Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Selschent

Bis Enn 2014 huet Selschent zur Gemeng Eeschweller gezielt, duerno koum där hir Fusioun mat Wolz. Mä ewell virun deem Evenement krut de Jugendclub e Clublokal – an ‘t ass an der lokaler, historesch wäertvoller Molkerei neit Liewen erwächt. ‘D’Jeunesse engagéiert sech fir sozial Benodeelegter, an elo hu si donieft hei och nach d’Méiglechkeet iwwer d’Geschicht vum Duerf nozedenken‘ gouf bei der Aseenung vum Duerfsall gesot. Muunch Leit aus der fréierer Gemeng Eeschweller hate virum Krich an der Wolzer Liederindustrie geschafft, eng ware Baueren an anerer sinn an d’Minettsgéigend geplënnert. Mä een deen hei säi Brout gutt verdénge konnt hat herno eng “fierté d’être resté.“ (N. Lucas) Engem mëndlechen Temoignage no haten d‘eenzel Dierfer fréier eege Sproochen - mä wéi d‘Kanner dann zesummekoumen a gréisser Schoulklassen goufen apaart Ausdréck no an no vergiess... D‘Selschter Awunnerzuel louch ugangs Mäerz 2017 bei 74.

Am Ancien Regime hu vill Dierfer heirëmmer zur Seigneurie Wolz gehéiert -mä Knapphouschent a Selschent waren Deel vun der Juridictioun Baaschtnech. Fir d’dräimol sou grousst Nopeschduerf Bruechtebaach ware fréier d’Gemengepappe vun Uewerwampech zoustänneg, haut sinn et déi Wëntger aus dem Kanton Clierf. - Eng al Geographie hellëft d’Changementer ze vergläichen, an d’Buch mam Titel ‘Das Mittelalter’ (vum Johannes Fried) raumt op mat Préjugéeë géingt dës onroueg Zäit: Si war nämlech méi weis, erfindungsräich a konschtsënneg wéi munnecheen haut mengt. ‘t gouf awer am nërdlechen Duché nieft de geographeschen Héichten an Déiften permanent nei Erausfuerderungen. Wolz krut z.B. 1619 eng 3. foire franche octroiéiert. Kuerz drop feele wéins ‘pages manquantes’ wichteg Nimm; mä däitlech liesbar ass 1628 der Archiduchesse Isabelle-Claire-Eugénie hire Kaf vun eelef Dierfer, ë. a. vu Stackem, Selschent an Dienjen. (Auguste Neyen, ‘Biographie Luxembourgeoise: (histoire des hommes distingués.) - Spéider war d’Auswanderung hei en Thema. Nieft ville Bruechtebaacher Emigrante gesouch d’Elisabeth Schenkels de Selscheid hir 1767 mam Jean Koener bestuedten Duechter an Ungarn zéien. (N. Mathieu „Ons Hémecht“ 1931.) Op der kuerz drop fäerdeger Ferrariskaart droen Eschweiler, Knaphoscheid a ‘Selschette’ d’Pornummer 97 vun 157 Porämter. (S. 8, act.public.lu/fr/publications/brochures/newsletter_4/)

D'Kierch vu Selschent steet op der Kräizung vum Kierchewee mam CR330, dee vun Eeschweller op Klenghouschent féiert. Hire Patréiner, den hl. Amandus, war zur Zäit vum Merowinger-Kinneck Dagobert Beschof vun Tongres-Maastricht; säi Fest ass de 6. Februar. Bis 1801 war d’Duerf hallef bei Bruechtebaach an hallef bei Eeschweller, ‘t koum 1808 an d‘nei Por Knapphouschent a laang duerno zum ‘réseau paroissial Kiischpelt’. Zur Vergréisserung vum eelere Gotteshaus sollt 1892 e Subsid vun 300 Frang bäisteieren. Wéi kuerz virdrun Ettelbréck krut Selschent 1904 zwou Klacke vun der Metzer Klackegéißerei Bour & Guenser. An den 1960ger, ënner dem Här Schäeffers, gouf d'Kierch rehausséiert vun engem ‘Clocheton’ a restauréiert. Beim Agank ass ee mëttelalterlechen Dafsteen mat Maskendekor hallef an der Mauer encastréiert. D‘abstrakt ‘Vitraux d’Art’ vun 1968 vum Jean Zanter an d‘Betonglasfënster am Agang entspriechen dem modernen Zäitgôut. D‘Bild mat der ‘schmäerzhafter Maria’ an d‘Statioune sinn al, den niddregen Altor aus „Haasselsteng“ ass nei. Um Kierfech donieft fällt eng Pietà Skulptur op vum Josy Jungblut mat gracilen Hänn. Säitlech erënnert eng Erléiser-Statu mat Gedenktafel un d‘Affer vum Zweete Weltkrich. Eng net alldeeglech Zeidongsnotiz (Wort - 28.7. 1918) informéiert, dass beim 5. Abroch an deem Joer beim Ackerer Reisen-Rommes Lengend, Bettwäsch an Altordicher fortkoumen am Wäert vun e puer dausend Frang. (D’Famill war fir d’Kierchewäsch zoustänneg!)

Hätt dem Stroossenduerf säin Numm franséisch Origine, däerft en e Lien hu mam urale Métier vum ‘Sellier’ oder ‘marchand de selles.’ (De Suedeler-Beruf ernimmt ewell d‘Bibel...) D‘Dierfche Selscheid aus Nordrhein-Westfalen läit an enger ‘Einsattelung’ zwëschen zwee Bierger an hat bis ëm 1860 ‘mit Stroh gedeckte Häuser’ (hei säit 1845 verbueden). An seng ‘Besitzer hatten Pferde, früher fast nur Ochsen.’ Dëst war heirëmmer fréier net vill anescht. (Haut zielt eist Duerf net méi sechs mä ee Bauer.) - Sujet vum Gemenge-Règlement vum 13.11.1911 war der Sektioun Selschent hir Waasserleitung.(http://data.legilux.public.lu.) En Arrêté grand-ducal goung dann 1928 ëm d'utilité publique vum ‘chemin vicinal du pont sur la Tettelbach près d'Eschweiler par le moulin d'Eschweiler au pont de Seischeid.’ Dës zimmlech formell Detailler dokumentéieren de Fortschrëtt. De Bunker ‘am Héirech’ wou verstoppte Jongen iwwerlieft haten, hält als stommt Monument d‘Erënnerung waakreg un haard Deeg. Um Enn vum Krich hate 17 vun 19 Duerfhaiser bis 25 % an eent iwwer 60% Schued. ‘Selschter Pad’ heescht iwwregens eng Saackgaass zu Eeschweller.

P.S. Wien eng schéi Vue appréciéiert an d‘Natur gäer huet fënnt op der Selschter Héicht e perfekte Liewensraum. Dee besonnesch mat der Géigend verwuerzelten Nic Weber (1926-2013) war en eemolegen Observateur. “Im Tal der kleinen Frösche und leichten Forellen, zwischen Bögen, Selscheid, Brachtenbach, liefen die Äcker schnell aber nicht weit, blieben dann zusammen stehen und freuten sich um einen kleinen Bach, setzten sich in den Schatten der ersten Bäume und sahen den Ameisen zu, die dort ihre Städte bauten!“) Al Ausdréck waren hei emol ‘Fummert’ fir Hummel, ‘Heischterknäpp’ oder ‘Kliet’ fir Kleeten an Zaffuriël fir Zafuejer. (Engelmann.) Du sellsch(t) heescht d‘pfältzesch Versioun vun du sollsch(t) an d‘Buergbrennen? Dee Brauch réaniméiert d‘lokal Jugend; e bedeit och heirëmmer eng freedeg Renconter vu Frënn an Noper a soll d‘Erliichterung vun de Mënschen iwwer d’Enn vun der kaaler Saison ausdrécken. Nom Spezialist J. Tockert hängt „Buerg“ an dësem Fall mam latengesche ‘comburere’ zesummen.