Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Aansebuerg

An der Faaschtenzäit si keng Kiermessen, dofir wëlle mer weiderfuere mat klengen Duerfportrait’en. Net jidder Uertschaft am Land huet eng eege Kiermes, Aansebuerg huet seng beispillsweis mat Tënten! Aansebuerg huet eläng 2 vu 7 Schlässer aus dem Äischdall! An deen zielt mam Mamerdall zur gréisster ‘zone de protection naturelle’ vum Grand-Duché…. eng Plaz also, iwwer déi et munneches z’erziele gëtt!

Aansebuerg (Ansemburg) huet 63 Awunner. Seng mächteg Ritterbuerg hat wahrscheinlech Holzbauten als Virgängerin. Si an hir Dynastie sinn 1135 ernimmt mam Hubert von Ansemburg. Ëm 1440 hat d’Margareta vun hei de Simmer Buerghär Jean de Raville bestued. Am Hierscht 1624 hat Florent de IV. vu Raville, Här vun Aansebuerg, de Bridder Thomas a Nicolas Bidart vun Dinant, de Simmerschmelz hire Grënner, erlaabt hei en Eisewierk opzeriichten. Den Thomas Bidart gouf de gréisste Steierzueler vum deemolegen Duché - mä dem Florent de Raville seng Scholde sinn duerch d’Laascht vum Dressegjährege Krich gewuess. Hie sollt da beim Schmelzhär Geld léinen mä schliisslech goung 1671 d’gesamt Herrschaft Aansebuerg un d’Ierwe vum Bidart.

Dat neit ‘ënnescht Schlass’ gouf tëscht 1638 – ’39 gebaut.. Am 18.Jh ass et erweidert gi vum Bidart Ierwen, deem an de Grofestand erhuewene Lambert Joseph de Marchant et d’Ansemburg (1705-1768), ee Mënzen- a Bicher-Sammler. Am 3,5 ha grousse Beréng entstoung 1750 e Park, deem seng al Beem vu 1775 haut en 210 m laange ’ couloir vert’ an e ‘monument naturel unique’ sinn. D’konschtvollt Barock Portal impressionéiert grad wéi di schéi Gäert am Stil vun hirem Versailler Virbild. Zenter 1996 huet d’Mahikari hei hire Siége! Bei d'Duerfkapell ‘Mont Marie’ mat der Aansebuerger Familjegruft féiert eng géi Trap; s’entstoung ronn 50 Joer nom Schlass, also tëscht 1686 – ’71; hir Patréinesch ass d’Consolatrix. Fréier gouf dëser hir Statu vum hl. Franziskus an dem hl. Niklos encadréiert.… Haut ass d’Kapell eidel, ausser wann do en Déngscht ass. Am Porhaus hei donieft war iwwregens di éischt Schoul am Land...

1999 gouf di laang verluer gegleefte 700 Joer al Pergamenthandschrëft vum Yolanda-Epos erëmfond an der Buerg-Bibliothéik! Dee Codex Mariendalensis ass den eelsten a ganz wäertvolle bekannte literaresche Sproochtémoignage aus eiser Géigend. Seng bal 6000 Versen op Muselfränkesch, geschriwwen vum Dominikanermönch Hermann von Veldenz, hat 1929 de Nikolaus Welter net ouni patriotesche Stolz “als éischt literarescht Denkmal vun eiser Sprooch” deklaréiert. Den Aansebuerger Grof Gaston, de Kulturminister François Biltgen an d'Direktrice vun der Nationalbibilothek Monique Kieffer haten am 1999 Mee op de Vernissage vun der Expo "Trésors cachés du Luxembourg - les archives et la bibliothèque des comtes d'Ansembourg" agelueden. An dës Schätz hu gläich d'Opmierksamkeet vun der internationaler Press ugezunn…. Naturfrënn bewonneren am Beräich vum Schlass hei ewell zanter 30 Joer d’Mauer-Ederes, d’Mauereidechs, déi och am Dall vun der Our, der Waark a bei Branebuerg an isoléierte Gruppen haust. Wou a wéini heirëmmer Kiermes ass spillt fir si keng Roll!!  

P.S. Fir de jonke Grof Gaston-Gaëtan de Marchant et d’Ansembourg an d’Marina Tenderes hunn den 28.8.2010 d’Hochzäitsklacken gelaut… Se si mat Päerdskutschen vun der Buerg an d’Porkierch op Tënten gefuer.…. An do hunn d’Sopranistin Florence d’Ansembourg an e Blechbléiserquintett d’Mass encadréiert. De jonke Grof huet nom Doud vu sengem Papp säi Wunnsëtz an der mëttelalterlecher Buerg.