Trënteng
Am Trënténger- oder Kiischtendall leien Ierseng, Trënténg a Ried. 1927 hat dat mëttelst vun deenen Dräi 30 bewunnten Haiser, 144 Awunner a ganz vill Kiischtebeem. Haut zielt et ronn 320 Leit an am Fréijoer hunn d’Beem onzieleg Bléien. (Een eläng kann ‘t op eng Millioun bréngen!) D’lokal structure d’accueil fir Kanner tëscht 3 an 12 heescht „Am Kiischtenascht“. Ob d’Schüler vum 2003 ageweite Grondschoul-Komplex am Trënténger Duerfkär wëssen, dass een um 10. Dezember geschniddene Kiischtenzwäig no 20 Deeg opgeet an säi Bléie-Räichtem op Neiejoschdag Gléck bedeit? Dëse Brauch soll an d’13. Jh.zréckgoen. Der Gemengenadministration vu Waldbriedemës hir Adress ass L-5460 Trintange. Se läit awer net un der Haaptstrooss, déi zu de villbefuerene Strecken aus eisem 1970 statistesch erfaasste gutt 4500km dichten Netz zielt.(Haut huet eist Land méi wéi 1km Strooss pro km².) Der Route Lëtzebuerg-Réimech, der E 29 hirt neit Deelstéck féiert 1862 laut Memorial ‘nom versant gauche vum ‘Trintingerthal‘ an Ersingen laanscht den Ofhang vun der Dolbaachschlucht, de Gebiergskamm zur Säit vum Sirdall an de noe Kiem Duelem–Tréier.
Trënténg ass net heefeg an alen Texter ze fannen. Am 1571 fäerdeggestalte Manuskript ‘dit le petit Bertels’, engem “aide-mémoire” mat Notizen iwwer Iechternacher Abteigidder, ass ‘Truntingen’ skizzéiert nieft ‘Lenninge’. Op der Lëscht vun den ‘Doerffer’ déi 1681 erklären “zu der Probstei Luxemburg zugehörig zu sein’ - an déi d’Fransousen ausgeraibert an zerstéiert hunn, stinn ë.a. Filsdorff, Aspelt, Weiler zum Thor, d’Ëmfeld vun der Stad a vun Esch a. d. Alseth, an Truntingen, auf Roedt, an Ersingen. (Lascombes). Kuerz virdrun ass eng ‘Pfarrschule’ zu Wald- oder Bëschbriedemes erwähnt. Héichintressant ass dem Alain Atten seng Erzielung iwwer d’Klaus um noe Stiefesbierg. Déi Gondelénger haten d’Eesiddlerwunnecht gestëft fir der Kierch hire Koschter z’erhalen. D’Eremite si mam Duerfliewe verwuess, kruten dacks Brout vun de Porleit, haten nieft hirem Brevéier beispillsweis kleng Schneideraarbechten an e Geméisgaart. Deen éischten 1690 ernimmten, e Franziskanerbrudder, war de Bonaventura Maréchal. Dee leschten, de Brudder Paulinus Wagner vu Miedernach, war hei an 41 Joer nët nëmmen Daller Schoulmeschter, hat d’raart Handwierk vum Buchbënner a blouf (bis 1801) méi laang wéi säin Uerde bestoung... Deemols war alles anescht ëm d'Klaus, d'al Kierch stoung nach (hire Chouer ass d’haiteg Kapell.) Mam Napoleon sengem Konkordat bestoung d'Por Stiefesbierg 1808 nees offiziell um Pabeier. De Gemengen-historique erënnert ë.a. un déi ’Geeschterpor’ an un déi zum Steebroch degradéiert Kiercheruin. Eng Zäitchen drop gouf d’nei Por Trënténg Realitéit an 1851 krut d’Duerf e Geeschtlechen.
D’nei Duerfkierch vun 1857 mat Entrée am Tuerm an zwee gerënnte Säitentiermercher ass d’Wierk vum Architekt Charles Arendt. De gotesch inspiréierten Héichaltor vun 1866 huet zwou besonnesch Statuen: hire mat enger Dalmatik gekleedten Patréiner Stephanus mat Palmzweig an de Rochus mat Pilgerstaf an Hond. D’klasséiert Dalstein & Haerpfer Uergel vun 1878 huet zwee ‘claviers à traction mécanique et un pédalier à traction pneumatique’. Hire leschte Pendant steet zu Nanzeg. D’Kierch ass der Immaculata geweit a krut 1880 geschwënn no hirer Vergréisserung Klacken aus der Géißerei F. Causard vu Colmar. (LW: 7.10.1889) Am Memorial stinn 1881 nieft diverse Schenkungen en Don fir Kierchefabrik Trintange vu 750 Fr.vum N. Kirch, curé en Amérique! D’geieerfte Bänken aus der fréierer Kierch vum Stiefesbierg hu geschwënn nei skulptéierter ersat (An déi goufe bis op e puer Ausnamen an de 1960ger verbrannt. Mä d’al hëlze Vertäfelung ass nach do.) Säit 1954 huet d'Kierch nieft zwou aler vun 1935 nei Fënstere vum Gust Zanter.
Där remarkabel Expo «An engem klenge Wisegronn» hir 300 Photoen an d’Buch mam selwechten Numm haten 2011 vill Intressente fonnt! ‘t gouf ewell 1954 e Buch iwwer d’Uertschaften ‘Dall‘, Ierseng, Trënténg a Rued‘ fir 100 Joer Por a Porkierch. An d’Publikatioun vun 1939 ‘Erntedankfest Trintingen’ gëllt haut als lokalhistoresch Info-Quell! Dass hei um Stiefesbierg, zu Wolz an um Knuedler regelméisseg e Kënnerchesmoart war, schreift d’Buch „Mosella sacra“. Lokal heescht Lankhallem hei ‘stiechegt Gras’ an ‘Bollerten’ sinn eng Kiischtenzort. Eng Kéiz ass en typesche Kuerf, deen an d’Beem oder un d’Leder gehaange gëtt an 18 Pond Kiischte packt. Ieselskéize sollte fréier um Réck vum Iesel befestegt ginn. An, dass fréier ‘Kiischten aus dem Trënténgerdall kéizeweis an d’Stad gefouert goufe‘ repetéiert den R. Engelmann. Kiischtebeem wuessen am beschten op lockerem, nährstoffräiche, liicht sandegem Buedem a brauche bis fennëf Meter Fräiraum.
P.S. E bekannte Spottnumm fir d‘Awunner vun hei ass Kiischteknäpper. Eng Sektioun vun der Duerfmusek nennt sech ’Kiischtentrëppler’, an déi organiséieren zweemol am Joer en Trëppeltour. Wie weess, vläicht denkt dobäi nach muncheen um Bécaud seng Lidderzeil “Les cerisiers sont blancs, les oiseaux sont contents, revoilà le printemps.’Fir dass d’Kiischtenzäit net esou kuerz ass, wéi se mol besonge gouf “Mais il est bien court, le temps des cerises, Où l'on s'en va deux, cueillir en rêvant Des pendants d'oreille...” gi plazeweis siwe verschidden Zorte geplanzt, déi dann no an no zeideg ginn... Eng erstaunlech Anekdot ergänzt dëst Lidd vun 1868: d’Rechter vum Text hat den J.B. Clément dem Komponist A. Renard cédéiert “contre un manteau un jour de grand froid”! (Dëst verréit d’Buch”Y’a d’la France en chansons”.) Aus dem lëtzebuerger Bamfrënd Nic Weber sengen ‘Notizen des Wurzelsuchers‘ staamt e Saz, deen net just Trënténger Kiischterte gefalen däerft ‘d‘visibel Liewensgeschicht vu Beem schreiwen hir Wuerzelen’.