Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kierchen

Kierchen - wéi d'Duerf Basbellain oder Nidderbeessleck am Volleksmond genannt gëtt - läit op 450 bis 460 m Héicht un der Woltz an der Klinkebaach. Vu 1795 bis 1909 war et Gemengenhaaptuert. Duerno koum et bei Ëlwen, dat en Opschwonk duerch d'Eisebunn kritt hat. Et huet véier Kapellen, eng op jidder Eck, wéi bal iwwerall am Norden. Vu senger aler Millen, der "Kierchermillen" (op 448 m), si just nach Millesteng do. D'Duerfhaiser zu Nidderbeessleck si gutt soignéiert. Et huet an der aler Schoul eng Garderie an ass am Touriste-Jargon eng "lieflijk plaatsje"! Fréier goung eng bedeitend Réimerstrooss vun Reims iwwer Ivoix am Comté de Chiny via ‘Besslingen’ a St.Vith a Richtung Köln.

Ob dat réimescht Belsonacum ëm 300 no Christi oder schonn éischter gegrënnt gouf ass onkloer, ‘t gëtt allerdéngs als eelst Lokalitéit am Land bezeechent. No Usiicht vun Historiker goung d'Besiedlung vun den Ardennen vun dëser Géigend aus. Seng opfalend Buedemheefunge gëllen als keltesch a gallo-réimesch Graafhiwwelen. Bei Nidderbeessleck konnt e grousse réimesche Kierfech lokaliséiert an zum Deel ausgegruewe ginn. Objet'en aus dem 1. Joerhonnert verroden, dass hei relativ wuelhabend Réimer gewunnt hunn. Als "premier village du Duché" gëtt Basbellain 585 mentionnéiert an der "Historia francorum" vum Grégoire de Tours. Am selwechte Joer huet de just groussjärege Merowingerkinneck Childebert II. hei an senger Villa ‘Belsonancum‘ Geriicht gehalen. Wahrscheinlech hat dee chëschtlechen Herrscher aus dem Frankeräich dunn ordonnéiert op sengem Gutt eng Kierch ze bauen, well hei gëtt traditionnell de Frankenapostel Remigius veréiert. Temoin aus der Merowingerzäit ass eng Gold-Mënz aus dem 7. Joerhonnert, déi om Kierfech fonnt gouf. Si ass op engem Timber vu 1976 veréiwegt. Gidder zu Bitburg a Beessleck haten am 8. Joerhonnert och d'Enkele vu Pippin II., den Arnulf a Pippin de Jéngeren. Op Grond vun all dësen Date gouf dann 1400 Joër "Kierchen" gefeiert!

Wéi déi al Basbellainer Kierch ofgerappt gouf ass de barocke Mobilier verkaaft ginn, ausser e puer wäertvolle Statuen: Jousef mam Kand, Maria mam Kand an dem Christophorus. Vun enger fréierer Kierch si "fonts baptismaux" vun 1437 do an e wuchtege fréiromaneschen Dafbecken. Mä hir Geschicht ass verschleeërt. Eenzege bekannten Detail iwwer eng 'Mammekierch' aus dësem Raum: Si hat uechtzéng Filialen! Bis 1585 sollte Limerlé (Lamescher) a Steinbach (Steemich) zur Por gehéieren an länger Zäit och Gouvy (Gäilech). Um Kierfech war duerfir een Deel fir Wallouner reservéiert. D'Virgängerin war iwwregens 1716 baufälleg a rekonstruéiert ginn.

D' “Kiercher“ neigotesch Kierch ass relativ nei. Gebaut gouf se 1872 nom Plang vum Architekt Rémont vu Léck. S'ass dräischëffeg, a schéine Faarwe restauréiert an impressionnant wéi eng "kleng Kathedral", hat de Michel Schmitt vun hir geschriwwen. Hire Basrelief mat Dafzeen representéiert e klengt Stéck Éisleker Kultur. Vun 1991 un zielt hire Site mam historesche Kierfech zum Lëtzebuerger Kulturierwen. Seng typesch Leeë-Kräizer vu fréiere Geeschtlechen sinn gutt erhalen, dat Eelst ass vun 1693. - An den 1920ger Joren hat de Blëtz an de relativ héije Basbellainer od. Nidderbeesleker Kierchtuerm ageschloen. Seng Konstruktioun sollt duerno e bëssche méi niddereg bleiwen. Wat di zeng schéi faarwlech equilibréiert Kierchefënstere betrëfft, si sinn vum Zanter a mat déi éischt nom Krich. Si refletéieren wéi vill vu senge Wierker, dem Bettina Scholl-Sabbatini no eng «sensation de béatitude». Eng vun hinne weist d’helleg Kunigunde mat Zepter a Kroun, wahrscheinlech inspiréiert aus der Kathedral. - Kapellen, Kierchen a Kierfecher an d’Geschichte ronderëm man eng Eenheet a spigele Biller aus dem Duerfliewe vu fréier erëm. An al Nimm verstoppen heiandsdo eng gewësse Poésie. Am mysteriéisen Numm Belsonacum läit belsona, e‘Wuert, dat op Esperanto ‘wuelkléngend‘ bedeit.

P.S. Geschichtsbicher erwähnen dem Karel de Grousse seng Juegdvilla bei Nidderbeesslek, säi Faible fir Wëllschwäinbrot a fir d’Virliese vu geléierte Mönche bei Dësch. Duerch säin Asaz fir Bildung, Konscht a Landwirtschaft konnten Handel a kierchlech Muecht gedeien. D’Wëssenschaft, déi ëm d’Bedeitung vun de Wierder dréit, huet am Fall vu Nidderbeeslek e gewësse Choix! Dat keltescht Bes korrespondéiert mam al-laténgesche Begrëff fir Bierk, a ‘Bessière’ bedeit Uert mat Bierken! Den Numm Besly, équivalent vu Bély, Belly oder Bellin, ass en Diminutif vu Beau a Bel. Bellaing am Arrondissement Valenciennes an eist Basbellain hunn am Numm Belain... d.h. Schof! Mä ‘t kéinnt och e Lien bestoe mam keltesche Sonnegott Belenus an der Göttin Belena. Dem germanesche Numm Bellissen oder ‘Bilisind’ seng Wuerzel "bili" ass doux, amiable; sou sollt eng Duechter vu Karel dem Groussen heeschen. Dëst an de schwedesche Séi Besslingen an der Provenz Örebro sinn e puer vun onendlech villen Online-Informatioune vu Google.