Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bëttel

Bëttel fënnt een am Naturpark Our südlech vu Veinen, deem säi Schlass engem Poet no aus der Distanz engem “jouet d’enfants” a vun no enger “bastille” geglach hat. Seng vun der Plaz inspiréiert Stroossennimm sinn ë.a. op der Knupp, op der Ho, Gaessel, an de Längten, bei der Bréck an am Bréckefeld. ‘t huet natierlech och eng Veinerstrooss, zielt awer zur Gemeng Tandel. D’Dierfer laanscht d’Our an d’Sauer leie säit dem 15. Abrëll 1815 un der lëtzebuergescher Ostgrenz, (Noper war dunn d’Kinnekräich “Preisen”.) Op eiser Reliefkaart bléckt de Bettelerbësch op dat däitscht Roth erof, an op d’fréiert Zollhais‘chen dëssäit der Bréck, dat haut Tourismuslektür ubitt.. Soe mer nach, dass déi haiteg Bréck aus dem Joer 1955 mat de Widderlageren eng Längt huet vun 42 m an en néng Meter breeden Tablier aus Beton-armé.. (Hir Virgängerin hat 1874 e staatleche Subsid kritt vun 3000 frn, a gouf beim Réckzuch vun der Wehrmacht no 70 Joer gesprengt.)

Bëttel ass net heefeg an Dokumenter ernimmt. Mä de Victor Hugo hat d’Géigend bei sengem 4. Veianer Séjour “pays de tanneurs et d’éleveurs d’oies” genannt. An de Mechel Rodange soll do gesot hunn... ‘la nature est belle même sous la pluie et les nuages’ (A. Link, Renards de Vianden) Fréier huet et zur Gemeng Furen gehéiert an no der Fusioun zur Tandeler. Al Postkaarte vu 1920 a ’25 weisen di zwee Original-Benniën "an der Hellt" hannerëm Duerf, wéi d’Strooss Bëttel-Veianen laanscht d’Our nach net bestoung. „Veiner Benny“ housch d’Schmuelspuer-Bunn, déi tëscht 1888 an 1948 a Betrib war! Haut féiert eng Velospiste iwwert Zuchstreck op Veianen. D'Geschicht vum "Benny" an der ‘Bëttler Gare’ veréiwegt e Buch. D’Gare" am noe Bësch hat de Furener Friemeverkéiersveräin tëscht 2003 a 2005 opgebaut als "Lieu de rencontre public et culturel’. Laanscht d’Schinne verleeft iwweregens d’Grenz vum Guttland! Véier haut majestéitesch a restauréiert Sëllwerlannen sollte wahrscheinlech d’Gare „agrémentéieren“! (Laanscht d’Velospiste schlängelt sech säit dem internationale Gaardefestival v. 2007 een 100m laange symboleschen Holzdraach a Riichtung Furen. D’Iddi dovu war Poesie, Simplicitéit a Kraaft mateneen ze verbannen!)

Am gutterhalene Bëtteler Duerfkär sinn imposant Bauerenhief, deels aus dem 18. an 19. Jh. (Dräi Gebaier goufen hei 2008 'Nationalmonumenter'.) Am noen Héischdref (Hoesdorf) gouf fir d’Leit vun hei ‘die Bëtteler Spëtteler’ gesot, a soss am Spaass zu klenge Kanner ‘Lo geet et no ‘Betteldoheem’ (fir Bethlehem) wann ‘t Zäit war fir an d’Bett! Dem Dicks säi Begrëff “mackeg wéi en Zwiirsfuedem” hat hei eng lokal Variante: Huet en zaart oder midd Kënnche sech un d’Mamm gedréckt housch d’Exküse ‘et ass mackig op de Bän.’ (Engelmann.lu) Hei war allerdéngs kaum ee midd a mackeg um riesege Quetschefest oder um ‘Alweiberbal’; béid an och de Café gëtt et allerdengs net méi.. Mä um Stroossefest op der Gare op Nationalfeierdag an um Treppeltour an d’Natur, den éischte Mee, gi Kontakter geflegt. Dem Adrien Ries säi buedemstännege Réckbléck betrëfft méi den Alldag: ‘d’Natur hei huet ëmmer Hartnäckegkeet, Ausdauer a Kengheet verlaangt, de Buedem, d’Weeër an d’Bierger hu vu Mënsch an Déier Extremes gefuerdert.’

Der Haupesch-Kierch vu Bëttel hiren Tuerm dekoréiert eng zimmlech perfekt ronn Zwibbel aus Koffer. Hir rechteckeg Fënschtre vun 1958 hunn eng verspillt, welleförmeg Bläifaassung mat groussendeels Motive vun der Schöpfung. D‘Ornamenter vum Wilhelm de Graaff stellen ë.a. Fësch, Igel an Hues duer, Kochel a Märiis‘chen. Vum Glasatelier vun Essen-Werden kënnt och d‘Ronnfenster mat Déierekreeszeechen. De Chouermosaik staamt vum Paräisser Barillet, d‘Statioune vum L. Nosbusch. Den 150 cm héije Pietà-Relief vum Pierre Berchem säitlech um Tuerm figuréiert als Monument aux morts, Seng nobel Contouren, an douce Harmonie lueden an zum Recueillement. Um Duerf-Verschéinerungs-Programm stoung 2000 en ‘éclairage de style’. Bei deenen haut ëm 350 Awunner “kann d‘ländlech Rou Begeeschterung a Freed ginn, déi Stiedter net hunn”. (J.G. Zimmermann, schwäizer Dokter a Philosoph) An ‘t heescht ländlech Rou kéinnt och aus batterséisse Gefiller frëndlecher maachen. D’Distanz an d‘Stad, grad wéi déi op Tréier, ass grad emol 46 km.

P.S. Lescht Chiffren: Der Statistik no waren 2007 hei 318 Leit registréiert. Déi 89 km laang piste cyclable des Trois Rivières passéiert 30 Uertschaften vu Schengen bis Veianen! D'Our entspréngt am Héije Venn a weess zu Bëttel wéi et ass e Séi ze sinn! Si speist jo de Biwelser Lac a leeft no 78 km am Grenzuert Wallenduerferbréck an d’Sauer. De Victor Hugo soll si irtëmlech “Rour” genannt hunn. Him war eis Sprooch jo och friem. - An der elsässer Mondaart bedeit bëttlen biedelen a ‘flehentlich bitten’. An hir sougenannt ‘Knabensprache’ nennt e Bëttel e Schoulsaack ‘aus Zeug’ d.h. aus Stoff, an opdrénglich Mënsche ginn do mat Stürbëttler, d.h. mat Steiersammler verglach. DWierderbicher hunn (dem Sproochmates Alain Atten no) d'Roll e Bild dovun ze vermëttelen, wéi de Leit an verschiddene Géigenden de Schniewel gewuess ass.