Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Béiwen

De Stausee ass do fir Fräizäitaktivitéiten a fir d’Stroum- an Drénkwaasser-Produktioun. Zu Béiwen féiert de ‘Sentier Erny Schmit’ ëm de gréisste Niewen-Aarm vum Séi... D’Promenade schlängelt sech ëm de sougenannte de ‘Lac de Bavigne’ deen e puer kleng Baache aspeisen, (d’Krupbéiwen, d’Soller an d’Donkelserbaach). Den 96,6m laangen an 23m héijen Béiwener Staudamm ass eigentlech e Virbarrage mat Iwwerlaf an de grousse Barrage an en huet e Krëmmungsradius vun 52 m. Säin Zweck: e soll ugeschwemmte Material aus den Niewebaachen opfänken. En huet 1959 fir d’éischt hei Waasser gestaut. An driwwer verbënnt d’ N26 op enger Spur mat Trottoir d’Nopeschdierfer Béiwen a Léifreg.

Am Alaf vun der Béiwenerbaach an de gréisste Waasser Aarm vum Stauséi läit Béiwen! Hei war ënner dem Beruff ‘Holzschongmacher’ 1907 de J. Schmit registréiert op der Lëscht vun de lëtzebuerger Holzindustrieën. D’Duerf war 1088 fir d’éischt als “Bavines” erwänt.‘t hat um Enn vum 15 Jh. ëm 20 Menagen an huet bis bei d’franséisch Revolutioun zur Grofschaft Wolz gezielt. D‘neogotesch Martin‘s-Kierch vu Béiwen geet an hirer haiteger Form op d’Joer 1744 zeréck. Hiren Tuerm mat der Entrée staamt aus dem Mëttelalter. Hien entouréieren d‘wäertvoll Schiefferkräizer vum ale Kierfech, si an den Tuerm sinn ‘monument classé’. De Mobilier vun tëscht 1741 a ‘44 aus dem Wolzer Atelier Nicolas Jacques erënnert u generéis Zäiten. De geschnëtzte Priedegtstull gëllt mat senge charaktervolle Käpp als Kostbarkeet a gëtt ergänzt vum bombastesche Barockaltor mat Baldachin a Kroun. D‘Sallkierch mam schéine Verwëllef huet eng al dekorativ Holzdir mat handgematen Eiseneel. Duerch d’extraordinär Wierker aus Mënschenhand an d’Spiritualitéit, di vun hinnen ausgeet, fillt ee sech an hir protegéiert.

Béiwen gouf 1807 vun der Por Bauschelt getrennt. 1851 war seng Awunnerzuel mat 401 di héchst. Haut wunnen hei 137 Leit! En ‘Arrêté royal grand-ducal’ hat Enn Mee 1865 d’ ‘utilité publique’ vum geplangte Wee vun ‘Esch-sur-la-Sûre’ op Bavigne deklaréiert. Fir Landstroossen an Raccordementer un d’Eisebunn, d.h. op d’Gare de ‘Goebelsmuhl’, goungen kuerz virdrun 5.900 Fr. Subsid un d‘ 4 conçernéiert Gemengen, d.h. un déi vun Esch/Sauer, Néngsen, Mecher a Géischdref. D‘Rundstedtoffensiv oder ‘Battle of the bulge‘ hunn amerikanesch Zaldoten hei méi schlëmm empfond wéi d’Käempf an der Normandie. Den 28. Dezember 1944 gouf d’Duerf Béiwen dann endgülteg duerch d‘ 26te US Yankee Divisioun befreit. D’deemools vun den Duerfleit versprache Mariekapell koum 1953 nieft d‘3 mächteg Eechekräizer op den ‘Harelerbierg’. Do erënnert d‘originalgetrei Kopie vun der Mariestatu aus der Porkierch un schwéier Wochen. Geschwënn drop koum fir den 150. Anniversaire vun der Por e stenge Kräizwee laanscht de Kapellewee. Beim Spazéiren a Richtung Bierg fällt d’Entrée vum "Häeregaart" op. Dëse fréiere Poargaart ass terrasseförmeg ugeluet a gouf ëm d’Joerdausendwenn nei aménagéiert. Gutt Adresse sinn hei d‘Auberge Du Lac, fir Concerten gelegentlech den Häeregaart a fir Petanque-Frënn de Boulodrome..

D’Gemeng vum Uewersauer-Lac huet hire Sëtz zu Béiwen an der Doerfstrooss, si entstoung 1979 aus de Gemengen Harel a Mecher. Den Hiecht ënnen an hirem Wope symboliséiert natierlech de Stau.

P.S. De Numm Béiwen oder Böwen korrespondéiert mam nidderlännesche Boeve (Schelm), mat Boef (korpulente Mënsch), mam franséische bouvet (jonke bœuf oder Spëtznumm fir Ziichter) an dem germanesche Bovo (Bouf), mä huet wahrscheinlech näischt mat deenen Ausdréck ze dinn. ‘Bavines‘ oder Bavin ass e kaum bekannte keltesche Numm, deen a Südengland eng Fäsch Holz bedeit wéi ‘t fir Bieseme benotzt gouf oder gëtt. Eist Béiwen läit 52 km vun der Stad an am Naturpark Uewersauer; haut bitt de Naturparkzentrum en thematesche Guide un mat kuckeswäerte Plazen, di zu engem meditative Besuch alueden.