Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bäreldeng

Bäreldeng läit um Bord vum Hank tëscht dem Bambësch, dem Briddel an der Uelzecht, an eng Adress wéi Haus ‘Am Becheler’ bedeit um Rand vum Hiwwel. Eng ‘Berèll’ heescht dem Engelmann no am Éislek ‘Mulde’ oder Cuvette. Bäreldeng ass mat 4176 Awunner di gréisst Uertschaft an der Walfer Gemeng.. an déi räichst! Et ass eng typesch Wunngéigend; di puer al Bauerenhaiser, déi vum Duerfkär iwwreg bloufe, sinn um Verschwannen. Dofir huet et eng zimmlech nei 100 m laang Foussgänger-Passerelle, di längsten Holzbréck vu Lëtzebuerg. Si verbënnt et mat Walfer, (genée d’Citéen Grand-Duc Jean a Grande-Duchesse Charlotte.) Genée hei gouf no der schlëmmer Iwwerschwemmung 1995 d’Uelzecht renaturéiert - mam Hannergedanken fiicht Zonen nei z’aménagéieren an d’Retentiounsfähegkeet bei Héichwaasser ze verbesseren.

D’Uertschaft huet tëschent 1305 a 1753 den Häre vu Käerch gehéiert a bis zur franséischer Revolutioun de Grofen Marchant vun Aansebuerg. De jonke Chevalier Gilman vum’Corrycher‘ Fockeschlass ass tëscht 1312 an 1321 ernimmt als Bereldenger Grondhär. (Hie war ënner anerem beim Italienzug vun Henri VII. a senger Keeserkréinung (den 29. Juni 1312) zu Roum derbäi. D‘Fra vum Cono vun Hiefenech housch Katharina a war d‘Duechter vum ‘Walter von Bereldingen‘ (+1351) an der ‘Elisabeth von Körich‘… (www.ancestry.com). Vun hinnen dauche kaum Detailler op, just dass eng Johanna oder Gennette vun Bäreldeng 1384 Aebtissin zu Déifferdeng war. Der Lascombes-Chronik no gouf d‘fir krank Bierger geduete St.Johannis Spidol ëmmer méi zu engem Altersheem. Den Theis vu Bäreldeng a seng Fra Yetgin haten de 5.3.1467 den Hospice am Gronn als Ierwen agesat (a just 20 Goldgulden an e puer Gidder fir sech gehalen.) Si kruten dofir eng “schoerstein Kammer“.. d.h. e Raum mat Cheminée, d‘néidegt Brennholz, normale Kascht, Wäin a Brout.

Zäitreesen si Collage vu méi a manner raren Episoden an hu forcément Lacunen.. Eng Notiz vun 1823 deelt d‘Aackerland am Ëmfeld vun der Uelzecht a 5 Kategorien - Bäreldeng zielt zur drëtter mat sengem gudde Gaardebuedem… Et hat 1848 gezielten 240 Awunner.. a Walfer 213. Vun de klenge Changementer an eisem ‘arrondissement judiciaire’ (vun 1841) vu Wellëm II. war d’Uertschaft net betraff, Se stoung do nach bei Steesel an dem ‘Haff Briedel’. D’Duerf hat an der Feudalzäit och zur Steeseler Por gehéiert. Walfer gouf, wéi seng Kierch 1845 fäerdeg war, mat Helsem a Bäreldeng duerch Dekret eng eegestänneg Por. (Beggen, mat deem et zewummegewuess ass.. krut 1936 eng Kierch.) D’weltlech Trennung vu Steesel koum 1851 wéi d’Gemeng Walfer bis bestoung. An där hirem Wope falen z.B. ‘Billetten‘ d.h. Schëndelen op vun de Nassauer Waffen, e Fuuss op zwou Patten als Allusioun op d’fréier Herrschaft Bäreldeng an eng Paart mat dräi Tierm fir d’Walfer Schlass.

En Détail vum deem no der franséischer Revolutioun verstaatlechte ‘Postamt Lëtzebuerg‘ verréit, dass dëst 1797 en Direkter a véier Beamten hat, an 1839 en Direkter, ee Beamten, zwee Stad- an zwee Landbréifdréier. Fir da no 15 Joer deeglech Bréiwer ëm d’Stad ze verdeelen - beispillsweis bis Bartreng, Kielen, Schëtter an Senneng, Bäreldeng an Helsem… goungen da fennëf Landbréifdréier op Tournée! (Buch Koltz) D’1873 gebaute Juegdschlass (an der rue des Sept-Arpents) hat zum Juegdrevéier vun den Eecher Schmelzhäre gehéiert, gouf 1935 e Café an zielt zur Stad. Fir d’1921 a Betrib geholle Beggener Kläranlag gouf hei an am nërdlechste Stad-Quartier vill Terrain kaaft.- E Bleck op aktuell Pluspunkten a Kritiken verréit, dass Bäreldeng eng zimmlech gutt Liewensqualitéit huet, Naturverbonnenheet, z.B. Wise mat Kéih, Schof a villerlee Vigel, Uebstbeem, Vue op de noe Bësch a plazeweis eng ‘genial Aussiicht‘. Vermësst gëtt en Duerfkär a kee Luef verdéngen enger Ëmfro no ‘Schmucklose Residenzen, viel Beton, viel Durchgangsverkehr‘… a schlëmmstefalls versetzt d‘Rush-hour ‘de Noper vis-à-vis op en anere Planéit..‘ (Bäreldeng läit just 5 km vun der Stad, 3,1 km vun Eech, an 3,3 vum Briddel.)

P.S. D‘Europäesch Landschaftskonventioun definéiert d‘Landschaft als e vum Mënsch erfaasste charakteristescht Gebitt, dat sech „aus Wierkungen a Wiesselwierkunge vun natierlechen a mënschleche Faktoren ergëtt.“ Manner komplizéiert beschriwwen a landschaftlech flott ass de 5,2 km laange Parcours vum lokale Gipspad: e schlängelt sech iwwer d‘nei amenagéiert Gréngzon duerch 3 Gemengen (Koplescht, Steesel a Walfer) an huet zwee Aussiichtspunkten. Bäreldeng ass aus der Vulleperspektiv eng Agglomeratioun tëscht Bambësch, Waldhaff a Gréngewald. En Highlight war ënner aanren am Juli 1999 den Dressurfestival am Bäreler Gronn, wou d‘Elite aus véier Natiounen um Start war. Wéivill Nationalitéite vun Zyklisten hei iwwer den 42 km laangen Uelzecht-Radwee op Ettelbréck fueren? Fir si gëllt d’Zeil vum Adam Opel.. keng anerer Erfindung verbënnt ‘das Nützliche so innig mit dem Angenehmen’ wéi de Velo!