Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Weier

Weier ass e ganz klengen Uert an der Gemeng Fëschbech um CR101, tëscht Allënschter a Lëntgen. Eng Baach, déi aus der Weiergriecht kënnt, leeft do nobäi an d’Wäiss Iernz. Ob et do vill ‘Weier-déiere’ gëtt, wéi denRené Engelmann d’Libellen nennt? Den Iernzdall ëmginn do jiddefalls romantesch Landschaftsbiller, déi deene vum Mamer- Äisch- an Uelzechtdall nët nostinn. Dëst sot emol den Dr. Dasburg, deen an engem Otem Larochette ‘Pärel vum Land‘ genannt hat. Der ’Wäisser Iernz‘ hire Wee passéiert de Mierscher Kanton iwwregens vun ënneru Weyer bis an d’Fiels. 1848 hat Weier 37 Leit an d’Nopeschdierfche Kéideng 65. Mëtt Februar 2016 zielt et (frësch nogezielt) 13 Awunner, tselwecht wéi am Hausemer-Lexikon vun 2006.

No beim klengen Uert fällt d‘ Guetcheslee op, eng ‘überragende Felswand südlich des ‘stuppechen Haff‘. Dësen ‘abri sous roche près de Weyer‘ haten ewell prehistoresch Vëlker ënnerschiddlech benotzt. (Spezialisten no erënnert eng lues Decompositioun vun landwirtschaftlechem Materiel do vaguement un d’Vergaangenheet.) Am Soeschaz vum Nic Gredt fënnt een intressant Zeilen iwwer d‘Kierch an d’Dierfchen Weyer. Seng éischt Kapell, gouf do gebaut vum Prënz vu Schwarzenburg, dee virun iwwer siwenhonnert Joer d‘Schlass Fëschbech bewunnt hat. Südlech vun do hat seng Schwester beim Spazéieren e Muttergottesbild an engem Weier fonnt. De fromme Schlaßhär hat dann op där Plaz eng Kapelle fir d’Madonna baue gelooss. D‘Kolonie vu Leit, déi sech no an no ronderëm ugesiedelt huet, sollt de Prënz ënnerstëtzen. D‘Duerf krut als Undenken un d’fonnte Bild den Numm Weyer (oder Weier) an d’Prënze-Graf koum duer an eng Gruft ënner d‘‘Muttergottesbilde‘. D’vum Schwarzenburg geschenkte Bëscher hat d’Dierfchen bis an d‘Napoleonesch Kricher. Aus den Nopesch-Uertschafte gouf deemols an Zäite vu grousser Drechent e Bittgang op Weyer Usus, e Brauch dee bis zur Zäit vum Gredt-Buch (1883) bestoung! (J. Wolff)

Bei der Vollekszielung, déi d‘Maria Theresia ordonnéiert hat, sinn dem ‘Priester Rodolph Neu wonhaft zu Weyer in der Herrschaft Fischbach‘ senges Bauland vun Allënster ernimmt an d’Laaschten, déi en als Paschtouer vu Miersch hat.) Pfarrer zu Weyer war dunn de Johan friderig Warcken. D‘Kopie vum Original nennt virdrun de Benefiziat Neu de Frühmesser zu Weier an zu Aallënster/Guedber, preziséiert awer kee Rapport vun der Weyer Kapell zur Por Lënster. (1766) D’Buch Jonglënster Porgeschicht (v. 1998) erënnert bäileefeg och un eng Klo, dass an hir d‘“grundbirn“ a Gäert an op Felder geplanzt goufen ouni den traditionellen Zéngten ze ginn! (D.h. d’deemoleg Fuerderung jidder 10. Stack ‚grombieren‘ ofzeliwwere gouf net beuëcht.) - Am Choix vum kulturellen Inventär tëschd 800-1800 (Krantz-Quintus,1984) falen zu Weier 3 stattlech Bauerenhieff op mat historesch intressanten Dierkaderen; deen eelsten vu 1729 ass am Renaissance Stil, de barocken vu 1780 an den neogoteschen huet keen Datum. Anere lokalen Detail nach: d’Grënnesch Béierbrauerfamill "Krau" (Crauw) hat iwwregens vu Weyer gestaamt.

En Zäitspronk bréngt eis an d’aktuellt Joerhonnert. D‘‘Kannerhaus Jean.‘ hat sech nom Millenium zu Weier installéiert fir sech ëm Kanner ‘en difficultés émotionnelles ou sociales‘ ze këmmeren. Et krut awer geschwënn drop eng nei Adress zu Bierg bei Betzder. Am rouegen Dierfchen an der Mëtt vum Land gouf dunn ë.a. den ‘Interieur vun der Kapell (aus dem Joer 1613) restauréiert. (Hir Mauere kéinnten also eppes iwwer d’Enn vum Kalennersträit erzielen, well de gregorianesche Kalenner deemols akzeptéiert gouf.) De Service des Sites etMonuments nationaux informéiert nämlech 2001 iwwer hir ’Remise en état’ an iwwer d’Iddi do Weekräizer auszestellen. Kierzlech konnt een op dem ‘lieu insolite‘ ausgestallte Skulpturen a Keramike (vum Doris Becker an Katarzyna Kot-Bach) zum Thema ‘texture minerale de la terre‘ bewonneren. - E permanenten Unzéiungspunkt ass de Centre équestre MC Weyer. Hie presentéiert an der idyllescher Weedelandschaft eng nei Reitanlag, d.h. eng Kombinatioun aus ländlecher Traditioun a modernster Sportpäerdhaltung. (Zu där Entreprise gehéiert ochde Bistro "Am Stall".)

P.S. Eng al Schrëft ernimmt eng prächteg Bich bei Weyer am “Bambösch“ beim sougenannte Massepad. Hiren héije Stamm ouni Äscht hat op 14 m en Ëmfank vun 2,50m. Hire verstuerwene Propriétär P. Bertrang hat senge Kanner un d’Häerz geluet dee Bam z’erhalten. Eiser offizieller Schreifweis vun 1976 no gëtt de «betounte, gerënnten e-Laut“ ëmmer duerch en ë bezeechent, d.h. aus Bösch gouf Bësch. (An der franséischer an däitscher Orthographie vum Uertsnumm huet Weier ewell ganz laang en y als mëttelste Buschtaw.) Eng fir eis kuriéis Variante zur Erklärung vum Duerfnumm weist op den ganz ale Begrëff "waier","weier" oder ‘Weher‘ hinn, déi an ‘Kornfegemühlen durch starken Windzug das hineingeworfene Korn von Spreu und anderen Unreinigkeiten reinigten.) (Koolmann).