Beetebuerg
D’Beetebuerger Gemeng an de Kulturzentrum sinn an engem Schlass; a sengem Mäerchepark, hanner der Entrée an mam aparte klengen Tiermchen, hausen d’Schnéiwittchen an d'Rotkäppchen a schléift e Riis. Am Mëttelpunkt vu senger Zooschoul stinn Déiere vun alle Kontinenter. Wëllef ware fréier hei wierklech, 1594 ernimmt seng Landmeierei Virschrëfte fir eng Klappjuegd géint d’Wëllefsplo.
D’Uertschaft war an ass nach e wichtegen Eisebunnsknuet. Wéi d'éischt Ligne 1859 Lëtzebuerg mat Diddenuewe verbonnen huet koum d'Post vu Fréiseng heihin. Am Intervall vun zeng Joer goufen d'Zuchlinn op Esch an d' Elisabetherinnen Altersheem gebaut an eng Aptikt installéiert. Nodeem 1884 Schinnen op d'Diddelenger Schmelz gefouert hunn a geschwënn drop och op Uespelt waren d'Verbindungen ideal. D'Gare an d'Douane hunn dem Uert e formidablen Obschwonk bruet -1921 hu 746 Beetebuerger bei der Eisebunn geschafft, net ze vergiessen d’Plazen an der Molkerei oder an der Zillefabrik beim Jacquinots-Schlass. 1929 gouf dann d'Gasbeliichtung ersat. (Net ze vergiessen: haut ass d’Rangéier-Gare Beetebuerg mat hiren 28 Sënnergleiser déi gréisst am Land.. mä se läit op Diddelenger Gemengenterrain! S’entstoung kuerz no 1980 a gouf spéider nach mat engem Container-Terminal vergréissert.)
Al Dokumenter mentionnéieren ëm 878 en Don vun engem halwen Hektar Terrain zu Betheberch un d'Abtei Iechternach vun 2 Dammen Doda an Adelarde. D'Beetebuerger Herrschaft gëtt ernimmt an de Joren 1182 an 1190 mam Philippus de Bettenbergh, 1235 mam Wirich. 1203 hat de Grof Theobald vu Bar a Lëtzebuerg, éischte Mann vun der Ermesinde, (*1186) den Haff Beetebuerg als Pand kritt vum Henri vu Grandpré. D'Ermesinde huet et zu enger Landmeierei mat 17 Dierfer erhuewen. (Am Ënnerbezirk vun der Probstei hu Landmeier Chargen als Verwalter, Geriichts- a Finanzbeamten.) 1294 goung fir Beetebuerg duerch den „Droit de Beaumont“ de ‘servage’, d.h. d'Leibeigenschaft zu Enn; et krut gewësse Rechter. D’Uertschaft hat am Laf vun der Zäit vill Buerghären, ënner aanren déi vu Miersch a Falkenstein. Am 15. Joerhonnert hat et dräi adeleg Haiser. Wéi 1677 de Seigneur Bertram von Zievel si all opkaaft huet, ass de Schlassberéng mat 241 ha Land ernimmt, a 1683 Ruine vun enger Tuermhiwwelbuerg. Säi Fils Lothaire gëllt als Erbauer vum haitege Schlass. De Spéitbarockbau vu 1733/34 mam typeschen zentrale Schaaschtech hat den Dummeldenger Schmelzhär Charles Jos. Collart-de Donnéa 1807 kaaft. Den Antoine Auguste Collart huet e spéider restauréiert. D'Zoukippe vum Waassergruef sollt di grouss Parkanlag erméiglechen. Intressant ass hire „fer forgé“-Barockportal aus dem Refuge vu Sankt Maximäin. Zanter 1971 ass d'Collart’s Schlass Gemenge Propriétéit. Aus der Collarts-Famill koumen iwwregens dräi Beetebuerger Buergermeeschteren. (Den éischte 'Maire' gouf am Abrëll 1800 de Nicolas Klensch vun Obler.)
D'Duerf um Bord vun der Uelzecht war bis 1767 Deel vum Porsëtz Obeler, obwuel et mat senge 60 Haiser méi Awunner hat an och méi eng grouss Kapell wéi d'Mammekierch. Duerno entstoung e neit Kiercheschëff ënner dem Iechternacher Baumeeschter Mungenast. (Dräi Greeff-Altär vu 1714 goufe 1772 ersat, senger Statue si nach an der Sakristei.) No der Franséischer Revolutioun hat et e Friddensgeriicht an en Dekanatsëtz (zu deem Esch bis 1952 gehéiert huet), an et war net grad 40 Joer laang Kantonshaaptuert. Nieft senger groussendeels bäierlecher Populatioun hunn och en Dokter, en Notaire, e Schneider, e Wiewer, e Schouster an e Schmatt do gewunnt. Well se ze kleng war, ass am Joer 1884 d'Kierch ofgerappt ginn. Wéinst dem Iwwerschwemmungsrisque krut de neie Bau extrazolidd Felementer 50 cm iwwer dem Stroosseniveau. (D'Pläng ware vum Pierre Antoine Kemp, deen och d'Diddlenger an d'Rollengergrënnesch Kierche gebaut hat a fir technesche Fortschrëtt mä géint stilistesch Experimenter war.) D'Konsekratioun vun der neier postromanescher Kierch mat engem Haapt- an zwee Säiteschëffer an d’Grënnung vun der Chorale waren de 17.Oktober 1889. D'Fassad mam Tuerm, der Entrée an de Säitentiermercher kuckt no Süden. Der Kierchepatréinesch Maria assumpta hir schéin holze Statu vu 1772 steet vun Engelen ëmginn um Säitenaltor. Hir Kopie bewaacht d'Kapell beim ale Klouschter. Hiert Liewen erzielen konschtvoll al Säitefënsteren vum Brücher, am Chouer degagéire sechs méi neier vum Frantz Kinnen e mystescht Liicht. Dee beim Restauréiere reduzéierten Haaptaltor wierkt méi modern, erhale blouwe säi Mosaik mat bibleschen Zeenen an déi al holze Beichtstill. De niddregen Altor ass a Stee gehaen a korrespondéiert gutt mam skulptéierte Kräizwee vum Hulten vun 1963. Seng Figuren hunn Déift a stellen, wéi de Rodin sot, "e Spill vu Liicht a Schiet duer". Um Grafmomument am Fong symboliséieren zwou liewensgrouss Figuren eng weltlech Herrschaft. (a.d. „Kierchtuermscauserien“, Text vun 2006)
P.S. Zum Industriestiedchen sengem Porverband zielen Hunchereng, Obeler, Näertzeng a Fenneng, an dës fënnef haten als Gemeng den 1.1.2011 ronn 3.600 Menagen. Beetebuerg huet nach gutt erhale Weekräizer: e Peschtkräiz un der Mauer vum Schlasspark an eent bei der Entrée vum Klouschter, béid vu 1605 an inspiréiert vum Steekräiz um Nordflilleck vum Stater Palais. Wäertvoll ass och d'Kräiz um "Delfelseck" vu 1620 mat Engelskäpp. Konscht konfirméiert: "Dat wat ee seet verflitt am Wand – mä dat, wat ee mécht, dreift Wuerzelen." (K. Waggerl)!