Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wegdichen

Wegdichen, Weidingen, zielt ënner 614 Leit ee Bauerebetrib a steet am Telefonsbuch bei Wolz. ‘t huet eng gréisser Gewerbezone, grenzt um Stroosseplang u Ierpeldang a läit op 303m Héicht. Fréier huet do ‘d‘Sprooch vun de Baueren a vun den Aarbechter net alldeeglech Zwiegespréicher erginn.’ An a Louschieler-Zäite gesouche seng eeler Haiser ‘midd geschafft aus, sou wéi d‘Bewunner.’ (Nic Weber.) ‘t war laang eng vun 3 Uertschaften aus der Gemeng an housch et do ‘ ‘t ass nëk aam Ränen’ bestoung keng Reen-Tendenz. (Wegdejen war d‘al Schreifweis vun 1906 a Wëgdigen oder Weidéngen déi vum René Engelmann.) 1848 hat et 209 Leit a Wanseler am Vergläich 216. D‘Duerf war 1927 gewuess op 361 Awunner an 78 Haiser béidsäiteg vun der Wolz. Am Uertsnumm verstoppe sech Weed a Weid; dëse Bam wiisst e Meter pro Joer, begleet Baachen a Flëss a seng Kätzercher zéien d‘Beien un.

Am Laf vun der Geschicht war den Weeltzer Hären hir Dallbuerg (op der Plaz vun der Dekanatskierch) net sécher genug. Am 12. Joerhonnert gesouch Wegdichen d‘nei Héichte-Buerg entstoen an dodrëm en neien Uertsdeel. (Dëse krut mam Jean V. (säit 1629 Kommandant vun der Festung Thionville) e Schlasshär mam Titel Comte de Wiltz. 25 Joer duerno gouf Wyltz beschriwwen als ‘stattliches und Volckreiches Dorff im Hertzogthumb Luxemburg, dessen Inwohner sich auff die Kauffmannschafft legen und gar arbeitsam seyn. Uber dem Dorff liget ein fürtreffliches Schloß, des so nebens der grossen darzu gehörigen Freyen Herrschafft vornehme Herren hat...’(Merian, 1654) No der Revolte vum Klëppelkrich hunn aner Kricher, Friddensverträg, politesch Changementer, Epidemien an Hongerjoeren d‘Zäit marquéiert. D‘Lëscht mat Steierpflichtegen hat 1815 z. B. zu Nidderwolz 124 an zu Wegdichen 21 Nimm; a vun deene konnten am éischten 90 an am zweeten 14 Leit ënnerschreiwen. 1849 beliicht en Extrait am Memorial Stroossenaarbechte vum tracé Weidingen-Erpeldange: e goung erof vum lieu dit «Eisknaepchen», dem point d'intersection des chemins de Wiltz et de Niederwiltz, sollt ënnen iwwer d’Wolz féieren, dann den ale Wee erop bei d’Haus Rodenborn a weider op de Plateau… Aneres nach: 1891 war d‘Stee vun der noer 'ancienne brasserie Reding en Thema. (D‘nei Besetzer Charles Mathieu a Jules Simon kruten se fir 45.000 fr mat Aussiicht op e jäerleche ‘Bierverschleiß’ bis op 7000-8000 hl.)

D‘Duerfchroniken reihen heefeg Faits diver‘sen hannereneen. Esou ee weist via Subsid op zwou nei Drénkwaasser-Pompelen hinn: 1895 kruten Nidderwolz 500 fr a Weidéngen tselwecht Ënnerstëtzung. Bei d‘al sechseckeg Wee-Kapellchen vu Wegdichen «Om Eisknaepchen» gounge fréier traditionell Pressessiounen. Se gouf 2010 klasséiert, mä huet eng zouen Dir! Nobäi sinn déi Ierpeldanger an d‘Nidderwolzer Dekanatskierch. Wegdichen hat ni eng Kierch, mä e bedeitenden Theolog koum vun do aus enger bescheidener Bauerefamill: de Jean-Baptiste oder Batty Esch. (1902-1942). Hien hat zu Roum stodéiert, en Doktortitel am Kiercherecht a war journalistesch täteg. Aus Solidaritéit mat dräi Verhaften (zwee Redakterkollegen an engem Konfrater) hat en sech am September 1940 der Gestapo gestallt. No zwee Joer gouf en ee vun 30.000 Gëftgas-Affer vun der Vernichtungsanstalt Hartheim bei Linz. - E Wolzer Krichs-Temoignage beschreift den 18.12.1944: ‘Immer neue Flüchtlinge tauchen auf, jetzt schon aus dem nahen Weidingen! Dort kommt eine kleine Familie. Die kranke Mutter sitzt wie ein Häuflein Jammer auf einem Handwägelchen. Der Vater zieht, und die Kinder helfen beim Drücken.’E puer Reihen hannendrun heescht et iergendwou bei enger Kellerdir ‘Unser Schutzengel tritt mit ein.’ (luxmemories, Paquay) Säitlech um Fatima-Denkmal stinn d‘Nimm vun der Por Nidderwolz hiren 108 Krichsaffer, zu deenen d‘Weidénger, d‘Ierpeldanger an d‘Wanseler gehéiert hunn.

Den aktuelle Gemenge-Wopen datéiert eng Quell an d‘Joer 1951. E weist uewen de roude Léif op blo-sëlwere Sträifen an e sëlweren Hermesstaf op roudem Fong, ënnen e sëlweren Anker op Rout an e goldene Beiekuerf mat sechs goldene Beien op Blo. Alen Dokumenter no baséiert en op d‘niederlännescht “Hooge Rad van Adel“ vun 1823. D‘‘Ruche“ symboliséiert d‘Industrie, de Caduceus (den Hermes-staf) steet als Beschützer vum fräien Handel, den Anker fir d‘Hoffnung an de Léif fir d‘Zougehéiregkeet zum Grand-Duché! (La Voix, 2007) Den Titel ‘Haaptstadt vun den Ardennen‘ krut d‘Stad Wolz 1855 beim offizielle Besuch vum Kinnek-Groußherzog Wëllem III. an dem Prënz Henri. - Zum Thema Beien bleift d‘Wegdecher „Beieschoul“ ervir ze hiewen. Fir hiren 125. Jubiläum hat de 1886 gegrënnte „Beieveräin Kanton Wolz“ op eng Festsëtzung an d‘Woltzer Schlass invitéiert. Wéi de Gemengenhaaptuert ass och Wegdichen u villerlee Sproochen an un d‘international Press gewinnt. Dës lueft ë.a. de Bildungserfolleg vu Kanner aus Ex-Jugoslawien. D‘Saima M.-J. an den Almir M. (vu Weidéngen/Lux.) koumen op d‘Plazen 2 a 4.

PS. Nieft den dräi Foussballterrain‘en vum moderne „Stade Am Pëtz“ si kleng Betriber virgesinn. Deen aktuelle Veräin entstoung 1971 nom Fusionéiere vun der Nidderwolzer Union Sportive an dem Gold a Ro'd Wolz; 1978 koum de Foussballclub Arminia Wegdichen derbäi. (D‘al Spillfelder solle verschwannen.) Eng Schoulung zur Bekämpfung vum Riesebärenklau am Fréistadium war am Abrëll 2008 zu Weidéngen. D‘geschaten Ëmleedung vun der Bunn iwwer Weidéngen war 1863 am Gespréich fir 1.500.000fr – koum awer net - mä 1897 sollt en Zuch eng fortgelafe Wegdicher Kou iwwerrennen!(Pdf Wiltz – histo) Last not least ass de Spottnumm fir d’Awunner ‘Wegdicher Binni’ - wat lokal am Westen eng Jonk Gäns, e Binnert, bedeit. Um Bord vu Wolz an do wou fréier d‘Industriezone war an d‘Duchfabrik vum Jean Glesener-Fisch (filature mue par une machine à vapeur) wiisst en neie Quartier aus dem Buedem mat deels Gäert op flaachen Diech.