Biereng
Biereng koum ënner der Franséischer Herrschaft an d‘Gemeng Miersch. Et krut ëm 1839 eng nei stenge Bréck iwwer d’Uelzécht an1849 gouf e Bierenger Bauer, de Nic. Schroeder, den 13. Mierscher Buergermeeschter. De Bierengerbierg läit iwwer e Kilometer vum Duerf op 428 m. Een Text vun 1901 ernimmt d‘Haiser, déi do verstoppt an den Uebstgäerd stinn - an um Bord vun der 1,5 km laanger Baach e Pad an den Dall mat ëm 170 Meter Gefäll! A propos Gäerd, do gouf wahrscheinlech schonn e puermol d’Fro gestallt ob d‘Kalbass botanesch gesinn zum Uebst oder Geméis zielt.. Beschreiwunge gi Kloërheet an dréien ëm seng Notzung als Geméis, ob gekacht, gebroden oder gebak! Eng Promenade-guidée „Bierengerbaach“ hat emol als Thema d’Funktioun vum Lëtzebuerger Sandsteen als Drénkwaasserliewwerant.. a koum laanscht Spure vu fréiere Kuelemeileren..
Ee Schenkungsakt vun der Erkanfrida hat 853 e Bësch vu Biereng erwähnt, deen der Räichsabtei St. Maximäin zougefall war. Ënner dem Jang de Blannen koum d‘Bierenger Meierei zur Héichgeriichtsbarkeet vum Mierscher Här, dem Johann von Meilberg. Verschidde Weistümer vu Miersch aus dem 16. Jh. haten d’Ënnerschrëfte vu Bierenger Scheffen. Zeile vun 1612 fuerderen all d‘Awunner „des Dorffs berringen“ op mat bei de Gaalgen ze goen, (mä mat dräi Exceptiounen, de Vogteien Meyer, Erges a Schillen… déi dem Käercher Här de Raville gehéiert hunn.) Erfreelech kléngt donieft d’Notiz, dass d’Duerf riets nieft der Uelzecht am 30järege Krich manner beschiedegt gouf wéi aanrer ronderëm am Dall. (Den 18.6.1858 entstoung hei allerdéngs grousse Schued, wéi eng Brandkatastroph 11 Haiser zerstéiert huet. Zéng Joer virdrun hat d’Duerf 335 Leit (plus 30 um Bierg) - an zum Vergläich... waren 2007 hei 369 Haiser mat 1023 Awunner.) Intressantes aus dem viregte Joerhonnert: 1904 kruten di éischt Haiser d‘Waasserleitung an no 1912 d’elektrescht Liicht duerch d‘Scierie Henckels.
D’Bierenger Grott aus Schwemmsteng aus der Sandkaul ‘Siebelchen’ entstoung 1933, (no der Hellegspriechung v.der Bernadette.) Seng traditionell Liichterpressessioun geet op ’Léifrawëschdag’ 1965 zréck.. Esou Pressessioune sinn en Erliewnes well nuets am August Stäreschnäizen extra fonkelen; d‘sougenannte ‘Laurentiustréinen’ sollen dann e Wonsch fräiginn, deen erfëllt géif” schreift de Roger Hilbert. Um Fouss vum Siebelchen grouppéire sech d’Haiser ëm den alen Uertskär, wou d‘fréier Kierch, d‘Schoul, e Wäschbur an eng Schmëtt waren. Déi 1939 ageweite Schoul hat fir 7 Klassen ee Schoulmeeschter an zeitweilig bis zu 60 Schüler! Hir Virgängerin aus der Theresianescher Zäit stoung nieft dem Hierdenhaus a vis-à-vis vun der aler Kapell. Si ass haut restauréiert an déngt säit 1988 als staatlech Fierschterschoul. Wéi de Blëtz hiren Tuerm getraff hat, gouf en net méi opgebaut. D‘haiteg 1905 ageseente Filialkierch huet en Daachreider aus Haasteen, d’original Fënstre mat Ornamenter, e Kräizrëppeverwëllef, schéin Bänken an deels d’al Altär. Si koum 1984 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de ‘monuments classés’. Vun hirem Patréiner dem hl. Andreas bemierkt eng Baureregel "Andreasschnéi deet de Soote wéi”!
Kuckeswäert a ‘klasséiert’ ass och d‘Eech um Fiels ‘Kluckelay’. Se steet do wéi op engem Piedestal; se war 1981 ronn 12 m héich, mä hiren Alter ass schwéier ze schätzen. Hir Wuerzele schläengelen sech ëm de Fiels fir Halt an Nahrung ze fannen. Vun hir aus ass e grandiose Panorama op de Mierscherdall! Am Duerfkär vu Biereng „am Kaesch“ ass regelméisseg e regionale Maart, op deem d’Leit direkt beim Produzent akafe kënnen… vum Bio-Geméis, Hunneg, Eeër, Blummen a Brout, zu Schofskéis an Deko. - Bireng (fr. Burange) heescht iwwregens och e Quartier vun Diddeleng. Ir dëst den Titel Stad krut, war Bireng en eegestännegt Duerf zu deem ë.a. de Wolkeschdall gezielt huet ..an deem seng Kiermes op donneschdes gefeiert gouf. Biereng bei Miersch läit 18 km vun der Stad, a mat him assossiéiert gëtt heefeg de Centre Irbecht.
P.S. Wéi d’Eisebunnsligne Lëtzebuerg-Ettelbréck 1862 ageweit gouf woussten di mannst, dass d’Mierscher Gare um Bord vum Bierenger Bann louch. Dëst war och de Fall bei der aler Mierscher Zillefabrik an deem 1959 ageweiten Agrocenter. Säi Fruuchtsilo stoung deels um Terrain vun der fréierer Mierscher Zockerfabrik an hat eng maximal Lagercapacitéit vun 18.000 Tonnen (a seng Eskimo-Pie Produktioun vun 1,6 Millioune Liter Glacen huet nach déiselwecht Adress.) Bei där typesch lokaler Spezialitéit, déi fréier och ‘Hueschterter Bir’ housch, probéieren d'Bierenger Kürbisfrënn sech ëmmer nees z’iwwertreffen. Bei optimale Bedengungen.. (d.h. mindestens 5m2 pro Planz an héchstens zwou Kalbasse pro Stack) war déi liichsten 2013 hei 50 kg schwéier an déi gréisste Riesegourgette hat 32,2 kg opweises! Fir d‘Kalbassefrënn ass en zweet Kachbuch annoncéiert.. Net extravagant Gaardefriichten, mä fantasievoll Kannergeschichte räifen nobäi zu dräisproochege Bicher ëm Kannerhelden erun. Dass d’responsabel Damm zur Zäit an oder aus de “Fiedere” kënnt... suergt dem Här vum Haus seng Sammlung vun ëm 500 Wandaueren...