Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Uespelt

Uespelt, Aspelt, war an der franséischer Revolutioun Deel vum Kanton Hesper. De "Jangeli" Lëtzebuerg-Réimech koum doduerch tëscht 1882 an 1952, d'Bunn op Beetebuerg säit 1899. D'Schinne si 1955 verschwonnen an d'Duerf ass gewuess. Un d'Schwéiesch vum Grof Sigfried, d'Gräfin Uda aus dem 'Haus Uespelt' erënnert e notariellen Akt. Si hat 963 hir Ierwschaft vu Fréiseng mat Iewreng, Fëlschdref an Uespelt ("Hadespelth") der Tréirer Abtei St. Maximäin geschenkt. Hir Nokomme si nom Duerf benannt. De Pierre d'Aspelt hat dem lëtzebuerger Grofenhaus zu grousser Influence verhollef a goung als Mainzer Erzbeschof vu 1306 -1320 an d'Geschicht an. - Hei goufen emol Fauschtkeiler aus der Steenzäit fond, Reschter vun enger Réimervilla aus Steng vu viirkeltesche Siedlungen, e Brandgraf mat Urne aus der Zäit vum Keeser Augustus, an ënner anerem eng typesch Bronze Fibel wéi héich réimesch Fonctionnaire se haten.. Eng gutt Qualitéit muss Uespelter Sand hunn, mat him gouf d'Diddelenger Kierch gebaut.

Säit 1320 kuckt de Péiter vun Uespelt vu senger Grafplaque am Mainzer Doum zefridden erof op di vun him Gekréinten. Eng Uespelter Kierchefënster vu 1953 vum Lé Tanson kopéiert dës Pose. Dem Michel Margue no war hien "nom Kinneck den zweetwichtegste Personnage vum Empire". Op Mënzen an Timbren ass e veréiwegt.. an om Tréierer Balduin-Denkmal nieft dem Dante. Wéi de Péiter 1253 gebuer gouf huet seng Famill d'Domainë vu St. Maximäin geréiert, déi ënner Protektioun vum Lëtzebuerger Grof stoungen. D'Ënnerschrëft vu sengem Grousspapp Wauthier steet 1182 nieft där vum Grof Henri IV., engem Baudouin d'Aspelt seng 1244 om Stadter Fräiheetsbréif als Zeie vun der Ermesinde. (1928 goufen hei Mënzen ausgegruewe mat enger symbolescher Stadpaart aus der Ermesinde-Zäit a Louthrengesch an Tréierer Denaren.) De Grof Henri de VII. hat am November 1298 op Biede vun "nostre bon ami monsignor Piere par la grâce de Dieu eveske de Baisle" säi Brudder, de fréiere Stadriichter Wilhelm a seng Famill geadelt. Geschwënn drop gouf Henri VII. mat de Stëmme vum Balduin vun Tréier an sengem ‚Mainzer‘ Frënd bei der Keeserwal ënnerstëtzt. Sécherlech war de Kierchefürst och dem jonke Jang (dee spéider blann gouf') no senger d'Kréinung zu Prag 1311 e gudde Conseiller. E Kierchelexikon erwähnt 'den Aichspalter' um Mainzer Erzbeschofstroun als Initiator vu Kierchegesetzer. Un d'Fest ëm säi 700ste Gebuertsdag erënnert eng Gedenktafel um Uespelter Schlass.

Dës ural Waasserbuerg daucht 1132 an Iechternacher Chronike vum Mönch Theoderich op. Hir schwéier gotesch Ronntierm aus dem 14. Joerhonnert ëmginn en altertëmleche Flair. D'Gebai ass manner al, iwwer der Entrée erënnert en Hochzäitswope vu 1584 un d' Famillen de Burthé an de la Ruelle an un den Ausbau vum Palas. 200 Joer spéider huet d'Famill de Martiny de Fliggel mat der stilvoller Bannentrap ugebaut an d'Schéissscharten zougemauert. Den Uespelter Wopen, en "Duebeladler a sëllwer a Blo" gläicht dem Keeser–Symbol aus Zäite vum Sigismund an deit hinn op d'Relatioun mat St. Maximäin. De Victor Hugo hat am August 1871 beim Skizzéiere vum alen Uespelter Kierchtuerm observéiert, dass d'Duerfleit nët gär ënner Tutelle gelieft a seng Oppositioun géint sozial Ongerechtegkeet bewonnert hunn.

D'baufälleg Kierch huet 1874 en Neibau ersat.... mä de neien Tuerm ass kuerz drop vum Blëtz getraff an d'Strooss gefall. Kuckeswäert sinn hir Renaissance Epitaph mat engem Wéckelkand vu 1568 ënner dem Duxal – an drop e barocken Dräifaltegkeetsmedaillon an eng nei Uergel. E spéitgotesche Schlussteen am Verwëllef weist den hl. Andreas mam Datum 1514 a gotesche Chiffren. D‘Sakramentshaischen mat Okulus ass e spéitgotesche Bijou.* D'al Käerzeliichtere ware vläicht net wäertvoll, mä hu virun 100 Joer misse blenken wéi e Spigel, dass den Här vum Altor aus d'Kanner am Bléck hat! Last not least weisen d'Regesteren, dass d'Duerf bis 1803 mat Helleng, Hoen an Iewreng zur Por Fréiseng gehéiert huet an zum Duelemer Uewergeriichtshaff. Den Uespelter Greffier Joh. Bredimus hat 1616 e 47 Punkte laange "Sehnerweistum" fir de Fréisenger Kiercherot signéiert, an deem eng Zeil seet 'de Pastor bräicht e Päerd fir Krankevisiten ze man'… (Zitat aus dem Buch 'Kierchtuermscauserien')

P.S. *Den Tableau vun der Kräizegung aus dem XVII. Joerhonnert ass e Bléckfank am Chouer a ganz ouni Craquelure… E gouf 2009 vun der Tilly Hoffelt restauréiert, där hir passionnant Aarbecht Gedold, Demut an e grousse Savoir-Faire verlaangt.