Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bieschbech

Bieschbech läit genee do am Mierscherdall, wou d’Uelzecht op 217 m Héicht leeft an de Bord vum Dall op 239 Meter eropklëmmt. Et huet 295 Awunner an den Haiser vun der Nr. 1 bis 41; déi aner an d’Blannenheem ziele kadasterméisseg zu Rolleng. D ‘Differenz tëscht Blannen a Mënschen déi gesinn… hat di blann an daf Helen Keller ‘sou erkläert: si konnt wat anerer gesinn duerch Geroch- an Taaschtsënn erkennen: z.B. Grond op deem si stoung a Plazen wou si laanscht goung… Waren d’Deeg ouni Lëftchen huet si der Landschaft hire Charakter gericht… ob Wise mat Hee, Dännebësch, Gaart, Scheier - oder Duerf-épicerie! 

Zu Bieschbech fléisst vun Aangelsbierg hier d’Bieschbaach an d’Uelzécht! D’éischt Silb vu Berschbach géife Fransouse spontan B.e.r.g.e. schreiwe mat ge.... An ee ‘bergeau’ bedeit bei hinnen ‘habitant de la berge d'un cours d'eau! Där gëtt a gouf et hei, an sécher méi wéi eng ‘Berchère’ am Sënn vu Bergerie. Am Buch ‘Le Grand-Duché de Luxembourg historique et pittoresque’ hat 1885 den Dr. Glaesener gemengt, Berschbach a Bergbach wär eent an datselwecht! - Ir et grouss Handelsmillen gouf, huet um Uelzechtskanal am Wisegrond d’Bierschbecher Mille geklabbert. Si war schonn ëm 1235 bekannt. Hirt Millerad blouf mat deem vun der Rollenger Loumillen um Enn vum virleschte Jorhonnert stoen. Den Dr. Ernest Feltgen hat da 1901 notéiert, dass d’Bierschbecher Millen dem Äerdbuedem gläich gemat wär.… Allerdéngs hunn di Mierscher ‘den künstlichen Wasserfall bei der früheren Berschbacher Mühle während der warmen Jahreszeit als praktische Badanstalt benutzt.’ verréit eng eeler Publikatioun. 

Bieschbech ass eigentlech ee ‘lieu dit’ an hat 1848 just 60 Awunner. Den 13 km laange Wanderwee Miersch- Luerenzweiler geet iwwer d’Bieschbaach erop op d’nächst Héicht. Do gesäit een dee gutt gesäit den Helperknapp. Hei am Blannewunnheem kann ee vun deem dreemen wat ee net gesäit! Hei sinn Audio-Bicher ‘fliegende Teppiche ins Reich der Phantasie’... (James Daniel). Ee Buch vum E.T. Melchers erzielt en Detail vum 10. September 1944, wéi d’amerikanesch Artillerie vum Helperknapp heihi koum. ’t war gewosst, dass d’Befreier no wären… an d’Mierscher Bréck sollt nach an d’Luucht fléien! Fir iwwer d’Uelzecht op Bieschbech ze kommen ass den amerikanesche Panzerspähwon dunn kuerz entschloss iwwer d’intakt Eisebunnsbréck gerullt...

Den Erbauer vum Bieschbecher "Wäisse Schlässchen", de Michel Clement koum ëm 1830 aus der Areler Géigend als "clerc de notaire" op Miersch. E sollt et fäerdeg brénge sech geschwënn do als Notaire z’etabléieren… a krut 1872 e bal fürstlecht Zivilbegriefnes. ’t gouf erzielt hien hätt testamentaresch verfügt, d’Leit aus der Gemeng sollte bei sengem Begriefnes e Bong kréien fir op Käschte vu den Ierwen an engem Mierscher Restaurant z’iessen. D’spéider Besetzerin Hertha Winandy-Scheibe huet der Lëtzebuerger Blannevereenegung 1968 d’ "Wäisst Schlässchen" mam Beréng vu ronn 5,5 ha geschenkt! 1972 si gläich no sengem Ëmbau 13 Blanner agezunn. No e puer essentielle Vergréisserunge logéiere momentan (d.h. am Abrell 2010) ewell 172 Pensionären am Heem. Soe mer nach, dass blann Mënsche Problemer kennen di anerer net hunn, mä dës mat grousser Sensibilitéit kompenséieren.

P.S. De majestéitesche ‘Pin noir’ um Bord vun der Propriétéit vum Blannenheem muss ëmmerhin 150 Joer al sinn, haut figuréiert déi schwaarz Kieffer nämlech um Inventaire supplémentaire vun eise Monuments nationaux ! Vun him geet muerges Haarz- an Piniendoft aus a Mëttes Schied. Deem éischte säin Doft suergt fir Harmonie; virum zweeten soll een sech verneigen, réit e Spréchwuert. Mä donieft bréngt och d’Virliesen vu Benevoler Ofwiesslung an d’Haus... an hir Nolauschterer am Gesellschaftsraum si keng gelangweilten eeler Herrschaften. Lëtzebuergesch Texter liese sech gutt, well  ‘mir eng räich Sprooch hunn, wann se richteg benotzt gëtt’... denkt d’Claire Gläsener... An ‘Virliesen mécht Spaass, ‘t léiert ee vill dobäi an et kritt e vill vun de Mënschen zeréck’!