Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Aasselbur

Dem Naturmusée seng Kartographie vun 2005 weist Schiefergrouwen zu Aasselbur. D'gutt Qualitéit vun hire Leeën hat 1889 e Präis op der Universalausstellung zu Paräis confirméiert. Hirer Leeën decken ë.a. den Daach vun der Stater Häerz-Jesu Kierch; mä zum Opbau vun den zerstéierten Éisleker Dierfer konnte si an d’Maartelenger net genug Leeën no der Rundstedtoffensive liwweren. - Aasselbur läit un der 87 km laanger N12 - grad emol 8 km vu Clierf. ‘t gehéiert zanter 1977 zur Gemeng Wëntger. D'Liewen gëtt de Leit vun do Aufgaben déi hirem Talent entspriechen. A schéngen dës Tâchen emol extra schwéier, da suergen se fir eng nei Experienz. En Unzéiungspunkt nobäi ass d'Aasselburer Millen, haut en Hotel-Restaurant. Si ass anengems och e Waassermillen- a Mëllermusée. Hiert Waasserrad funktionéiert just nach op Wonsch. Tëscht der Éimeschbaach an der Aasselburer Millen ass haut e Biotop deen deels op engem kulturelle Circuit läit.

Asselborn oder "Aselburo" bestoung ewell an der Frankenzäit. Ufanks August 2012 huet et 374 Awunner gezielt an d‘Gemeng koum no un 4000. Si ass a 34 Joer ëm gutt 1000 Leit gewuess! . Aselo bedeit op däitsch Assel an Éimes eng ‘Eidechs’. (Ob e Bezug besteet, do, zu deene klenge Krabbel- a Kräichdéiercher?) Den Duerfnumm ass an enger aler Charte vu 1479 ze fannen. Geschwënn duerno hat de Seigneur vu Girsch e Petrus vun Asselborn als Geeschtlechen zu Thiaumont (Diedenberg) proposéiert. D‘d'Duäref’ un der "Éimeschbaach" louch un engem Carrefour an huet fréier méi eng grouss Roll gespillt wéi anerer ronderëm. Wie vun Antwerpen op Roum oder Neapel reese wollt, ass duerch Aasselbur gefuer! Do ass vu 1558 un (130 Joer laang) d'Turn & Taxis-Postkutsch passéiert. D’Auberge vum Post-Relais, e ‘bâtiment authentique’ aus dem16. Jh., bidd do elo en anere Kader un wéi d’traditionnell Hôtellerie. D’Leekoll, d.h. d’10 ha grouss Grouwe gounge géint 1880 a Betrib. Den Héichpunkt vun der Exploitatioun war 1928 mat 1.200.000 produzéierte Leeën. Deemools hunn an der Kaul 55 Leit geschafft, dovun 20 ënnerdaach an di aner iwwerdaach.

De kulturelle Weeweiser „Das alte Luxemburg heute“ weist op der Aasselburer Kierch hire spéitgotesche Chouer mat iwwerhéitem Daach hinn. Säin Alter datéiert en op d'Enn vum 15. Joerhonnert. Kuckeswäert si säi Kräizrëppeverwëllef mam schéine Schlusssteen mam hellge Péitrus an zwou konschtvoll al romanesch Figuren un de säitleche Säilenenner. A ganz imposant ass de Barock-Altor vun 1708 vum Baschtnecher Bildhauer Johann Tossing oder Toussaint. Vun him stinn ähnlecher am Stil, deen de Scholtus iwwerholl huet, zu St. Hubert, Housen a Munzen.

Eng speziell Bedeitung hat hei ëmmer d'Rousekranzpressessioun. Si geet op eng 1728 gegrënnte Brudderschaft zréck. An hir ware Laien, Geeschtlecher an Uerdensläit aus engem groussen Emkrees – vun den Ëlwener Patere bis bei d‘adeleg Housener Schwësteren. (Hir Membere hu missen an enger fir si bestëmmte Stonn am Joer déi 15 Rousekranzgesetzer an de Credo bieden an deen Dag zu de Sakramenter goën.) Zur fréierer Par Aasselbur haten och d'Kapelle vu Rëmeljen a Saassel gehéiert. Se forméieren elo mat 3 Parverbänn (Wëntger, Ëlwen, Wäiswampech) d’grouss Par Wëntger Sainte-Famille. De lokale Glaskënschtler Robert Emeringer huet ewell iwwer 18 Bauwierker mat konschtvolle Fënschtren verschéinert, Aasselbuer huet senger Glaswierker um Duxall. (Vill vun eiser Glaskonscht weist d’‘Forschungsstelle Glasmalerei’.)

Zur Zäit vum Klëppelkrich war an dëser Géigend vill Onrou. De Michel Pintz, genannt "Schéifer Misch", an e groussen Deel vun der Populatioun hu sech géint di franséisch Iwwerfäll gewiert. Herno sollt d‘Resistenz dee Couragéierten d'Liewe kaschten! D'Urteel hat geheesch: ‘Doud duerch Guillautine‘ bei der zerstéierter Glaciskapell! De Misch war dat 28. Affer, 25 Joer al, an ass den 20. Mee 1799 higeriicht ginn! Säi 15järege Compagnon krut 20 Joer Prisong. Di zwee waren den 30.Oktober 1798 matschëlleg um "assassinat de deux gendarmes républicains". Am leschte Joerhonnert hunn d‘lëtzebuerger Auteure Michel Welter a Batty Weber aus deem Drama Bühnestécker geschriwwen. E Chronogramm vum Jean Steffen war 1999 fir de Bicentenaire vun der Executioun an der "Warte":

MIChaeL pIntzIVs aDVLesCens VT aIVnt VeraX fortIter LetIfera seCVrI obIIt. (LE JEUNE MICHEL PINTZ, SELON LA TRADITION UN ADEPTE INTRANSIGEANT DE LA VÉRITÉ, PASSA COURAGEUSEMENT DE VIE À TRÉPAS SOUS LE COUPERET MEURTRIER) - Manner opreegend ass eng Notiz aus dem Memorial vun 1891; do steet, dass Aasselbur e Subsid vun 1000 Frang krut fir dat neit Paschtoueschhaus. - D'N12, eng vun de längsten Nationalstroossen zu Lëtzebuerg, geet duerch 5 Kantone, vu Lëtzebuerg via Aasselbur op d’Wämperhaart. Do huet s’Uschloss un d'N7 a weider un d’E421. (Groussendeels de 05.08.2012 publizéiert - Originaltext aus de ‘Kierchtuermscauserien‘.)

Unhang: Ënner dem Guillaume II. (Groussherzog tëscht 1840-1849) sollt d’Stad Lëtzebuerg liicht wuessen. 1838 hat se ronn 11.500 Awunner an 1848 dann 11.828. Aasselbur koum 1848 mat der Millen op 433 Leit an op 6 Gemengeconselljen. De Roi-Grand-Duc sot ‘hie wéillt d’Wuelergoe vum Land - an dat duerch d’Lëtzebuerger selwer!’ Ënner him goufen d’staatlech Institutiounen opgebaut, en huet ë. a. den ordre de la couronne de chêne gegrënnt a franséisch gouf Flichtfach an de Schoulen. A villerlee kleng Schrëtt sollten zu eiser Autonomie féieren. E wirtschaftleche Wuesstëm koum dann no 1870. De Familljennumm Asselborn war 1880 just 28 mol an der Statistik ( an 1984 dann 88 mol.) - Nach Chiffren zu de lokale Leekolle vun ‘Aasselburren’ wéi et bei den Awunner heescht: D'ronn 10 ha grouss Kolle goufen ënnerdaach op enger Déift vun 100 Meter op engem ha exploitéiert. D'Recht fir ënnerdaach ze schaffen hat eng Fläch vun 23 ha ëmfaasst. (Detail vu Wikipedia.) 1969 goufen d'Leekollen zu Aasselbur definitiv zougemaach. De Betrib sollt net den erwaarten Erfolleg hunn wéins Transportproblemer; e louch leider net un enger Eisebunn.

Nozedroe vum September 1893: Deemols koum den ‘Directeur Général des Finances’, de Minister Mongenast e puer Deeg op Emeschbaach. En hat do dann awer Problemer fir an d’Stad ze telefonéieren - an ‘t gounge Reklamatiounen un d’Postdirektioun an den Telegraphen-Inspekter! (Léon Bodé, Buch zum Centenaire vum Telephon.) (De Minister hat héchstwahrscheinlech den noe ‘Posteck’ besicht a géif sech freeën, haut, mat sengen Nofolger, dass e Posthoar am Wëntger Wôpen un di gutt al Zäit erënnert. - Last but not least hat de Verein „Duärefatelier“ verschidden Handwierker a Kënschtler engagéiert zwou Duerfkapellen ze renovéieren. Di Zweet un der Kräizung Burregaas an ‘Uewwelanst’ krut dunn e Schiferbuedem, eng faarwefrou Fënschter mat Bläiverglasung – geschafe vum Robert Emeringer - an eng herrlech Fer-Forgé-Poart vum Jeannot Thines.