Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Nidderkäerjeng

Stechwierder illustréieren d‘Nidderkäerjénger Duerfgeschicht: 1804 hat et 415 Awunner an 2003 ewell 4.808.. Eis haut gréisst Brauerei hat de Jean-Baptiste Bofferding 1842 gegrënnt. D’Mise en service vun hirem éischten ‘distributeur automatique de bière en bouteille’ war am Januar 1969.. Op der Péitenger Streck, um ‘point kilométrique’ 17.000 steet d’Gare Bascharage–Sanem; hire Guichet goung am September 1900 op.. D‘Käerjenger Musekschoul besteet säit 1965 an huet iwwer 580 Eleven.. Seng ronn 5.400 Awunner (vun deenen 10 % an der Haaptstrooss wunnen an 2012 ëm 28 % Net-Lëtzebuerger sinn) hunn e schéine Choix vu Restauranten, well 't kann ee se net méi op zwou Hänn zielen.

Nidderkäerjeng läit op der fréierer Grenz vum romaneschen a fränkesche Sproochraum. Den Uertsnumm Käerjeng soll keltesch Wuerzelen hunn; aus ‘Kar‘, d.h. Steebaach, gouf no an no Karsen a Kerschen. Et wor ëm d’Joer 500 groussendeels chrëschtlech an d’Landkierch fir d’Géigend war Arel. Eng éischt Bascharager Kierchenotiz datéiert vun 1243, Donatioune vun 1282 an ’89 erwähnen hei e Cherange oder ‘Cheraise infiore’ ënner dem Protektorat vum hellege Maximin. De Gemengewopen erënnert un d’Armoirie vum Raoul de Sterpenich, e Seigneur vu Bascharage aus dem 13. Joerhonnert. D’Por bestoung grad wi déi vu Kënzeg schonn am 7. Joerhonnert. Hiren éischte vun 29 bekannte Paschtéier war 1360 e Johann vun der Zolwer Buerg. En Dokument vu Wenzel II. hat “den Awunner vun Over- a Nyderkair Schutz“ versprach a gouf 1433 vun der Elisabeth vu Görlitz erneiert. D'Duerf  'Charage' gouf 1749 am Rapport mat Stroossenaarbechten ernimmt.

Zur "Hoheit Kerschen" hu Lénger a Péiteng, Uewer- an Nidderkäerjeng gehéiert. Dem leschte seng al Kierch war 1788 gebaut ginn, ewell 1802 renovéiert, 60 Joer drop vergréissert.. a stoung bis 1985. Di modern gouf 1982 consécréiert an dem Willibrord geweit. D’Plange vum Architektenteam Haagen-Ewert-Jegen hunn e Porzentrum mat Wunneng a Porheem nieft dem Kierchebau mat abezunn. Hire 1978 geluete Grondsteen aus der Gilsdreff Karrière steet als kënschtlereschen Akzent an der Baussen-Architektur. Hir translucide Beton-Sprosse-Fensteren vum Zanter hu freedeg-lyresch Téin …“Et geet an hinne méi ëm Austrahlung wéi ëm präzis Duerstellung“ (..sot dozou de Michel Schmitt). De polygonale Raum mat 450 Plazen ass fächerförmeg ëm den Altorberäich ugeluet. Vir fällt eng monumental Kräizigungsgrupp op mat Pietà-Relief am Sockel - am Stil vun ale Weekräizer. Dës war fréier um ale Kierchtuerm plaçéiert a soll hei fir Kontinuitéit am Glawensliewen a kierchlech Denkmalfleg stoen. D’wäertvoll Madonnestatue aus 18. Jh. dekoréiert eng Wandnisch; an der säitlecher “Wierteskapell” kucken ëm 100 Plazen op d’hl. Irmina an de Willibrord vum Rifesser. Hir Fënstre vum André Haagen a Glasschmelztechnik hu bal ‘paradiesesch’ Nuancen. Eeler expressiv Fënstre vu 1952 vun de Bridder Probst verschéineren de Passage zwësche Kierch a Porzentrum. Eng detailléiert Betruechtung erfuerdert deen a Bronze gegossene figurative Kräizwee mat den Travertin’s Kräizer vum Bettina Scholl-Sabatini; e verréit Spezialiste no e staarkt kënschtlerescht Afillungsverméigen. A senger 15. Statioun wiisst e Liewensbam aus dem Kräiz eraus.

Déi nei separat 28 m héich Bascharager Tuermsilhouette symboliséiert eng “Renconter vun Erd mat Loft a Matière mat Geescht”. Hiren Hunn aus Koffer steet om dräi Meter héigen an 350 Kilo schwéiere stoole Kräiz. Dat speziellt un dësem Entworf vum André Hagen: ’t erkennt ee seng Form aus allen Himmelsrichtungen! D’eelst sougenannte “Cloche Lorraine” ass vu 1508, di zweet Klack vu 1788 an di drëtt ass manner al. Bei si koumen 2007 fir de 25. Anniversaire dräi neier vu Maria Laach, an di sechs lauden elo den Zeremonien ugepasst. (Kierchtuermscauserien 2007)

P:S: D‘Gemeng ‘Niederkerschen‘ entstoung 1799 mat Lénger an Nidder- an Uewerkäerjeng. Hiren éischte Buergermeeschter Pierre Clement gouf 1803 „wegen Dienstvergehens von seinem Amt enthoben“. Fir z’évitéieren, dass de Napoleon och hei d‘jong Männer an d’Arméi aruffe sollt, war jidfer neigebuerend Kand als Meedchen agedroe ginn! Um Pabeier goufen an zwee Joer esou ‘16 Knaben zu Mädchen umgewandelt‘ verréit d’Gemengenarchiv. Beim Gebuertsregëster senger 1. Kontroll koum de Schwindel eraus! (Bei spéidere Wahlen gouf den Här Clement zréckgewielt, 1805 als Conseiller an duerno 9 Joer als Maire.) - Déi aktuell Fusiounsgemeng Käerjeng entstoung den 1. Januar 2012 aus de Communë Bascharage & Clemency, zielt mat den 'Kéintzeger' a Féngeger ronn 10.000 Awunner an ass mat 3.364 Hektar di aachtgréisst am Land. Programméiert sinn mat staatlecher Fusiounshëllëf ënner aanrem „op Zaemer“ Gemengenatelieren an e Waassertuerm, e supplementärt Schoulgebai an de neie Kulturzentrum „Käerjenger Treff“. Bei de Spillplaze soll sech um „Kënzeger Modell“ orientéiert ginn, dee léiwer e puer grousser huet ewéi vill klenger. - De neien Duerfkär mat der Place Claus Cito entstoung no der villbesichter Ausstellung „Gëlle Fra“, déi no der Weltausstellung en Detour op “Kéjeng” gemat huet. Hiren hei 1882 gebuerene Skulpteur Nicolas 'Claus' Cito hat Konscht zu Düsseldorf a ‘beaux-arts‘ zu Bréissel stodéiert, säi monumentaalst Wierk hat den Erléiss vun engem speziellen Timber matfinanzéiert. (Kierchtuermspromenaden 30.10.2012)