Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Beeler

D'Grenzuertschaft Beeler ass eng Insel vu Rou am Norde vum Kanton Clierf. Hir Gewan touchéiert am Westen d’wallounesch Landschaft ëm Molschend, am Osten Leetem an am Süden e Grapp voll Kaesfurter Haiser - an d'Schibéch mecht d'Grenz mam Flouer vu Wäisswampich. Beeler-Leetem gi gewéinlech an engem Otemzug genannt.(Optesch fëlle si de rechtse Bockel vun der Landkaart.) D'eegestänneg Bauerendierfer sinn annerhalwe Kilometer vuneneen an hir Awunner halen zesummen. Den héichste Punkt vu Beeler ass um Béchel bei 508 Meter beim Waasserbaseng; den déifsten op 395 Meter bei der Grenzmaark LBN 63; hei lafen d'Rillerbaach an d’Feederbaach ugangs separat an dann zesumme beim belsche Stoubach an d'Our. Vun do gi Promenaden erof an den Dall, an deem d’villbeschriwwen Our sech dem Victor Hugo erno "kréngelt wéi eng Rëngelnatter".

Bei Beeler-Kaesfurt verleeft e 'Kiem’, deen d'bedeitend Réimerstrooss Reims-Köln bei Thommen trëfft. Joerhonnertelaang duerno goufe mat méi a manner Bravoure Stroosse gebaut an Dierfer vun uewen erof dirigéiert. Beeler hat virun der franséischer Revolutioun zur Herrschaft Reuland gehéiert (an zur fréierer Grofschaft Veianen.) Mam Kaf vun hirer Buerg vun de Blankenheimer Hären wollt de Jang de Blannen 1322 d'östlech Grenz vu senger Grofschaft géigeniwwer dem mächtegen Tréierer Erzbistum verstäerken. (http://burg-reuland.be/alt/Bedeutende_Ereignisse) Dem Michel Pauly no gouf ënner him 1332 den noe Beesleker Maart dräimol d’Joer ofgehalen, (wat praktesch war fir d’Ëmgéigend) - Kierzlech opgedauchten iwwer 500jäereg Dokumenter weisen handgeschriwwen Akten an historesch Skizze vum Reilänner Duerfkär an der Schlassanlag, fir där hiren Ënnerhalt d’Beeler Duerfleit erugezu goufen. - Zeile vum Tit Schroeder aus engem Schoulbuch vun 1982 passe gutt zu den Éisleker Leit "Trotz friemen Häre blouw de Menscheschlag hei wat e war" an huet Jorhonnerte laang "waakreg an zéi säi Këpp a Land mat Léiwt schéi gemat". - Beeler koum um Enn vum 18. Jh. zur Gemeng Wäiswampech. Ënner den Uféirer vum Klëppelkrich, déi sech 1798 der Republik widdersat hunn, steet och de Beeler Kaploun Martini. (P. Tousch). An klengen ofgeleeënen Näschter bloufen d’meescht Mënschen hire Wuerzelen trei, awer 'die Wurzeln hier oben haben es schwerer als anderswo.’ (Nic Weber.)

Beeler krut um Enn vum 16. Jh. eng Kapell. 't hat laang mat Leetem zur grousser Por Wäiswampech gehéiert. 1824, nom feststellen, dass d’Wanterschoul de Schüler nëmme wéineg bréngt kruten Wäiswampech, Beeler, Leetem, an Holler, Bënzelt, Breedelt zwou Summerschoulen, déi Dënschtes an Donneschtes zou waren. (H. Rinnen) - Wéi d’aktuell Beeler Porkierch 1857 fäerdeg war huet d’Duerf sech vun der Mammepor geléist. ’t gouf eegestänneg a säi Gotteshaus sollt 1877 dat vu senger Filial Leetem inspiréieren. Béid entspriechen engem typesch ländleche Stil, deen een e net romanesch, gotesch oder barock nenne kann. D’Beeler ass mat senger schéiner Boiserie d’gutt Stuff vum Duerf. Seng Schmockstécker sinn de prächteg restauréierten Barock-Altor an d’Statue vum Willibrord a Valentin. Hiren alen Dafsteen aus der Mauernisch steet als Wäiwaassersteen am Gang, an den Duxal gëtt hei wéi uewenam Éislek 'Jickel’ genannt. (A. Atten) (aus de „Kierchtuermscauserien", 2008) Hir Ronnboufënstren aus den 1920ger dekoréieren ë. a. d'Mutter Anna, d’helleg Odile, hir Patréinesch, an de Moses mat de Gesetztafelen! An à propos Gesetz… 1874 gouf d'Regierung 'd’Autorisation à la création d'une succursale postale à Beiler’ (fir d’Sectioune Beeler-Leetem) mat Desservante-Gehalt aus der Staatscaisse.

Si keng grouss Evenementer zu Beeler passéiert war den Uert dach 1872 am Reenert veréiwegt! Ob dem Fiisschen säi Schatz nach do läit? Den Hues Lampert bestätegt d’Stopp vum Reenert-Schatz om Berreg a klot dobäi iwwer vill Schnéi am Wanter, an am Summer winneg Sonn...! E gesouch réalistesch "wäit a brät keen Dorref - an all Kraider, déi do wuessen, déi gingen an ee Korref."- (A sengem 'sechste Reenert-Gesank’ sot de Mechel Rodange "lauschtert, Här Kinnek: Do uewen op der Heed, bei Beler stinn zwou Biirken, keen Haus ass wäit a breet, do läit mäi Gold begruewen. D'Plaz heescht om kale Räis..") D’Verse vum populäre Wierk behandelen d'Zäit ëm 1870. Keen imaginäre Schatz hat 1914 fir Oprou gesuergt, mä däitsch Zaldoten déi de 16.8. de Leit hir Telefone confisquéiert hunn ë. a. zu Wäiswampech, Beeler, Leetem a Léiler. (L. Bodé) Wahrscheinlech vergiess ass d’ondatéiert Notiz, dass d'ARBED hei Buedemprouwe geholl hat an, dass doran Eisenerz entdeckt gouf. Se sollt d'Parzelle bei de Privatleit kafen an spéider un d'Gemeng Hotton (un der Ourthe) verkafen.

P.S. Mengt den alen Dictionnär 'vu Bieles bis no Bäler’ heescht dat vum Süde bis an den Norde vum Land. 't ginn hei grouss Héichtendifferenzen tëscht dem Brill an dem Waasserréservoir (op 508m). A fréier war Reesen hei onbequem…… Wou genee de Shakespeare notéiert hat 'Ja, nun bin ich in den Ardennen, ich Narr; da ich zu Hause war, war ich an einem bessern Ort, aber Reisende müssen sich schon begnügen’ ass net gewosst. - D'Visiounen ëm en attraktiven Naturpark hate virun engem halwe Jorhonnert ufangs wéineg Frënn. Ugeregt duerch d’Eifeler Erntedankfester gouf et dann am Oktober eng Danksagungsfête mat Auto- a Päerds’seenung… (De Floumaart am Mee, e Kënschtler, Sammler an Trakteren-Treff, blouf net bestoen.) Dréit hei d'Natur d'Wanterkleed, gëtt et Bromä oder "Kësch" - da léieren di Jonk vun den haut 121 Beeler an 116 Leetemer, dass ’t hat 'ferrem gekëscht’ et war vill Räif bedeit.