ee méi wi eng Soo. Bei Bierden sollt e Schlass stoen, an eng schwéierkrank Prinzessin soll no intensive Gebieder an der Duerf-Kapell geheelt gi sinn. Virun hirem Doud hat si dann der Bierdener Kapell all hir Lännereie vermat (an op dëse ginn haut nach al réimesch Géigestänn fonnt.) (Gredt). E Schaz fir sech sinn d’Wuerterklärunge vum Engelmann: dorënner ass z.B. och de Loubënner (en Aarbechter, deen d’Eechenlou am Duerf Bierden zu Loubiirden, d.h. zu Fäsche bënnt. D‘Gewiicht vun esou Eechebiirden war am Handel 52 Pond, wouvun d’Seeler 2 Pond ausgemat hunn.) De Begrëf Louklëppel bedeit mol ‘abgeschältes Eichenstämmchen‘ mol ‘ungeschlachter Mensch‘. De Gospelsong “Lay my burden down“ huet kee Rapport mat eisem Bierden, mä Zeile wéi dës… ‘When I lay my burden down all my sickness will be over‘ bezéie sech op eng Laascht. Den Text sollt wahrscheinlech Mënsche Courage man, déi symbolesch gesinn keng liicht Fäsch ze droen hunn, a krut den hoffnungsvolle Refrain ‘Glory glory hallelujah‘.