Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bieles

Den Uertsnumm Belvaux, Belvis oder Belvais kënnt wahrscheinlech vun de Kelten: 'belo' huet bei hinnen souvill geheescht wéi hell, blénkeg… an 'vis' a 'veis' konnt mat Waasser, Baach oder fléissen iwwersat ginn. T’ass allerdéngs schwéier festzestellen, wat fir e Waasserlaf bei der «Uertschaft un der heller Baach» gemengt war… D’Wënschel vläicht? Allerdengs heescht nobäi am Réissenger Bann, bei Russange, eng Baach Béler. - D'Symbol vu Bieles, d'Geess war vermutlech heirëmmer ganz heefeg an e Beispill fir Genügsamkeet an Ausdauer. Haut ass s’an der Fuesent ëmmer nees op Plakater ze fannen an och am Wuertwiz ‘Geess de mat?’ A munnechmol ginn Evenementer souguer no hir benannt!

Aus där Zäit wou zu Lëtzebuerg vill Kierchen entstoungen staamt och di Bieleser no Plange vum Architekt Kemp. Se gouf net ouni finanziell Suergen 1877 ënner dem Paschtouer Johann Adam Thill gebaut an hat ronn 47.000 Frang kascht. Se krut 3 Klacken aus der Géisserei Causard vu Colmar an eng schéin Tuermspëtz. Op hire no gebauten Duxall koum ee just mat enger Leeder vu 17 Sprassen, gouf erzielt. Se hëllt d’Plaz vun hirer Virgängerin an a krut ënner anerem en Héichaltor vum Jean Decker, dem Äelterhennes vu Munneref. Den Tuerm war wéinst statesche Feelberechnungen net esou héich gebaut gi wéi geplangt. En dréit mat dem Kiercheportal dem Duerfkär de Réck zou a kuckt op d'Hiwwele ronderëm fir eng héich Trap virun der Entrée z'evitéieren - an well deemols de Chouer no Osten kucke sollt.. An der 2. Hallschent vum 19. Joerhonnert  hu vill Leit a Schmelzen oder Minièren Aarbecht fonnt. Bieles war wéi all Uertschaft am Minett stoark gewuess. Nom Gemengerot senger Decisioun vum Mee 1875 koum de Kierfech baussen d'Duerf op d'Matgesfeld.. ’t ass nach ee Graafkräiz vu virun 1800 erhalen a steet bannen an der Kierch..

No der kompletter Erneirung vum Architekt André Haagen gouf de Kiercheninterieur 1975 op eng speziell Manéier un d'Exigenze vun der Liturgiereform ugepasst. De fënnefeckegen Altordësch mat biblesche Leitgedanken, den Ambo, Daafsteen an d'Tabernakelsail sinn eegenhänneg gegossen Egino-Weinert-Kreatiounen. Se stinn un der Längssäit, net méi am dofir predestinéierte Kierchechouer. D'Still maachen en Hallefkrees ëm d’Altorinsel a stinn, grad wéi et bei de Kreesser heescht, 'parallel zu engem Punkt'. Am fréiere Chouer hunn d'Uergel an d'Chorale hir Plaz.. All d’nei reliéis Objet’en aus Eisen sinn en Hommage un d'Oarbechter aus dem Minett! D’Fënschtere vum André Hagen an de Kräizwee si modern Konschtwierker. D'Aganksdier mat Duerstellunge vun de Kierche Patréiner Péitrus a Paulus, a Barbara an Haupert si Weinert-Entwërf. Verschidden Elementer goufen aus dem virechten Interieur iwwerholl. D' Pietà aus enger fréierer Bieleser Weekapell krut hei eng nei Plaz…  Aales a Neies gouf geschéckt mat estheteschem Flair kombinéiert. Lokalhistoresches a méi erzielt d’Festschrëft “Bieles- seng Leit, seng Poar, seng Kirch” vu 1975.

An Dokumenter daucht Bieles di éischte Kéier 1272 ënner dem Numm Belevas op, mat enger Kierch an hirem ‘prêtre Tillemannus’. Ronn 100 Joer spéider sollt s’als Poarkierch betitelt ginn. Säit 1373, der Zäit vu Karel dem IV. sengem 4. Mariage, ass Belvaux oder Belvis fräi. Laang huet hei Agrikultur d’Leit erhalen an d’Stroosse waren hollperech a schmuel. U Bedeitung gewanne sollt Belvaux wéi gesot duerch d’Entwecklung vun der Eisenindustrie. Seng Stroosse goufe méi breet.. Et zielt ewell iwwer 5100 Awunner; an am Suessemer Gemengewopen symboliséieren Zännrieder d’Uertschaft! Erënnere mer och nach un d’ Initiative vun de ‘Rover Saint-Paul Belvaux’ aus de 1950ger; si hunn deemols d’Regina-Pacis-Bëschkapell aus Steng vun engem ale Lokschapp op dem roude Bieleser Buedem gebaut.

P.S. Am 14. Jh. ass e Bieleser Buerghaus ernimmt, dat d'Zäit net iwwerdauert huet. Am Gesetz iwwer d'Organisatioun vun eise Gemengen an Distrikter vun 1843 confirméiert Wellëm II. de 'sieur Egide Van Dyk, propriétaire et bourgmestre actuell, demeurant à Belvaux,' als Buergermeeschter vu Suessem. (Hie war tëscht 1827 an 1848 hei de 6. Gemengepapp.) D'Geess an der Symbolik fir d'Uertschaft ass zimmlech gutt gewielt, well béid, d'Déier an d’Minettsuertschaft e Charakter hunn, dee sech stänneg weiderentweckelt a kaum beim Negativen stoe bleift. Et gëtt de Geessen nach nogesot, si wäre friddlech, hëllefsbereet, haartnäckeg, ökologesch, originell, ongezwongen a sensibel! D’Mënschen am Minett waren a sinn dat och an “Stéi-op-Männercher, déi geschafft, gekämpft a vill sauere Schweess geroch hunn“, soen souguer Historiker. Bieles läit am Basseng westlech vun der Uelzecht, dee vun hei bis Rodange geet an kiselhaltege Minette huet, net kallekhaltegen wéi deen am Baseng Esch-Rëmeleng-Diddeleng.