Altréier
Altréier zielt zur Gemeng Bech a gëtt och “op der Schanz” genannt. Ëm 430 virun eiser Zäitrechnung goufen do héich Dignitaire begruewen; um Flouer Néngtgendeel sinn nieft engem kelteschen Tumulus vu 50 m Diameter nach Reschter vun enger réimescher Siedlung. D’éischt Joerhonnerte vun där gallo-réimescher Epoche gëllen als Zäit vu Prosperitéit. Al Handelsweeër goungen hei duerch, d’Franziska Dövener erënnert ënner aanrem hei un eng Maartplaz, e Kultzentrum, eng Auberge an Handwierker, déi Tounfigure vu réimesch-keltesche Gëtter fabrizéiert hunn. D’Wuert ‘Schanz’ erkläert den Engelmann mat “Wehrbau mit Flechtwerk”. An esou eng militäresch Erdschanz gouf ëm 1640 ënner dem Generol Jean de Beck um réimeschen Enn vum Duerf opgeriicht (… der Chronik no als Schutz géingt “die brandschatzenden Truppen Turennes“.) Si huet der Plaz hiren zweeten Numm ginn!
Dem Athenaeum lucilinburgense seng Publikatioun vun 1840 “Versuch einer statistisch geographischen Beschreibung des Grossherzogtums” ernimmt di héich Lag vun Altréier mat hirem “ausgedehnten Gesichtskreis” an archäologesch Ausgruewungen. Zu de fonnte Schätz ziele beispillsweis Bijouen aus Gold a Sëlwer a Koffernmënzen(.. iwwer 1400 Stéck)! De Staatsmusée versuergt dovun eng speziellen Analyse no iwwer 2440 järeg etruskesch Urn aus Bronze, ( stamnos genannt,) an e konschtvolle Rank aus dem III. Jh.. D’Beschreiwung vum Grand-Duché erënnert och un d’ëm 1640 ugeluechte ‘Wuecht-Terrassen’ an d’Strooss éischter Klass (Belgien - Lëtzebuerg - Tréier) un där d’Schanz läit! Di deemols ugelueten ‘Iechternacher’ Staatsstrooss huet der Uertschaft e gewëssen Opschwong bruet. Zu Altréier a ronderëm gouf Notize vum Ch. M. Ternes no eng gréisser Zuel Skulpturen a Fragmenter vu Statue fonnt mam Apollon, dem Mercure an der Diana, an e puer Honnert Ierde Statuette vum Type Mater a Mars. An där Figuren hu fréier hei d’Kanner benotzt fir Keelen ze spillen! Aner Texter erwähnen de Fait, dass 1630 den Iechternacher Abt d‘Héichgeriichtsbarkeet vu Bollendorf kaaft hat, zu deem ënner aanrem ‘Bech, Zuttig, Colbeth, Altrier und Ruppich’ gehéiert hunn.
Den Uertsnumm Altréier geet wahrscheinlech op d‘nach visibel réimesch Ruinen zréck. D‘Invasioun vun den Hunnen hat de Réimer-Vicus an der Mëtt vum 5. Jh. zerstéiert, an duerno blouf d'Plaz ganz laang onbewunnt. Am 17. Jh.gouf si Objet vun historescher Fuerschung vun de Bridder Jean-Guillaume an Alexander Wiltheim. Un hirem Gebuertshaus weist eng Plack drop hinn, dass si "als Éischt Liicht an dat réimescht Lëtzebuerg bruecht hunn". Dat éischt Haus op der Schanz huet e Mathias Comes ëm 1754 op réimesche Fëllementer baue gelooss… Et koum am Dezember 2009 op d'Zousazlëscht vun de klasséierte Monumenter wéinst schützenswäerte réimesche Mauerreschter a sengem Verwëllef. Di neizäitlech Besiedlung reecht also an d‘Mëtt vum 18. Jh. zréck. Op der Ferraris-Kaart sinn 'Auff der Schantz' just 2-3 Haiser agezeechent – an am Kadaster vun 1819 dann 14! Bis zur Franséischer Revolutioun huet d'Uertschaft zu der Probstei Iechternach gehéiert.
Säit 1805 ass Altréier mat Heeschbrech a Kuebebour eng Filial vun der Por Hemstal. Virdrun war se mat Hemstel Deel vun der Por a Gemeng Präiteler (Breidweiler). Seng Kapell mam schéinen Tuerm gouf 1863 gebaut; se huet een hell polychroméierten Altor, hire Patréiner ass den hl. Matthias. Hir abstrakt Fënstre vun 1965 si signéiert vum Frantz Kinnen. De Waassertuerm erënnert un e massive südlännesche Kierchtuerm.. nieft him ass eng flott Spillplaz amenagéiert. Am Altréier Schoulgebai weist eng gréisser Fënster vum Kinnen d‘Muttergottes am Bildchenskuescht.... An d’Wäschbuerefest? Dëst suergt bei den dräi Bueren, déi aneneelafen, fir den Erhalt vun alen Traditiounen; se killen dee Moment an hirem 7 Grad kale Waasser d’Gedrénks! D‘Päerdspressessioun vum 1. Mee geet op en ale Brauch zréck, bei deem Päerdsfrënn a Reitsportbegeeschterter vum Kuebebuer hir komme fir geseent ze ginn. Eng benevol Aktioun hat hei Kuckenswäertes op enger Promenade, z.B. d‘«Drepslay » an den «Afferstack» mat Schëlder markéiert.
P.S. Am 'Komeshaus' goung dem Jean Engling no d‘ ’maçonnerie romaine jusqu'à hauteur du premier étage!’ An um lieu dit 'Komesgaart’ hat de Pierre KOMES 1845 e ‘Gebai‘ dégagéiert vu 15 x 7m (a Mënzen vum Trajan, a Constantin.) Dëst wär dem Engling no vermuttlech déi eelst chrëschtlech Basilika aus der Regioun gewiescht. Wat deeselwéchten emol zum Tossebierg notéiert hat ass hei net falsch. Wou eng Statioun oder Villa war... “kann nicht durch den deutlichen Buchstaben der Geschichte bestimmt, sondern nur durch die Alterthumsreste, die der dunkle Erdschoss birgt und zuweilen an's Tageslicht bringt, errathen werden"! Altréier ass wierklech eng Plaz, an där „Geschichte nicht nur Geschehenes ist, sondern Geschichtetes”.. (H. von Keler). 1865 goufen do z.B. Fëlementer vun enger réimescher Maart- a Geriichtshal entdeckt, a méi spéit eng sëlleche Votivtafelen, Sailen a Bijouen. Am Ëmfeld vun engem Hellegtum vu mütterleche Gottheete goufen do och d‘Bronzestatuett vum klenge „Wagenlenker aus Altrier“ fonnt, e verzierte sëlwer Rank, an Denaren aus dem 1. Jh.. Dëst dokumentéiert déi ewell zitéiert Fr. Dövener 2008 mat villen Detailler an engem Info–Bulletin vun eisem nationale Musée um Fëschmaart.