Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schwiddelbruch

Schwiddelbruch housch fréier emol eng Haisergrupp ëm en Haff ëstlech vu Rammerech; se huet sech vergréissert a béid sinn am Laf vun der Zäit zesummegewuess. Well bei Réiden d’éisleker Grenz ufänkt ginn d’südlech Ardenner-Dierfer zum ‘mëttlere Westen’ gezielt. - Den héichste Punkt vu Schwiddelbruch läit op 480 Meter. Donieft fënnt ee mam Napoléonsgaard di drëtthéchst Erhiewung vum Land mat 554,3 Meter Héicht an (bei guddem Wieder) enger Vue bis op d’Stad. Ländlech Stroossen- a Reihendierfer zielen zu de mëttelalterleche Siedlungsformen… Un der haiteger rue de Schwiedelbrouch leien zwee Bauerenhieff an ‘t liewen do am ganzen 130 Leit. (Se koum allerdéngs 1848 op 270 Awunner an Rammerech am Vergläich op 412.) D’Strooss zweigt of vun der Rammerecher rue de Grevels an indirekt vun där 19 km laanger N23, déi Räichel queesch duerch de Kanton Réiden mat Maartel verbënd. Där noer Foulschterbaach hiren éischte ‘gréisseren’ Zoufloss, d'Dillesbaach entspréngt südlech vu Schwiddelbruch an enger Dällt.

Sicht een Detailler aus der Lokalgeschicht sinn dobäi Wopen hellëfräich: de Rammerecher weist op Herrschaften hinn, deenen d’Bevëlkerung hei fréier ënnerstoung. D’gëlle Blumm, d’quintefeuille, erënnert un d’Famille de Monflin de Bondorff (Bigonville), de schwaarzen Dräieck drënner u Foulscht an d’schwaarz Losangen un d’Ierwin Marie Gertrude de Birsdorf/Bondorff. D’iewescht blot Feld an d’Pärel stinn fir de Schifer an d’zwou sëllwer Croisette fir den Nicolas Loutsch, Seigneur d’Arsdorf, a säi fils Nicolas, (Notaire zu Heinstert, 1742.) Si waren heirëmmer d’Notabilitéiten. (wiesel.lu/heraldik/wappensammlung/etat/luxembourg/communes) D’Ferraris-Kaart weist ëm 1780 Schwiddelbruch ënnerum Bois de Rambrouch an iwwerëm Riesknäppchen. Rammerich war deemols zimmlech kleng. Wuessen war d’heemlech Devise an de Saz vum Julia Engelmann hätt jee no Liewens-Ëmstänn geheescht ‘Mein Leben ist ein (oder kein) Wartezimmer!’ Fort aus sengem Dierfchen an de Banat goung am Joer 1785 de Michael Aust. - Schwiddelbruch hat vun 1823 un mat de Sektioune Rammerech, Hueschtert an Éischt eng Weil zur Gemeng Foulscht gehéiert. An den 1860ger an nach ëm d’Joerhonnertwenn sollt den attraktive Rammerecher Véih- a Kreemchesmoart Leit unzéien. (An där Zäit, tëscht 1867 an 1883, gouf d’Stater Festung demoléiert an d’Zuchstreck Näerden-Maartel war a Betrib tëscht 1890 an 1953.) D’Moart-Clientèle koum deels zufouss, deels mam Zuch oder der Päerdskutsch. (No 1980 gouf et e Revival vum Stroosseverkaf an 2013 d’Rammericher Braderie.)

D’Schwiddelbrucher Leit haten ni e Kiercheraum fir sech. Mä ‘t existéiert do e geschützte Weekräiz mam Datum 1718 (an aus den Nokrichsjoeren eng extraordinaire Grott mat enger eegener Geschicht.) Nach zréck gekuckt an d’Zäit: Well 1784 Por-Regesteren duerch Joseph II. eng ‘politesch Bedeitung’ kruten an de Code Napoléon d’Geeschtlech a punkto Kierchen-Archiv ‘mehr Beamte des Staates als Diener der Kirche’ genannt hat (‘Führung der Pfarrbücher’ - Joseph Schletterer, 1824) fällt dem Salt Lake Plaza Hotel sengem Genealogyblog (mat ‘parish-register’ Stock) d’Sich no ‘Luxembourg ancestors’ méi liicht. Seng Lëscht mat Uertschaften ernimmt och Schwiedelbruch... D’Passagéierlëscht vum Schëff Silvanus Jenkins 1845 enthält ënner 35 haitegen a fréiere lëtzebuergeschen Dierfer 7 Schwiedelbroucher Persounen: d’20 an 23 järeg Bridder Pierre an Nicolas Schandel, béid Schneider, dem zweete seng Fra Anna Catherina an ë. a. de 34 järege Farmer Bartholomé Bouren. (F. Gardini). Quasi all 6. Lëtzebuerger goung deemols an Amerika duerch e ‘push’ an e ‘pull factor’ (d.h. hei Kris am Aackerbau an do Aussiicht op bessere Verdéngscht.) (J.Cl. Muller /J.Ensch) Eist Nationalgefill ass deemols am Schrëtt vun der Iechternacher Sprangpressessioun gewuess. Mä sentimental Zeile vum Lentz wéi ‘d’Pierle vum Dâ’ oder ‘de Feierwôn’ sollten ‘t opwäerten.

D’ ‘carte Hansen’ vun 1907 verréit, dass de franséische carthographe mat däneschen Originen e «crayon géographique» hat. Se dokumentéiert d’deemoleg geographesch Detailler (beispillsweis d’no geleeën 21,5 op 11.50 m grouss Schuerelser Schlass-Ruin bei Éischt, eng ewell 896 als “Heckscheid” ernimmte Plaz.) De lëtzebuerger Historiker Joseph Goedert (1908-2012) staamt aus dem klenge Schwiddelbruch. Hie krut 2003 als Auszeechnung fir seng Verdéngschter ëm d'Bibliothéiks- an Archivwiesen zu Lëtzebuerg (als fréieren Direkter vum Lëtzebuerger Staatsarchiv a vun der Nationalbibliothèik) e Präis a Form vun engem Buch aus Eechenholz! Hien hat eng grouss Zuel Bäiträg zur Lëtzebuerger Geschicht verëffentlecht a säin Noruff hat den Titel ‘la mémoire d'un siècle.’ (Gaston Carré). - E Stéck Erënnerung begéingt een um 6 km laange lokalen Trëppeltour mat ronn 160m Héichtenënnerscheed. Dëse féiert biergaf laanscht de leschte Schwiedelbroucher Bauerenhaff a laanscht d’Biogasanlag. E geet iwwer d’Foulschterhéicht an de Bësch bei d’Dillebaach a weider a Riichtung Grott. Dës an d’Trap virdrun hat den Aloyse Mausen vu Foulscht aus dem Schieffer gehaen fir säi Krichsverspriechen z’erfëllen. (www.youblisher.com/p/988103-Treppeltir-Rambrouch/)

P.S. Zäitzeie vum Schwiddelbrucher Alldag verréit de Memorial: Dora figuréieren 1922 d’Boucherie - Charcuterie Scheeck Hubert, de Café Collignon-Colles (och als marchand de bières) an 1926 den Agent d'assurances agréé Jean Hendel bei der ‘Compagnie d'assurances «La Nationale Luxembourgeoise.» Méi Aktuelles: vun der grad erwähnter Biogasanlag hirem Fernwäermenetz kruten Intressenten aus der Strooss e Stroum-Uschloss. A soss huet d’haiteg Schwiddelbrucher Strooss - 28 km vun der Stad - eng zone d’habitation 1, eng zone mixte rurale, e secteur protégé de type "environnement construit" e petit patrimoine à conserver an eng zone Natura 2000. - D’Wuert Bruch bedeit Suppecht a "bruc" (am provençal vieilli oder occitan) e ‘lieu où pousse la bruyère’. Schwiedel ass e Familljennumm. Am Ozean vu Web-Informatiounen dauchen Swed oder Swid op als westnordeschen Zwergennumm, legendärt Déier oder traditionellt islännescht Geriicht. Déisäit der Musel heescht Schwiddel am Bäckerlatäin e grouße Pinsel, deen eng hauchdënn Glasur iwwer d’Brout sträicht.