Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Obeler

Eng Uertschaft vun där net dacks geschwat gëtt ass Obëler. Mä beim Thema ‘nohaltege Wunnengsbau’ an “Gemengen als privilegiéiert Partner" huet am Summer 2010 de Minister Marco Schank ënner sechs Pilotprojet’en d’geplangten d’Diddelenger "Cité du futur" genannt, …an d’Ökoduerf Obeler! Nohalteg Hannergedanken hat wahrscheinlech 1906 ewell d’ an d’Rei setze vun engem lokale Wäschbuer mat Pëtz a Pompel….. woufir et 200 fr. Subsid gouf.

Abweiler, Obëler oder Uebëler (Abeler) an der Por a Gemeng Beetebuerg huet 80 Awunner an 32 Ménagen. (Allerdéngs haten 1848 hei 124 Leit hiert Heem.) ‘t war 1128 als Abwylre an 1622 Abweyler, all kéiers mat y…, agedroen. (Ab-weiler läit abseits an ‘ofgeleeëne Weiler’ ass dozou d’ Erklärung vun der Mme Henzig-Kayl.) De Plang vum Ökoduerf Obëler" dréit ëm 20 Haiser an 2 kleng Residenzen, also eng Cité am Duerfzentrum... Eng gutt gemengten Idee, allerdéngs schéngt de Projet vun deenen Öko Gebaier den Awunner iwwerdimensionéiert!

An der Feudalzäit waren hei Baueren an Doléiner. Den Duerfnumm baséiert wahrscheinlech om Virnumm Abo oder Abt ..an um laténgesche Villa! Obëler war laang duerch Schenkung Besetz vun der Iechtenacher Abtei… an iwwer honnert Joer méi fréi ernimmt wéi Beetebuerg … fréi Akten-Date leien tëscht 739 an 775.. Den Abt vun Iechternach war hei bis un d’Enn vum "Ancien Regime" allengege Kierchenhär. An ‘t war hei net wéi zu Beetebuerg, dat säit der Ermesinde Sëtz vun enger Landmeierei war… Do hu nämlech nët ‘Zehnthären’, mä d ‘Awunner d’Kapell ënnerhalen, …di méi grouss war wéi d’Mammekierch.

D’Duerf war zimmlech laang, bis de 16. Februar 1767 Porsëtz, obwuel seng ‘Mammekierch’ zäitweileg ‘desolat’ war …an Beetebuerg deemools 10 mol méi Haiser hat! D’ jëtzeg Obëler Kapell St. Willibrord aus dem Joer 1777 mam Daachreider… gouf 2001 ‘reconditionnéiert’ vum " Architekt Gubbini. Si huet e Plafong aus Holz, e klassesch-polychroméierten Altor an den original-Faarwen - e Stéck mat Medaillon ANNO 1711 am Greef Stil dat laang wäiss iwwerstrach war - dann eng Statue vum Celsus, (wahrscheinlech vum Papp Greef-Schneider) Cosmas an Damian (dem Nic. Greef-Roesdorf zou geschriwwen) an en hellege Martinus. Hir Fënstere vum Zanter mam Bonifazius, Franz vun Assisi, Christ Roi a Martin vun Tours si vu 1952! Ee Visitatiounsberiicht vu 1714 bezitt sech forcément op hir Virgängerin, an zitéiert hire Marien- a Willibrord-Altor. Di spéitgotesch Obëler Eeche-Pietà aus dem 17.Jh. steet haut an der Beetebuerger Dekanats-Kierch hirer Tuerm-Kapell als wierdegt Monument aux Morts. Hire Christus Kapp soll deem gläiche vum ‘Läichenduch vun der Veronika‘ schreift d‘Buch ‚Vierges de pitié.‘ An d‘'Vierge assise d’Abweiler’ mam Kleed mat der ‚Rose mystique‘ krut eng Plaz am grousse Séminaire.

Am typesche Bauerenduerf an der Gewan nërdlech vu Beetebuerg mat bal elauter grousse restauréierten Hieff ginn d’'Klacken nach vun Hand gelaut. A sengem Presidentebësch huet d’Grimmelbaach hir Quell, se fiddert dräi Weieren, de Presidenteweier, den Ditches- an de Pënteweier; se leeft no bei Fënnéng an d'Uelzecht.... déi am Lidd zum offizielle Symbol vun eisem Nationalgefill erhuewe gëtt! 

P.S. Obëler kuckt vun 309 m erof op d’Uelzecht, ier se d’Pëppelcher am Réiserbann, d’Hesper Schlassruin an d’Féiss vum Bock erëmspigelt. Vläicht huet jo grad dofir de Marcel Noppeney si ‘trainante, au nom chantant’ ëmschriwwen... D’Mënschen vun hei si frou, dass hir Virfueren et als ’Éier a Flicht gesouchen, d’Ierwschaft vun hiren Anen u kommend Geschlechter z’ iwwerginn’ - eng Formuléierung, wéi se sengerzäit de Leon Gambetta gebraucht hat..