Beefort
Beefort gëllt mat iwwer 2300 Awunner als Haaptuert vun der klenger Lëtzebuerger Schwäiz.’t huet eng Äispist zanter 1969, eng konfortabel Jugendherberg a bidd ewell bal 20 Joer am Juli d’Kuliss fir eng iwwerdimensional Konschtausstellung genannt ‘Art in Beaufort’. De Victor Hugo hat 1871 vu sengem Schlass geschriwwen «Il apparaît à un tournant, dans une forêt, au fond d'un ravin; c'est une vision. Il est splendide.» D‘Buerg läit tatsächlech 35 m méi déif wéi d’Duerf. Kierzlech gesouch e Visiteur doran eng Filmkuliss fir ‘Herr der Ringe’.. De klenge Séi am Dall virun der Ruin verstäerkt der Plaz hir nostalgesch Atmosphär.
Al Photoe weisen d’‘Befërter’ Buerg mol mam Duerf, mol mam Weier, deen d’Haupeschbaach speist, an natierlech mat der Millen an dem Millerad. D’Duerfbild ergänzen e ‘Virstad‘-Bild, d‘Donatuskapell aus dem 17. Jh. oder d’Cassisfelder. Vu 1928 datéiert d’Produktioun vum Cassero du Château de Beaufort, déi eng fennëf Hektar grouss Schwaarzkéischels-Plantatioun erméiglecht huet. Hei hunn dem ale Diktionnär no ‘Kiischteknapperten’ gewunnt (“Kirsch”, Cassis de Beaufort a Framboise-Liqueur si regional Spezialitéiten! Et soll zu Befort ‘keen Heemount ginn, well do vill Bëscher sinn’ an natierlech excellente Bëschbier. A säit 2010 zielt d’zone forestière "Saueruecht" zu de protégéierte Kulturlandschaften déi Flora a Fauna schützt.
Der Buergruin hir Ufäng ginn deels an d’11. Jh. an op Reschter vum réimesche Castellum Belforti zréck. Bis an d’14. Jh. war hei en aalt Rittergeschlecht doheem… Urkunden ernimmen 1192 e Wauthier, Sire de Wiltz et de Beaufort. D’Buerg ass a 4 Periode gewuess. An der Mëtt vum 12.Jh. gouf de romanesche Kär vergéissert mam Donjon. Proprietair no de Beeforter Häre war nom Mariage vun hirer Duechter Aleyde mam Guillaume vun Orley (1348) eng nei Ligne. ’t koum en Ausbau am héichgotesche Stil, e Changement vu Besetzer an um Enn 16.Jh. den Ubau vum Wunntuerm. D’Surhonio Kaart weist d’Plaz als Pefort an historesch Beschreiwunge fëlle Säiten. Nom Konfiskéiere vu Philipp II. waren de Mansfeld a seng Nokommen hei d’Häre bis 1639, bis se nom 30 järege Krich veraarmt sinn. De kuerz virdru geadelte neie Keefer, de Baron de Beck vun Heeschdref wollt geschwënn drop e neit Renaissanceschlass opriichten. Wéi en 1648 net aus enger Schluecht heemkoum, huet säi Fils de Bau fäerdeg gemat. Ënner der Maria-Theresia krut de Schlasshär den Titel ’Comte de Beaufort’. D’al Fielsebuerg ass allerdéngs am 18.Jh. verfall a gouf als Steebroch benotzt bis de Stad hir Maueren 1850 zum Kulturierwen erkläert huet. (Hir mëttelalterlech Folterkummer gëtt bei Visite gewisen.) 1893 gouf den Domaine Privatbesetz an d’Schlass um Wee op Haler no a no restauréiert. Et krut 1917 z.B. véier Fënstere mat Wopen vum E. Simminger, d’Schéiferei gouf erweidert a Schutt aus den urale Maueren an dem Pëtz geraumt. Säit 1981 ass d’Schmockstéck vun der Gemeng Staatspropriétéit... D’Madame Linckels, d’‘Schlassdamm‘, gouf dunn de neigegrënnte “Frënn vum ale Befërter Schlass’ hir engagéiert Presidentin bis 2012 .
Bis zum Enn vum Feudalregime, bis 1795, deckt d’Geschicht vu Consdref a Befort sech a weltlecher Hisiicht groussendeels mat där vun der Schlassherrschaft - a kierchlech mat där vun Oeren bei Tréier. D’éischt Dokument vun der Por Beefort (Taxa generalis subsidiorum cleri Trevirensis) ass vun 1330. Hir al Kierch hat bis 1852 d’Duerfbild geprägt. De neien dräischëffege Bau mam eleganten iwwer 40 m héijen Tuerm an 8 Saile war 1854 fäerdeg. D’barock Seitenaltär aus Déiljer- a Burer Sandsteen vu 1733 goufe gehalen an d’Klacke vun 1707 an d’eeler Barockstatuen och, mä d’koum e neien Héichaltor aus Holz. Di am Dezember 1944 bal ganz zerstéiert Kierch gouf no zwee Joer opgebaut, si krut uganks de 1950er Fënstere vum Joseph an Emile Probst an 1960 e passende stengen Héichaltor mat enger monumentaler Kräizigungsgrupp vum Hulten. Schlussendlech passt zu Beefort de Saz «ses paysages se transforment en tableau.»
P.S. Weltwäit hunn iwwer 20 Gemengen de Numm Beaufort, 12 dovun zielen zur „Association Internationale des Beaufort“! No 1998 war hire jäerleche Meeting nees 2007 zu Lëtzebuerg mat 10 Delegatiounen aus dräi Kontinenten… (Siwe Vertrieder koumen aus Beaufort North Carolina/USA an zwee aus Beaufort/Viktoria an Australien. - Wie sech fir déi ausféierlech Geschicht vum Uert intresséiert fënnt se an 2 Bänn mam Titel “Beaufort im Wandel der Zeiten” (..mat 37 Bäiträg.) Soe mer zum Schluss nach, dass Beefort 5 km vun Iechternach läit, eng Apdikt, eng Post an eng Bank huet a mat iwwer 60 km Wanderweeër eng optimal Lag fir Promenaden duerch de Mëllerdall. Zu där relativ klenger Gemeng zielen Déiljen a Grondhaff - an 24 Veräiner mat zesumme ronn 1.100 Memberen.