Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Aangelsbierg

Aangelsbierg zielt zur Gemeng Fëschbech an dem Porverband Miersch, ‘t heescht ofgekierzt Angsbreg… an d'Leit vun hei an Ëmgéigend benotzen ee kuerz-a-gudden Adjektiv : si soen d’Angsber Schoul... d’Angsber-Stuff oder den Angsber Gesank! Dësen existéiert zënter 1893 an zielt den Ament 15 aktiv Memberen. En trëtt heefeg op mat der Fëschbecher Chorale St. Grégoire. A well Ufangs Oktober hei Kiermes ass, sengt en um Virowend den Hämmelsmarsch fir d’Leit op deen Dag anzestëmmen.

D’Wuert Kermesse soll seng Originen a Flanderen hunn, et désignéiert do e Porfest an ass d’franséisch Form vum flämesche Kerkmisse - Messe de l' église! Och wann ‘t zu Angsbreg keng speziell Bräich ginn, a keng Kiermes-Spiller a Buden opgeriicht sinn, dierft de fréiere gudde Rot ëm esou Fester… “maach dass d’Kierch am Duerf bleift“ d.h. nët z’iwwerdreiwen, net ganz vergiess sinn. Nieft Aangelsbierg weist d’Ferraris Kaart Mëtt de 1770 ger zur Fëschbecher Säit hinn den Hermitage St. Jean... Wiichtelcher waren heefeg heirëmmer an am Mierscherdall; hirer Wunnenge sollten op der Angsber Héicht sinn, mä existéiere natierlech net op Landkaarten. Den Dr. Feltgen beschreift virun 100 Joer an engem topographeschen Text iwwer Miersch an d’Ëmgéigend ee speziellen Erratesche Steeblock, e scheinbar verierte ‘Findling’ wéi et keng aner hei gëtt. Deen extra haarden iwwer 300 kg schwéieren Angsber Fielsblock gouf am 8. Jh. urkundlech ‘wäisse Steen’  genannt a war den ëstleche Grenzsteen  vun der Por Miersch.                             

’t wunnen um Aangelsbierg an der Gemeng Fëschbech ongeféier 420 Leit. ‘t hat der 1848 just 161.  Am Kapitel Réimer-Stroossen ass en typeschen nordëstlechen  Héiewee iwwer Aangelsbierg a  Blaaschent duerch de Gréngewald an Direktioun Weimeschkierch bekannt. An eng Ofzweigung  vum  réimeschen Handelswee vun Tréier, Housen-Huldang- Léck goung  iwwer Angsbreg op Arel. Op Tréier, Léck oder Arel goungen d’Leit deemools wahrscheinlech selten, an op aner Reesen gounge se vläicht just an hirer Phantasie.

Hei gëtt den Hl. Lampert veréiert, deen heefeg mat beschéfleche Gewänner an Häerz a Flamen an der Hand duergestallt ass… Pilger hunn him 3 Eeër bruet, fréier, dass d’Hénger gutt sollte leeën. D’Kierch vun Angsbreg ass dem hl. Corneill dédiéiert, dee Bëschof vu Roum war a Poopst, an se huet eng opwenneg geschnëtzten Hippolyte Statu vum N. Greef-Greisch. Hir zwee gotesch Altorliichteren an e Kielech mat Joreszuel 1613 kommen an Notize vum Fielser Här J. Didier vir. An dëse 1879 verstuerwene Konschtfrënd beschreift hei och eng Klack mat der Inscriptioun, “bei hirem Laude géifen St. Barbara a St. Laurentz ‘den Teufel und sein Gespentz’ verdreiwen'. Vum Juli 1920 sinn d’Statute vum  «Spuerverein Angelsberg». Zweck vun dëser Genossenschaft, zu där och de Bieréngerbierg a Meesebuerg gezielt hunnsi huet hire Memberen erméiglecht kleng wöchentlech Erspuernësser zëns-bréngend  unzeleeën (...deemools mam Minimum vun 10 Zentim d’Woch!) Eng Alternative zum  Spuerschwäin! Dësem seng eelst Modeller ginn iwwregens an d’13. Joerhonnert zréck, mä sollten hei normalerweis Kiermessonndeg net iwwerliewen.                                                                                          

P.S. D’Angsber Haiser a Stroossen leien plazeweis op 400m, d’Uelzecht op 217m a Fëschbech 100m méi héich. Dëst bedeit fir kleng Been vill Klammes - fir d’Sonneliicht a Päiperleken en liichtféissegt Dänzelen vum Dall op d’Héicht. - D’Uertschaft sollt sech 1840 trenne vun der Por Fëschbech a koum zu Miersch an duerno un d’Por Meesebuerg… Deemools war de Wee an d’Kierch eng Promenade an d’Leit hunn ënnerwee Kontakter gefleegt. D’Angsber Chorale krut iwwregens 1921 e Subsid vu 25 Frang - als Vergläich: deemools huet d’Zeitung ‘’Der Landwirt’’ 15 Zantim kascht.