Walter
67 km vun der Stad nërdlech vun Harel a südlech vun Ischpelt lait Walter oder Watrange. D‘Dierfchen um CR 309 zielt zur Uewerstauséigemeng, huet als belschen Noper d‘Gemeng Baaschtnech a vis-à-vis Lutremange (mat där apaarter Iwwersetzung Läitren/Läitermännchen[ (H. Leyder) (op däitsch Lautermännchen.) - De Familljennnumm Walter gouf 1880 statistesch 24 mol zu Lëtzebuerg erfaasst.) (An der Belsch begéint ee senger Variante Waltener als ‘nom de métier’ dee mam däitsche Waldner korrespondéiert, (celui qui travaille dans la forêt, peut-être un garde forestier.) (J. Tosti) — Et zielt 2017 Ufangs Februar 153 Awunner – a koum 1848 op 88 Leit, Walter hat laang wéi d’Nopeschdierfer eng moderéiert Expansion, kaum Stress a wéineg Industrien... 2007 hat et 105 Awunner an d’ganz Gemeng (d’1979 fusionnéiert Gemenge Mecher an Harel) 1500 Leit op 4850 Hektar - jo, am Summer klëmmt dës Zuel op ronn 4000 Leit!
Walter erhieft sech op ronn 450 Meter Héicht an hat am 7. Joer vum Kinnek Karel, den 2. Juni 775 an engem Akt figuréiert. Dësen ernimmt d‘Schenkung vum Helmerich sengem Härenhaff (mit jeglichem darauf errichtetem Bauwerk und Wiesen, Wäldern, Gewässer, Wohnhäuser und Wirtschaftsbauten) vun Sonlez, (deemols ‘Sonenlar‘ am Gau Erdehe, an den Ardennen) a vun all sengen Äcker, Wunnhaiser, landwiertschaftleche Bauten, ‘Leibeigenen‘, Wisen, Bëscher a Gewässer vu ‘Waltringen‘ an ë. a. vu Folkendingen un d‘Eegentums- an Härerecht vum Hl. N(aearius). (etc. op http://www.winseler.lu/decouvrez/sonlez.php) Dem Wopen vun der Uewersauer-Gemeng seng dräi Deeler indiquéieren d‘Zougehéiregkeet vun hiren Uertschaften; dës ënnerstounge fréier den Seigneure vu Woltz a Clierf oder der Prévoté vu Baaschtnech… ‘t gouf do fréier keng geographesch Grenz, d‘Duerf war onopfälleg mä villsproocheg! D'Walterbaach gesouch gutt wéi schwéier Zäite passéieren, s‘entspréngt nord-westlech vun Eeschpelt, wéi Tarchamps lokal genannt gëtt, op enger Héicht vu 519 Meter. Si heescht no 2,570 Km nom Zesummefloss mat der Masbich bei Walter dann Harelerbaach. - D‘zoufälleg fonnten Notiz dass Liège 1719 den Herman Trappé, Baron de Watrange, als Buergermeeschter hat animéiert weider Recherchen. D‘Resultat: d‘nobel Famill hat e laangen Titel, e Baron Herman Jean Mathias de Trappé de Lozange-Bondorff de Harlange et de Watrange war 1749 ernimmt als abbé de Dinant. (Académie d'archéologie de Belgique, Band 1)
Kierchlech hat Watrange 1777 zum Poramt Tarchamps gezielt - spéider koume béid an d‘Por Harel. Haut zielt et mat enger Rei aanren Dierfer zum Porverband Sankt-Pirmin. D‘Uerts-Chronik hält fest, dass déi am Krich zerstéiert Weekapell méi eng kleng ersat huet an, dass ‘Frënn vun der Kapell Walter-Tarchamps` dës net just ënnerhalen; se krut 1999 op hir Initiativ en neien Daach, eng Klack an e Kräiz. Bei der jäerlecher Mass am Fräien vum 15.8. war hir Aseenung. - Net ze vergiessen, 1841 war d‘`Vertheilung des Großherzogthums in Bezirke, Kantone und Gemeinden, mit Beziehung auf die Rechtspflege.` Deemols koum d`Duerf an de Kanton Wolz an an d`Gemeng Harel. Et hat zwee Joer drop an der Zielung 95 Leit. (Duerch Walter féiert de Lätemerwee bei d’LB, d.h. d‘Maark 202 an iwwer d’Grenz eraus. Dokumenter weisen dës laanscht d‘’ancienne limite communale‘; duerno fällt nërdlech eng véiereckeg ‘enclave’ op - ‘laissant sur Lutremange les terrains labourables ou boisés et sur Watrange les champs labourables dits “beim Leiterweg, beim Leiternerbusch, et les haies à écorces.‘ (En Arrangement tëscht démarcateurs an propriétaire?) D`ëm 360 Kilo schwéier, huel, 2,3 Meter héich Maarke goufen tëscht Mee a September 1844 opgeriicht. (D‘Buch vum Grenzmaarkefuerscher Jos Goergen kënnt hir Geschichten.)
D’Awunner vu Walter hu fréier deelweis wéi d‘Ischpelter doheem franséisch geschwat (mä beim zweete gouf ni franséisch gepriedegt...) `t goufe véier Sprooche benotzt zu Doncols a Soller: Lëtzebuergesch am Alldag, Däitsch deels als Verwaltungssprooch, an a verschiddnen Haiser sollt aus fréieren Deeg oder duerch Mariage mat wallounesche Partner Wallounesch geschwat a Franséisch geliese ginn. Heefeg als Numm waren dorëmmer Rasquin, Poncin an Toussaint. (a. ‘Die Luxemburger Mehrsprachigkeit‘.) Säit 1925 ass d’Wallounescht sou gutt wi verschwonnen. Knapps 20 Joer drop, Chrëschtdag 1944, waren Tarchamps a Walter ‘au coeur de la contre-offensive allemande.’ Si haten zesummen 19 Krichsaffer ze bekloen an Harel 16. - E Règlement grand-ducal vum Hierscht 1968 huet ëm d'Ausféierung vum Projet Remembrement an de Localitéiten Eeschpelt a Walter gedréit. Wat et do nach Gemeinsames gouf a gëtt? De Beesemsbënner-Club net méi, mä eng Chorale, a vu Promenaden heem komme mat bloen Zänn? Do gouf fréier nämlech Molbier an Hotte gepléckt, wi den Hambier, fir excellent Gebees oder Branntwäin draus ze man. An „On y respire le calme et la tranquilité...“ (Ralph di Marco, La Vox)
P.S. Vu Walter steet net heefeg eppes an der Zeidong. Mä am Mee 2013 gouf et do e Rapport iwwer e rare Sujet: d‘Koppel Marguerite a Pierre Thill-Wallig konnten „Krounjuwelenhochzäit“ feieren, d.h. 75 Joer Mariage! An d’liewensfrou Madame Marguerite krut dann am August 2015 fir hiren 100. Gebuertsdag gratuléiert. – E relativ neie Lotissement "Am Eck" à Watrange brengt dem Duerf Zouwuess - an de Syndicat d'Initiative Harlange-Tarchamps-Watrange suergt fir Ofwiesslung. (D’Natur- an Ëmweltfrënn organiséiere beispillsweis am Fréijoer en Uebstbaamschnëttcours zu Walter oder am Hierscht e Champignonsstudium... an iwwer d’Joer profitéiert d‘Regioun Uewersauer vun engem ozeanesche gemäßegte Klima mat kontinentalen Awierkungen. D‘Kanner ginn bei all Wieder op Harel an de moderne Centre Scolaire.