Bäerdref
De wäithi siichtbare Bäerdrëfer Héichplateau war vun der jéngerer Steenzäit u besidelt, wat Trouvaillë vun iwwer 5000 neolithesche Steebeile beweisen. De Numm vum Duerf weist op e Besëtzer Beronis hinn. Seng Geschicht dréit ëm e bedeitende réimesche Gutshaff um héchste Punkt vun der Plaz. an eng Jupitervotivsail. Un dëst archäeologescht Monument aus dem 2. oder 3. Jorhonnert no Chr. erënnert de „Véiergëttersteen“. Den Amphitheater “Breechkaul“ bitt säit 1978 de Cader fir Fester a fir d’Haupeschmass, e reliéist Erliefnes, deem Juegdbléiser en extra Cachet ginn. D’Promenaden ëm Bäerdref offréiren op kuerzer Distanz charakteristesches vum Mëllerdall, d.h. gewalteg Fielsen a kleng Baachen. An der noer Hollay, dem „huele Fiels“, war eng réimesch Carrière fir Millesteng ze briechen. Fielsnimm wi Malakoff, Perekop a Chipkapass erënneren u strategesch Punkten am Krimkrich a stame vun hollänneschen Zaldoten, di zu Iechternach stationéiert waren.
Schonn am 17. Jorhonnert gëtt den 0,90 op 1 Meter m grousse "Véiergëttersteen" an der Bäerdrëffer Kapell ernimmt. En huet Acantheblieder op zwee vun de véier Héichreliefer, d’Gëtter sinn den Herkules mat Léiwenhaut, d’Virbild vu Kraaft an Dugend, d’Juno an enger Tunique mat Zepter als Gëtterkinnigin, d’Minerva mat Helm, di Wäisheet a Besonnenheet verkierpert, an Apollo, de Gott vum Liicht, vu Poesie a Musek mat Lyra a Bou. Dëse Steen staamt vun enger noer heednescher Kultplaz, déi e chrëschtlecht Hellegtom ofléise sollt; op him huet hei laang den Altor gerout. Ufangs vum 18. Jh. hu Kapléin do residéiert an ‘t gouf eng dem "Johannes dem Deefer" geweite Kierch. D‘1570 an der Mëtt vum Duerf dokumentéiert romanesch Antonius-Kapell war vermuttlech 150 Joer méi al... wat d'Klack mat der Joreszuel 1421 am Fong vun der Kierch undeit. Di éischt iwwerliwwert Zielung ernimmt 1528 zu Bäerdref 17 Stéit. D'aktuell Kierch ass 1830 gebaut gi mat Steng vun der aler Kapell. (‘t war kuerz no der Joerhonnertwenn vu Konsdref getrennt ginn a selbstänneg Por.) Deemols gouf wéineg Rücksicht op kulturellen oder historesche Wäert geluet an den einfachste Wee geholl. Bauopdrag hat den Théodor Fichtel vu Bäerdrëf. D'Paschtoueschhaus stoung do grad zéng Joer.
De ‘Véiergëttersteen’ gouf an der neier Kierch verwäert, mä verdeckt an deemno geschützt! Och d'kleng Niewenaltär, Statuen a kleng Klacke ware nach gutt. No der Benediktioun gouf e neien Haaptaltor bestallt beim Tréierer Skulpteur Reif. 1844 stoung de Bau mat Wandmolereien a voller Pruecht beim Besuch vum Kinneck-Groussherzog. Wëllem II. hat Intressi fir d’Land a wollt hei eng Propriétéit kafen; säi Choix ass kuerz drop op d’Privatdomän Colmar-Bierg gefall. Zwee Joer nom Herrscher koum de Beschof Laurent op Bäerdref. D'feierlech Konsekratioun vum Bau war 1847, mä d'Aarbechte sollten étappeweis weidergoen: nom Tuermausbau koumen dräi supplementär Klacken, d‘Tuermauer, de Priedegtstull a schéi Kierchefënschteren…. De Kierchtuerm huet d'Duerfbild bis bei de grousse Brand 1941 geprägt. No der désastréiser Rundstettoffensiv koume nei Haiser an Hoteler an ëm 1949-50 de Kierchenopbau. An de neie wuchtegen Tuerm nieft der Kierch krut anengems d’Roll vum Waassertuerm! Zënter 1957 verschéinert e Mosaik de Chouer mat Motiver aus dem Antependium vum alen Héichaltor. Dem François Gillen säi Wierk krut e Luef vum J.E. Muller, well e wéi "e Stéck lieweg Konscht voller kreativer Force" wierkt. Vu 1982, aus der Zäit vum Abbé Arsène Braun, datéieren den neien niddregen Altor an seng prächteg Marber-Insel. De berühmte réimesche Steen ass elo als Ënnerbau vun der Mensa siichtbar a gëtt Témoignage vun Ënner- an Anuerdnung vu kulturellen a geeschtege Wäerter. (D’deemols éditéiert Bäerdrefer ’Livre d'or’ erënnert un 150 Joer Kierch.)
D’Duerfgeschicht léisst sech noschloe bis an 2. Jorhonnert. Gewosst ass, dass den Uert der Konsdrefer Juridictioun ënnerlouch, der Seigneurie vu Befort an der Iechternacher Abtei! Stilstudie vun eelere Fassade weisen, dass d’Abteigebaier a Kierchendiere Privatleit inspiréiert hunn. De Gold-Fong vum lokale Gemengewopen erënnert un d’Beforter Hären, d'Kräiz mat de Liliespëtze symboliséiert d'no Abtei an d'Krätsche vum hellegen Antunnes Bäerdref selwer. D'schwaarz Bréckebéi iwwer azurbloe Wellen sti fir d'Sauerbréck a fir d'Sektioun Bollendrefferbréck. Wéi d'Harmonie Berdorf 1907 gegrënnt gouf, waren hei ënner anerem dräi Wiert, ee Suedler, zwee Wiewer, dräi Woner an Zammermeeschteren, véier Schräiner a Schousteren.. an deels zweestäckeg Hoteler.
P.S. Bäerdref gëllt als Häerz vun der ‘Klenger Lëtzebuerger Schwäiz’ - Touriste loosse sech a sengen Hoteler verwinnen a vun hirer onvergiesslecher Landschaft faszinéieren. Se kënne regional Spezialitéiten aus dem Duerf matheemhuelen. 50 km Wanderweeër bidden den ‘amoureux de la nature’ eng Héichtendifferenz tëscht 165 an 384 m. ‘t kënnt alt emol vir, dass d’Strooss tëscht der ‘Vugelsmillen‘ a Bäerdref wéins Dréihaarbechte fir e Film gespaart ass, an de Parking ‘Priedegtstull‘ reservéiert ass fir d’Leit vum Tournage.. Bal filmräif war e fréiere Brauch: bei Hochzäiten zu Bäerdref koum d’Braut ënner Tréine mat enger Muttergotteskréinchen aus dem Haus; Gei a Bass hunn d’kierchlech Gesäng begleed… ënner déi munnchmol Fuesmelodien ageflecht goufen.. (a.d. Sammlung ‘Bräich‘ P. Tousch.) A propos Projet ‘Waassertuerm’... An der Konsdreferstrooss gouf am Mee 2012 dem apaarte 55 Meter héijen Neibau säi Grondstee geluet!