Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bartreng

Bartreng housch emol Berthinga an Bertrig, wat op fränkesch Originen hiweist an op e Chef Bertho oder Bertran. 1987 hat et 1000 Joer Por gefeiert. En dobäi zitéiert Dokument vun 1278 ernimmt nieft dem Heinrech vu Bartreng de jonke Pierre d‘Aspelt als neie ‘curé‘ (a säi Monnonk, de Réimecher Pordekan Paulinus vun 'Aspalt' als Verwalter.) Op d’mannst theoretesch konnte si d’Yolanda, d‘Mariendaller Priorin treffen als eng vu véier Besetzer vum kierchleche Patronatsrecht vu Bartreng. Dem David Kirt seng nei Publikatioun iwwer de Mainzer Kurfürst Péiter vun Uespelt ënnersträicht, dass Bartreng eng vun de wichtegsten am Land a keng aarm Por war. Se sollt nämlech dem Tréierer Erzbeschof Balduin Steieren abréngen. Deem jéingere Brudder vum Henri VII. hat en Zengtel vun der Bartrenger Buerg gehéiert, verréit d‘Buch ‘Balduins Burgen’. Déi al Waasserbuerg sollt iwwregens den Henri IV. ëm 1171 zerstéieren.

Buerghären hunn de Numm Bartreng bekannt gemat, beispillsweis hat den Henri de Bertrange 1226 d‘Fräiheetscharte vun Iechternach matënnerschriwwen. An d‘räichhalteg Lokalgeschicht ernimmt 1244 e Robert vu Bartringen - an d‘Bridder Gottfried a Wyrich un der Spëtz vun den Edelleit bei de Kréinungsfeierlechkeete vun Henri VII. 1312 zu Roum. Dem Jang de Blanne seng illegitim Duechter Colette krut d‘Herrschaft Bartreng als Dot beim Mariage mam Gerhard vu Rodestock. En Deel vun der Seigneurie hat de Gouverneur Mansfeld 1548 kaaft an 14 Joer drop der Madeleine de Schauwenburg verkaaft, der Fra vum Jean I. de Naves vu Messancy. Wéins der relativ noer Festung goufen de „castrum Bretenghes“ (Bertenges) an d’Duerf öfters a Krichzäite verwüst; d‘Pescht hat et 1636 reduzéiert op just 38 bewunnbar Haiser.. D’kleng Lokalitéiet "Huweringen" (zur Leidelenger Säit hinn um ‘lieu-dit‘ "op Pouwering") sollt deemools verschwannen. - Täscheguiden wéi dee vum Roger Bour werfen historesch Blécker op Buergen a Schlässer. Der étappeweis entstanener Schauwebuerg hir Entrée belieft z.B. eng Tak mat Wope vun 1582, an d’Ost- a Nordfligele verschéinere Renaissancefënstren. Ëm 1780 wollt ee vun hiren Deelbesetzer, de Baron Jacques Philippe Joseph d'Huart en 'Tapéitewiessel‘…a 1785 stoung säin neit Schlass am Uewerduerf, no bei der haitger Barrière. Säi Fils Jean-François-Joseph war dräimol hei Buergermeeschter. E vu sengen Nofolger, den Adoptivfils Alexandre de Colnet d’Huart war Finanzminister an de Regierungen de Tornaco a Servais. Déi nom Haffmaréchal Frantz de Colnet d’Huart benannte Fondatioun war deels en Don un d‘Croix-Rouge (an Deels eng Vente.) Hir Inauguratioun als Vakanzhaus war 1948. S’ass finalement e Kannerheem an d’Schauweburg eng Konschtgalerie.

Am August 1849 huet Stroossen sech vun der Gemeng Bartreng getrennt, haut hu si eng interkommunal Industriezone - an där ural Mënzen a Schiebele vu Poterien ënnerem Buedem leien. Den Ënnerbau vun der gallo-réimescher Palastvilla Bourmicht ass säit 1847 bekannt. Hir Plaz steet am Kadaster als ‘Rothen Zillen’. D’do fonnte Fragment vum berühmte Bas-Relief mam ‘Gaulois mourant’ ass am Musée. An de Mausolée de Bertrange, d’Graf vun enger räicher Adeleger (mat ‘erliesenem Schmock‘,) datéiert ëm 560/570 no Chr. - Wéi al de vum Pol Tousch ausgegruewene lokale Spottnumm “Bartrenger Lilatouren” ass oder de Begrëff ‘Latur’ (vun la Tour) (wéi déi vun hei am Geck houschen...) wéisst vläicht nach een vun de Proprietaire vum Findelser-, Boforter-, ale Gréiwels- oder Luerenzscheierhaff. Den ewell 1795 ernimmten Domaine de Grevels war den 9.9.1944 bei der Liberatioun verbrannt - seng Plaz hëllt de ’rouden Haff‘ an. D‘stèle du souvenir erënnert un d’deemoleg amerikanesch Victoire. Symbolesch fir dat traditionnellt Bartrenger «Hunnefest» stinn säit 2004 bronzen Henger ëm en Hunn op der Plaz beim Schlass.

D‘Nordsäit vun der 1847 mat neiem Chouer a Quierschëff vergréisserter St.-Pierre-et-Paul Kierch staamt wahrscheinlech vun der uraler Porkierch. Se huet wéi hir Virgängerin vun ëm 1701 en aspect gothique tardif (d.h. ‘t goufe schéin al Steng dra verschafft.) Hir gehéieren e konschtvollt spéitgotescht Missiounskräiz an en Ensembel vu edele roude Gewänner mat barocke sëlwrege Broderien. Si sollen aus der Neimënsterabtei stamen. D’liewensgrouss Fassade-Madonna (17. Jh.) iwwerëm Portal ass wahrscheinlech mat där aus dem Stater Kapuzinerklouschter identesch. De Raum dominéiert en 1984 restauréierten Altor vum Jean-Georges Scholtus. D’nei bronze Kräizweestatioune vum Bettina Scholl Sabbatini vu 1989 weise wéi zäitgenössesch Konscht sech mam Leide vum Mënsch auserneesetze kann. Den éischte Patréiner St. Péiter weist op den héijen Alter vun der Por hinn. De charakteristeschen 57,64 m héijen Tuerm gläicht enger ’aiguille svelte et élancée’ a gëllt als Emblème vun der Uertschaft.

P.S. En architektonesch intressant Bartrenger Härenhaus no beim ’Bureneck’ ass vu 1768. D’Stadhaus vun den (elsässesche) Baronge vu Schauwenburg war an der Philippsgaass, op Nr. 34, do wou 1964 de Centre Louvigny koum. An der franséischer Revolutioun hunn d’Herrschafte sech zréckgezunn an den Elsass. An der Mëtt vum 19. Jh. hat d’Duerf un der jonker Péitruss eng ‘vocation agricole’, ronn 200 Haiser an iwwer 1000 Awunner. An de 1960ger koum ‘t un 3000 an 2005 op 6000 Leit. D’al Flouernimm Rueder, Riedgen, Bierbësch an Eechels bezéie sech op seng net grouss mä raisonnabel Distanz zu de Bëscher. Nei kléngen d’Nimm vu remarkable Monumenter wéi ‘Nubia’ (L. Heidelberger) am Park Helfent oder “Liewensspiral” (M. J. Kerschen) op dem Kierfech. De moderne Centre culturel et sportif Atert ass e bâtiment d'utilité publique; eng Loftopnahm weist geometresch Wunnquartier’en, d’Résidencë vum “Domaine Schwall" Am Bongert, sinn eng gutt Senioren-Adress. An d’"Club-Haus an der Schauwenburg" offréiert dem ‘drëtten Alter’ agréabel Aktivitéiten. Baséiert d’Agglomeratioun och op fränkesch Originen, hate sech hei Leit niddergelooss, déi engem Geschichtsschreiwer no “für ein Barbarenvolk ungemein gesittet und gebildet schienen.”