Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Siegfridsschlass

Eis Haaptstad ass en urbanisteschen Ensembel aus moderne, klasseschen a mëttelalterleche Bauten. Hir Geschicht fängt 963 un mam Grof Siegfrid sengem Tauschhandel! D’Tréierer Abtei St. Maximin krut e Gutt zu Feelen fir hire Kastell (mat ronn annerhalwem ‘Mansen’ Land um Bockfiels. An seng Plaz koum e Wunntuerm aus Steen vu 14,80 x 14.80m mat zwee ënnerierdeschen Niveauën plus Annexen aus Holz! D’Trap déi an d’Kasematte féiert staamt aus där Zäit - an ee Kasematte-Raum war den 2. Keller.) (J.-P. Koltz) D’Poart war e schmuelen Tuerm an d’Zugbréck 2,20m breet. - D’aalt Grofeschlass gëllt als d’Wéi vu Lëtzebuerg. (Et gouf am 16. Joerhonnert zerstéiert, well d’Verdeedegung vereelst war. D’archeologesch Krypta an d’Kasematte versetzen eis zréck an d’mëttelalterlech Zäit. Historesch Notizen verroden ë.a., dass d’Ruin vum ‘Huelen Zannt’ de romantesch restauréierten Deel ass vun engem ale Flankentuerm. (Krantz-Quintus) ‘Letze’ bedeit iwwregens Aussiichtspunkt…

Den ëm 500 Meter laangen a 50-80 Meter breede Bockfiels läit ronn 40 Meter iwwerëm Uelzechtdall. Säin 47m déiwe Buer huet un den Donjon, d’Kichen an d’’vleyshus’ ugegrenzt. (J. Groben) Bernard Simminger Zeilen no wollt de Siegfrid dass d‘Buerg “kein Lustschloss für den Grafen sondern eine Schutzstätte für das Volk“ géif!) Am Dall an dernieft hu sech Handwierker ugesiedelt a klengen Handel. D‘Bauwierk um Schwaarzbierhiwwel an d‘no Maartplaz huet eng Wallmauer mat 7 Tierm a 4 Poarten ëmginn. Seng Erëffnung gesouch Gäscht vun Tréier, Metz an Epternach am Sall vum Biergfried, de Porhär vun Holderchingen huet d‘Mauere geseent an ‘t si Lidder aus der Karlszäit erklongen! D‘Successeure vum Siegfrid ware säi Jong Friedrich I. a seng Enkelen Henri II. a Giselbert. Ënnerëm leschte koum eng Vergréisserung vum Terrain no Westen.(J.-P. Koltz). Ënner dem Konrad I. (éischtmols betitelt als comes de Luccelemburc) entstoungen d‘Kapell an d‘klengt Benediktiner-Klouschter um Aalmënsterplateau.) Seng Nofolger goufen Henri III., säi Brudder Wëllem an deem säin eenzege Fils Konrad II.. No sengem fréien Doud goung d‘Ligne vum éischten Haus Lëtzebuerg zu Enn. Ierwen gouf säi Cousin Henri IV.. (Niederlänner duerch säi Papp Gottfried vun Namur a Lëtzebuerger duerch seng Mamm d‘Ermesinde di Eeler, Duechter vu Konrad I..) Den neie Grof war ‘ideeë-méisseg’ senger Zäit viraus! Mir liesen 1189, dass d‘dräijäeregt Ermesinde (di Jénger) bei him zu Lëtzebuerg war, wou d’faarweg Fiedem’ vu senger Politik an der Schlassbuerg zesummekoumen! (Fr. Lascombes.)

1198 hat d’Koppel Ermesinde an Theobald vu Bar am Siegfrids-Schlass Huldigunge fir hir Hochzäit entgéingt geholl. Mat hir an dem neie Grof krut Lëtzebuerg Fridden, relative Wuelstand a Stadbefreiungen. Nom Doud vum Theobald (1214) koum d’jonk Witfra ‘aus dem Barischen’ heem an hiert Grofeschlass. Hiren 2. Mann Walram vu Limburg, hire politesche Léiermeeschter a Papp vum Henri V., ass 1227 gestuerwen. D’wäitsiichteg Gräfin hat lokal Agrarmäert approuvéiert an nei Routen vu Basel via Lëtz a Flandern. D’Leit krute perséinlech Rechter duerch Fräiheetsbréiwer an d’Stad natierlech d’Stadrechter. D’Landesfürstin hat ë.a. d’Helleg-Geescht Klouschter gestëft an d’Schlass um Bock ausbaue gelooss. - No hirem Doud an der Buerg hat den Henri V., de ‘Blondel’ gutt Kontakter mam Veianer Grof, d’Knuedler Klouschter gegrënd an de Wopen mam Léif inspiréiert. Henri de VI., säi Brudder an d‘‘Blüte Luxemburgs‘ koumen 1288 ëm an der Worringer-Schluecht. - 1291 sollt d‘Gräfinmamm Beatrix vun hierer Schwéiesch Isabella ë.a. eng ‚couronne d‘or‘.léinen. Di eegen hat se verkaaft wéi d‘gräflech Caisse eidel war. An d‘Suite? Henri VII. gouf vum Dicks als ee vu 4 Keesere ‘vun enger weltberühmter Rass’ veréiwegt, säi Brudder Balduin berühmt als Tréirer Erzbeschof. Den zu Lëtzebuerg gebuerene Grofe-Fils Jang de Blannen hunn als Kand d‘bizarr Fielse vum Bock zum Klammen invitéiert. (K. Sütterlin) Hien hu seng Mamm an d‘Memère ëmginn; ënner him entstoung spéider d‘monumental Schlasspoart. D‘Schlassmauer hunn zolidd Ecktierm bewaacht, hirer Reschter goufen 1963 ausgegruewen! De spéider blanne ‚Messire Jean‘ hat d‘Lützelburger vu groussem, staarken Kierperbau beschriwwen, rau von Sitten an zweesproocheg. Lëtzebuerg gouf séngerzäit en eenheetlecht Land.

D‘Suite: Karel IV. huet den 13.3.1354 d‘Grofschaft (aus Prestigegrënn) erhuewen zum Herzogtum! Hie gouf 1355 réimesche Keeser an huet seng Epoque geprägt, d‘Prager Karlsbréck dréit säin Numm. (ënner sengem Hallefbrudder a Regent Wenzel I. (+1383) gouf Lëtzebuerg flächeméisseg am gréissten an 1365 koum de Poopst Urbain d‘Aalmënsterabtei besichen. De Wenzel I., de ‘gentil duc Wincelant‘, hat keng Ierwen; Throunfolger gouf dem Karel IV säi Jong Wenzel II.. Dëse krut de Bäinumm ‚der Faule‘ well en ë.a. dem Jobst vu Mähren (engem Enkel vu Jang dem Blannen) d‘Land 24 Joer laang verpfänd hat.(Un hien erënnert d‘ Wenzelsmauer.) - Säi Brudder Sigismund, e ‘prince d‘une grande culture‘ a spéidere Keeser sollt hien ofléisen. Säit 1384 hat selten een an der Buerg residiert. Mer liese dass e spéidere Pfandhär der Elisabeth vu Görlitz hire Gemahl war. (Dës Enkelin vu Karel IV. war d‘zoukënfteg Regentin.) De Sigismund (+1437) sollt als besuergte Vermëttler 1417 an der Schlassbuerg zesumme mam Wenzel II. an der Elisabeth verspriechen ‚Lëtzebuerg ze beschützen an d‘Rechter a Bräich z‘erhalen, déi ënner dem Grof Jean bestoungen‘! Duerno krut d‘ ‘Hofgesinde‘ 1418 in der burch‘ zwee Gulden fir Neijohrsdag.. a genee 10 Joer drop gouf d‘Regentin do beschenkt!

1437, nom Dout vum Keeser Sigismund, dem leschte männleche Spross vum Haus Lëtzebuerg, war der Regentin hire Gemahl Albrecht II kuerz zum Herzog avançéiert an hiren Edem Wilhelm vu Sachsen wollt den Throun... Ee schwaarzen Dag an der Stadgeschicht war 1443, den 22.11, mam Verloscht vun eiser politescher Eegestännegkeet (no iwer 400 Joer!) De Burgunderherzog Philippe ‚le Bon‘ hat d‘Stad duerch Iwwerrompelen a Spionage eruewert. ‘t war eng konfus Zäit... awer eis Landsleit waren débrouillard. No 14 Joer sollt de Karel de Kéngen oder Téméraire säin zimmlech strenge Papp ofléisen. - Muunch memorabel Momenter aus der Friemherrschaft dréien ëm d‘Buerg. Wéi de Karel 1473 do résidéiert hat louch zur Almënstersäit hinn en herrleche Gaart. An am Korridor um éischte Stack sinn onverglaaste Boufënstren ëm e quadrateschen Bannenhaff opgefall. (W. Bergengrün) A Succès hat dem Haushär seng höfesch Festlechkeet fir d‘Ouverture vun der Schueberfouer. (Seng lescht Wierder 1477 an der Schluecht bei Nancy waren... „nach Luxemburg“!! 1480 koum ënner der Marie vu Burgund d‘Benediktinesch Latäinschoul an de Chastell. Nächsten Herrscher war deen diskrete Philipp le Beau.) Notizen no hat d‘Maison de Bourgogne näischt ënnerlooss fir d‘Schlass ze verstäerken! No hirer Zäit koum d‘Haus Habsburg/Spuenien mam Charles V., le Quint (1506-1555) hei un d‘Muecht! D‘al Schaatzkummer housch 1544 ‘chambre des vasselles d‘Argent‘.(Nom Feier vu 1549 krut d‘Schlass nei Schiferdiech an 48 nei Fënstren. - 1552 hat de Karl V. den englesche Gesandte mat Pomp a sengem mat “flandresche Riesenteppecher behaangene Sall empfaangen‘. (J.-P. Koltz) Zur Zäit vu sengem Successeur Philipp II. entstoung a Clausen d‘Mansfeld Schlass.

P.S. Dem Akt no haten zur historescher Plaz um Bock d‘deemoleg Revenuen a Lännereien un der ‚Alzig‘ gehéiert. D‘Zerstéierung vun der Schlassbuerg vu 1555-56 huet der Festung Plaz gemat! (D‘Kaart vum Th. Mameranus weist 1561 d‘Stadbild mam ‘castre démoli.) Ënner der Kontroll vu Friemen sollt dem Emile Haag no den Duché falen op en ‚Niveau de coin perdu provincial‘. Just d‘Festungsstad huet hir strategesch Importenz gehalen! Se krut de Bäinumm Gibraltar du Nord. En fir eis besonnescht Dokument, den Original vum Tauschakt zwëschen dem Grof Siegfrid an der Tréierer Abtei St. Maximin, krut Lëtzebuerg 1984 zur Verfügung als ‚Dauerleihgabe‘! Dëst geschouch am Kader vum 2000jäerege Bestoen vun der Stad Tréier - an als Zeeche vu Frëndschaft tëscht zwou historesche Stied. (‚Ons Stad‘ Nr. 15)