Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Weiler (Pëtschent)

Weller oder Weiler gëllt als ‘village millénaire‘ an zielt 148 Awunner – de Gemengenhaaptuert Pëtschent 122. ‘t läit op 457m an enger Dëllt mat der Baach ‘Stol’ a private Weieren. Muunch ursprénglech Eenzelhäff hu sech lues a lues zu gréisseren Uertschaften entwéckelt. A kleng isoléiert Domainen oder ‘Weiler’ hu Siedler ugezunn an en eegegen Numm gewielt mat engem determinante Bäinumm wéi beispillsweis Sand- Fluess- Kap, oder Eschweiler. Weller huet intressant Stroossen- a Flouernimm: nieft der Veiner- an Housenerstrooss, (fréier Schmatzwee), sinn do eng rue Hohl, op dem Weiher an ë.a. e Lötschenpesch. De Kuelebierg genannt ‘Knupp’ huet siwen Haiser an erënnert u fréier Kuelemeileren. - D‘Duerf hat tëscht 1856 an 1944 e Veräinsbau vis-à-vis vun der Kapell mat Molkerei, Pompjees-Schapp, Veräinssall an no 1910 engem Schoulsall fir 8 Klassen, Lehrer- a spéider och Kaplounswunneng. D‘deemols 160 Awunner haten 1312,07 Frang zum Bau bäigesteiert. Fir d‘‘Waasserleitung koum 1912 e Subsid vu 500 Frang.

Mënschlech Spuren ëm Steenzäitalter-Aktivitéite falen am Entourage vu Weller a vu Pëtschent op. D‘eelst Weller Fonntstécker sinn eng mëttelsteenzäitlech Silex-Pfeilspëtz, ë. a. Handwierksgeschir aus dem Neolithikum an geschlaffe Stee-Beilen aus der Bronzezäit. D‘remarkabel réimesch Vestigen (beispillsweis vun enger Fousbuedemheizung, Mënzen an d‘Amphorensteck mat Stempel) vum lieu-dit «an Alweiler» impressionnéieren. D‘verschwonnend Dierfchen Alweiler an eng Kierch vu Wilre bei Constumb sinn 1263 erwähnt an Zeile vum Henri vun Ouren. ‘t war vermuttlech eng fränkesch Agglomération nieft engem Réimergutt. - An der Feudalzäit haten d‘Seigneure vu Branebuerg do d‘Soen. (Mä d‘3000 Awunner grousst Veinen krut 1308 d‘Stadrecht vum Grof Philipp II.) - 1364 war eng Vogtei zu ‘Willren’ dokumentéiert. D‘Peschtjoeren 1634 an 1636 hate 4 Familjen iwwerlieft an en Neiufank decidéiert; se hunn d‘al Haiser verlooss an d’aktuellt Weiler gegrënnt. - ‘t housch duerno a Schrëften mol Wiler, Weyller oder Wila. Eng Weil drop, 1818, sollt Vianden als relativ neie Grenzuert e Plang proposéieren: ‘t wollt Bivels, Branebuerg, Landscheid, Nachtmanderscheid, Weyler, Grooljen a Mierschend an och d‘komplett Gemenge Fouhren a Stolzemburg ophuelen an seng Gemeng. D‘Idee gouf ni realiséiert. (www.putscheid.lu/html/pannewipchen) A soss gouf et bis 1846 hei am Land nach den holze Plou, Weiller koum 1848 op 141 Awunner an d‘Aackerbauschoul ass 1883 gegrënnt ginn.

Ee Reesguide vun 1925 hat d’Éislek als d‘lëtzebuergescht Sibirien bezeechent. Seng Niklos-Kierch huet eng breed iwwerdeckten Entrée. Hir ondatéiert Fënstre mat de renge Bordüre beliichten de barocke polychroméierten Altor, d‘Statue vum Niklos, der Elisabeth an dem Rochus, d‘Statiounen an d‘Still. Se läit mam Kierfech an der Mëtt vum Duerf. (‘t gëtt do nach zwee ural Griewer mat onliesbaren Nimm, déi fir eng wéi anonym Denkmäler wierken an déi anerer vläicht ëmfannen ‘als Bréck an e bessert Liewen.’) (Fr. Haug) 1570 erwähnt e Visitatiounsberiicht vum Tréierer Bistum regelméisseg Sonndesmassen an der Elisabethe-Kapell zu Alweiler. Ëm den 1738 beschriwwene spéidere Bau waren och Griewer vu Merschter Leit. D‘Weekräiz ‘am Hohl’ erënnert un e Mann, deen de Blëtz 1858 erschloen hat. An Brëtzkräiz steet ‘op der Pann’ well do zwee Wuelesser Kanner am Schnéi erfréiere sollten (aner Versioun: do hätt de Blëtz e Mann mat Séissel um Réck getraff, an him e Schong ewechgerappt!) (M. Scheidweiler) Weller krut als Branebuerger Filial 2012 d‘Kierchentrap erneiert. ‘t zielt haut zur Por Parc Our Saint-Nicolas. - D‘ewell ernimmten al Schoul ass zou säit 1998 a gouf verkaaft. D‘Kanner aus der Pëtschter- an dräi anere Gemenge besichen d‘Zentralschoul vum Park Housen.

De Square Tom Myers (beim Pompjeesbau) wierdegt en amerikaneschen Zaldot a seng Komeroden (v. 3. Bataillon vum 110. Regiment v. d. 28. Infanteriedivisioun.) Si haten hei gekämpft a kalen November- an Dezemberdeeg 1944. Den Tom koum nom Krich e puermol zréck. D‘1988 publizéiert Buch ‘G.I. Tom Myers, Kriegserinnerungen’ erzielt seng Erliewnesser a gouf vu sengem Auteur Marcel Scheidweiler och op englesch iwwersat. Am Mee 2014 koum eng Delegatioun vun den ‘US Veterans Friends – Luxembourg’ mat 16 Familjemembren an d‘Land. Ënner hinne waren d‘Jonge vum David O. Barlow - si wollten zu Weiler hirem Papp senge Spuren nogoen. D‘wichtegst lokaalt Evenement war de 27. Januar 1945: mam Anhuele vu Wuelessen, Pëtschent a Weller hat d‘10. US Regiment säin Opdrag erfëllt. (Der Géigesäit hire Beriicht housch ëm de Raum Housen, Pëtschent, Weller misste Kämpf d‘amerikanesch Géigner zreckhale vun Dasbuerg. Do géife ‘Geräter’ iwwer d‘Our bruet... (‘t goufen da Panzer gesprengt bei Gmünd wéins „Betriebstoffmangel“!) (E.T. Melchers) - D‘Weller Kierch hat am Krich en Aschlag; se gouf duerno vergréissert a krut eng nei Entrée an en aneren ‘Daachreider.’

P.S. De Konveniat vun 2013 huet un d‘Schléissung vun der Duerfschoul viru 15 Joer an un d‘lescht Schoulstonn vum Weller Léiermeeschter erënnert. Beim Dévoiléiere vun der Erënnerungsplack um 1998 geplanzte Bam waren 155 fréier Schüler present. An hir Theme gounge secherlech ëm d‘1968 gegrënnte Schoulzeitung ‘De Spatz’, nodär d‘Kanner ‘Weller Spatzen’ genannt goufen - ëm d‘eemoleg Baackstuff an där mat de Kommiounskanner Brout gebaack gouf a villes méi… Ee Kand hat emol geschriwwen ‘Mein Dorf Weiler liegt im Ösling in einer Quellmulde. Die Landschaft rundherum besteht aus Felder, Wisen und Wäldern’ - een anert ‘wir haben noch 4 Bauern im Dorf, die anderen Leute gehen auswärts arbeiten’ - an eent hat op d‘nei Cité Braedelt higewisen. Haut fënnt een am Duerf e Bummelbus, e Club ‘Turnschlappen’, e Club des Jeunes - an d‘Pompjeeën (déi heiandsdo am Baackhaus Pizzabäcker spillen.) Vun 3 Baueren huet een ‘wollige Rasenmäher’ (Journal) d.h. 50-60 Texelschof, déi nom laamen zueleméisseg zu 100 méi sinn.) ‘Wëller/Täertchen’ heescht kee Gebäck, mä d‘belscht Dierfchen «Tortert oder Villers-Tortru», en Homonym un der Semois.