Altwis
De Victor Hugo hat 1871 bei sengem bal véier Méint laange Séjour zu “Altwies“ seng Korrespondenz an de Postbüro an der Maison Kies bruet (haut ‘Taverne Victor Hugo’.) Beim Plënnere vum Stater Naturmusée an d’rue Münster gouf 1996 eng Kartongskëscht mat archeologesche Wiisser Trouvaillen erëmfond aus Zäite vum "Neanderthaler", z.B. Schanke vun engem Päerd an engem Hielentiger.. oder Kaverneléiw. 2006 koumen hei bei Fouillen Spurë vun prehistoreschen Haiser un d’Dagesliicht. Beim ‘Congrès archéologique d'Arlon’ goung 1899 e Sujet ëm “chrëschtlech Altär di heednesch Sanctuairen ersat haten zu Bäerdref, Amberloup, Fenneng, Altwies a Miersch”. Intressant kléngen och d‘nächst Detailler: en ale Wangert ass hei 1678 kuerz ernimmt. Vun de Wiisser Millen besteet nach d'Héngerchesmillen vun ëm 1700 d' Beckesch- an d'Kaaschtelmille si verschwonnen. An der Wiisser Brauerei hiert Gebai aus dem 19. Jh. koum eng Likörfabrik a spéider eng Pianosmanufaktur. An d‘Belle Epoque nennt d’Duerf mat senge Gäert voller Rousen e "village coquet"!
Schwätzt ee vun Altwis, denkt een un déi kleng Bréck, d'Silhouette vum Kierchtuerm, d'Lourdes-Grotte an de Kaaschtel. Wéi deen zur Zäit vun der Ermesinde entstoung war d'Grenz net do a Munneref nach kee Bad. Eis keltesch Ancêtren haten do e Refuge, bei deem ënner aanrem al poléiert Steenaaxte louchen. De Kiem Metz-Tréier gouf do vun engem befestegte "Castellum" protegéiert. D'Suite: um Kaaschtel stoung emol d'eelst Klouschter aus der Géigend dat zur Grofschaft Roussy gehéiert huet. Senger Handschrëfte sinn ëm 1500 datéiert. Um 1,5 ha groussen Terrain sti südlännesch Akazien, déi de Buerghär vu Roussy no engem Pelerinage op Jerusalem 1787 selwer geplanzt hat. Op Päischtméindeg goung ëmmer eng Pressessioun bei d'Kapell (mä mat Intervalle - well se virun ëm 140 Joer mat 3000 Pilger an eng Kiermes ausaarte sollt.) D'Klack vum Kaaschtel-Tuerm mam Datum 1701 staamt aus der Wëntrenger Schlasskapell an den Altor vu 1696 vum lokale ‘sculptoris‘, dem Papp Greeff. Last not least datéiert di kleng reng Barock Kräizkapell op der franséischer Säit vu 1736.
Altwis war 811 an engem Schenkungsakt vun der Abtei Iechternach dokumentéiert als “Wisse in pago Muslense“, d.h. Wisse am Moselgau an 1302 als „Wiez“. ‘t war virun 1309 eng Filial vun Obeler. Duerno huet d’Duerf eng Zäit zur Por Munneref gehéiert, ’t war awer als Filial méi grouss wi d'Nopeschduerf. Et hat en Notär an e Riichter. Eng Chronik ernimmt hei an zu ‘Anven’ den Héichgeriichtshär Martin Ignace de Wiltheim. Nach ze soen: Altwis verbanne Konschtkenner mam berühmte Bildhauer-Atelier Greeff. Vu senge Kënschtler ass villes hei an der Kierch erhalen, e Beichtstull vu 1740, Deeler vum Priedegstull an d'Sätenaltär. Zënter 1980 kompletéiert de remaniéierten Haaptaltor mat der Pietà an dem schéinen Antependium vu 1734 (vu Waldbriedemes) den Ensembel. En ersetzt dee vum ‘Äelterhennes’, deen an d’Plaz vum éischte Greeff-Altor mat “Schnitzrey“ koum. (An dëse gouf iwwregens op Wonsch mat engem Gaardestéck bezuelt. Déi laang verschwonne Muttergottesstatu vu 1742 gouf iergendeemol vun engem Späicher geholl fir eng Hiewamsrechnung ze bezuelen...) Den Niklos an Isi sinn original Greeff-Aarbechten, vun deenen eng Kopie zu Alzeng steet.
Altwis gouf 1872 mat de 6 Haiser vun ‘Altwisse‘ déisäit der Grenz eng Por. Déi kuerz drop deels verbrannte Kierch gouf 1875 opgebaut vum Entrepreneur Reiter (fir 20.000 Fr. minus 20 % Rabatt.) Bezuelt gouf si duerch de Verkaf vu 7,5 Ha Bichebësch. Hir Fënschtere vun 1897 si konschtvoll Kreatioune vum Pierre-Hippolyt Linster, dem Munnerefer Vitrier d’Art. (Fir si stounge Leit aus dem Duerf Modell - z.B. dem Dokter Berger säi Papp als jonken Isaak.) Zu de Kiercheschätz zielen d‘no Elsässer Modell gemoolte Statiounen, d‘restauréiert Waldhuth-Uergel vu 1932 an en haut restauréierten Tableau aus dem Veianer Trinitarierklouschter (a. d. XVIII. Jh.) mat der Marie-Madeleine. Als Haaptpatréiner huet d'Duerf als eenzegt am Land den hl. Benedikt gewielt, den zweeten heescht Erasmus (an ass vum J.Rifesser.) - Fir eis onvirstellbar ass d‘Katastroph vum Summer 1708: do war d’Gaaner an engem uerge Wieder sou rapid gewuess, dass 24 Mënschen dran erdronk sinn! (Kierchtuermscauserien - Dez. 2004)
P.S. D‘Bréck iwwer d’Staatsgrenz hat de Propriétaire M. Kossmann vum franséischen "Hôtel de Paris" 1869 gebaut. Vläicht hat si sengem berühmte Gaascht V. Hugo de Saz inspiréiert ‘Un poète est un monde enfermé dans un homme.’ D’Bréck huet da no 25 Joer eng Nei mat 3 Béi ersat. Mam Duerfnumm gëtt säit 2004 och e Viaduc verbonnen, deem säi Metallgewiicht sech op 1000 Tonne chiffréiert. Seng "structure mixte" aus zwou paralelle Konstruktiounen ass e klengt mä wichtegt 60 an 75 m laangt a 14 m breed Stéck vun der Saarautobunn. Genee 70 Joer virdru gouf d‘Staatsstrooss Uespelt-Altwis laanscht d’Bunn gebaut (déi säit 1882 Lëtzebuerg a Réimech verbonnen huet.) Virwat et hei emol 3 gréisser Hoteler gouf… wousst de Lé Tanson: an de Kannerjoere vum Bad hunn d’Munnerefer Kurdokteren hire Patienten länger Spazéiergäng veruerdent… an e Logis zu ‘Wis‘ huet eng Promenade mat abezunn! Vum lokale Konscht- a Glasmoler Jean-Pierre Koppes hunn ënner aanrem Hollerech, Heischent a Wellesteen Kierchefënschteren. Den Abt Bertels hat d’Uertschaft iwwregens 1572 gezeechent, wéi seng 21 Feierstellen all ëm den haitege Schoulplateau louchen...