Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Baschelt

Baschelt gehéiert zur Gemeng a Por Bauschelt. Déi zwee Nopeschdierfer sinn zesummegewuess - d’Duerfschëlter weisen hir Grenz. Säit Mëtt vun de 1990ger invitéiert hei de ‘Sentier thématique’ Wisen, Baach a Bësch ze stodéiren - déi fantastesch Vue vum ‘Mirador‘ gëtt et schonn ëmmer. Dëse gutt amenagéierten Aussiichtspunkt um 448 m héijen Tempelkamp huet en attraktiven Héichsëtz. Wien gär Uertsnimm ënnersicht fënnt beim äifeler Uert Schleiden d’Explikatioun, dass dëse sech op d’Hanglag vum Uert bezitt (‘sleide’ housch am Mëttelhéichdäitschen ‘geneigte Fläche’ oder Hank.) Baschelt huet nieft der Haaptstrooss e Massewee, eng rue St. Hubert, eng rue du barrage an de la ‘vieille église’. Viru ganz laanger Zäit, wou net all Duerf eng Kapell oder Kierch hat, hunn d’Leit vu Baschelt, Béiwen a Berlé op d’Bauschelter Klacke gelauschtert. Der Chronik no hat 1487 den Nikolaus von Basleiden säi geeschtleche Virgänger (Paul de Ottrey) no véier Joer ersat, well dëse kee lëtzebuergesch konnt an d’Leit kaum franséisch. Flouernimm sinn ënner aanrem hei Steeréck, Bichel, Hellekessel a ‘Schleef’ an d’Meekieweren gi lokal ‘Heckebësser’ genannt.

D’al Bich vu Baschelt steet um lieu-dit ‘Hoschtig‘ ass mat hire staarken Zwillings-Stämm en Ëmwee wäert. Se koum 1984 op d’Supplementarlëscht vun de Monuments nationaux. Den éischte Meesonndeg ass hei Kiërmes, an ëm den 20. Oktober fällt d‘Al Kiermes, d.h. d’Fest vun hirem zweete Patréiner, St. Wendel. (Buch ‘Mosella Sacra‘.) Vu Baschelt, Bavigne, Bärel, Bungeref, Bilschdref, Bonnal, Boulaide a munnchen Dierfer rondrem si virun 100 Joer eng Partie Leit ausgewandert. (Tëscht 1840 an 1914 goung e Fënneftel vun eiser Bevëlkerung iwwer den Atlantik.) Um ‘imigrant ship’ Antwerpen-New York mam Ziel Wisconsin waren 1845 ënner hinnen zwou Baschelter Famillje Faber. Béid Pappe waren agedroen als Farmer (56 Joer - 4 Kanner an 26 Joer - 2 Kanner.) Eenzelner, z.B. den Hans-Peter D. koum spéider zréck fir seng Pensioun hei ze verbrengen a seng Aventuren z‘erzielen. An d‘Nokommen vum Edouard Denell (‘born 1884 in Baschleiden, emigrated in 1909 to Chicago’) hunn no méi wi 80 Joer hir Famill zu Lëtzebuerg gesicht! Goufe Bréiwer heem geschriwe, waren déi fréier laang ënnerwee. Hei am Land ass d’Post ewell vum Januar 1850 un deeglech verdeelt ginn. Vu Wolz aus goufe mat Baschelt 24 Dierfer rondrëm bedéngt. 1852 war dann d’Gebuertsstonn vum éischte lëtzebuergeschen Timber mam Guillaume III. D’Publikatioun ‘Bauschelt, Baschelt a Syr vu gëschter bis haut’ fir 50 Joer Musek Concordia krut 1989 méi wi ee Luef fir hire geschichtleche Reckbléck an d’Texter an der lokaler Sprooch.. Elo ass en neit Buch an der Maach fir 75 Joer!

Net hei mä am Hotel Hames zu Bauschelt (Boulaide) hat de Generol Eisenhower kuerz Zäit e Kommando-Büro. (En Denkmal erënnert do un d’Liberatioun duerch d‘35. amerikanesch Infanteriedivisioun. Baschelt hat Bunkere fir Refraktären.) – D'Restauratioun vun der Gemeng hiren dräi Kierchen  valoriséiert hir Architektur. De Grondsteen vun der aktueller Baschelter Kierch mam markanten Tuerm gouf verschiddne Quellen no wahrscheinlech 1837 oder 1842 geluet. Mëtt den 1860ger (wéi d’al Schoul entstoung) krut si en neien Haaptaltor an d’Bild vun der Schmäerzensmamm aus hirer 1714 dokumentéierter Virgängerin (déi anerwäerts stoung). Pressezeilen no kënnt hiren Altor vu 1770 aus der Stader Dräifaltegkeetskierch. (Loetsch K., 22.01.2011. L. Wort) Méi al, aus dem 16. Jh., sinn hiren Ciborium an e Kielech. D‘Ronnboufënschtren aus Kathedralglas hu reliéis Symboler, mä weder Datum nach Signatur. Den ‘Hongrege Freideg‘ zeechent zu Baschelt freides viru Pällemsonndig ëmmer eng feierlech Mass aus... well dann (mëndlechen Temoignage no) d’Faaschtenzäit eriwwer ass. (D’Karwoch sollt mat de verhaangne Kräizer bis an d’1950er als Stëll- an Trauerwoch gëllen.) Net ze vergiessen: am Hierscht 2012 hat d‘Kierchefabrik eng Ausstellung“150 Joer Baschelter Kierch an Porliewen“ organiséiert.

Zur Freed vun den Touristen si ronderëm Boulaide, Baschelt a Syr «vu Bänke gesämte» Promenaden an e 36 km laange Moutainbike-Wee. Ënner Boulaide verwandelt d‘Sauerbett sech an en impressionnante Stauséi, deen net nëmme Frënn vum Waassersport a Fëscher unzéit. Fësche war fréier heirëmmer eng traditionnell an deels lukrativ Beschäftegung. Haut ass dofir e Bannegewässerpermis néideg. Säit den 1980ger gi kulturell an natierlech Ressourcen optimal genotzt. Den Donatien Liesse, Responsable vum Parc Naturel Haute Sûre Forêt d'Anlier, nennt d’gutt Zesummespill vu landwiertschaftleche Ressourcen a kulturelle Wuerzelen indispensabel fir de Bewunner hire 'Bien-être'. Nobäi an attraktiv sinn am Summer d’Plage “Rommwiss” a ‘Flebour’, e Fleck op der Landkaart mat Brasserie, Wakanze-Gîte an enger gudder Dosen Haiser. An ënner ville Photomotiver begeeschteren dem Séi seng ”Serpentinen” am Summer- oder Wanterkleed - an op klenge Säitenäerm si mam „Zoom“ entdeckte Kormoranen en Highlight fir Filmfrënn.

P.S. Bis 1828 war Baschelt an der Gemeng Mecher. Op der Landkaart läit et um selwechte Breedegrad (49.9) wéi Amiens, wou 1802 de Konsul Bonaparte mat Groussbritanien Fridde geschloss hat. Mä dee war vu kuerzer Dauer, well Notizen no hunn 30 Baschelter a Bauschelter Jongen ënner dem Napoleon gedéngt! Sengerzäit koum hei de Charles-Gérard Eyschen (*1800) op d’Welt, de spéideren Dokter a Philosophie an Droit, dee Riichter gouf, Deputéierte, Member vum neigegrënnte Staatsrot a Papp vum Staatsminister Paul Eyschen. Den eelsten Deel vum Duerf heescht iwwregens “An der Staadt“. Ee jonke Stater Éislek-Fan koum an de 1950ger heefeg mam Velo bei d‘Baschelter Grousseltren an d’Vakanz.. (50 km an 2½ Stonnen!) An do koumen, trotz Kolonnenuewen altemol Äisblummen an d’Fënschtren, an Bauchen a Bleechen vum Lengend war eng gréisser Entreprise. - D’Questioun ob Baschelt een "a" kritt oder zwee, kläert den Dictionnaire: am Guttland huet et der zwee, an am Norden een! D’Ferrariskaart, déi d’Haiser a ländlechen Zonen individuell duerstellt, schreift bei Baschleyden di zweet Silb mat engem «i-grec».