Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schweech

Schweech gehéiert mat Huewel an Ielwen zum pittoresque ‘Schwäächerdaul‘ an zielt mat dësen zur Gemeng Biekerech. Relativ nobäi entsteet aus dem Zesummefloss vun zwou Quellen südwestlech vun Huewel déi ronn 10 km laang a Schweebech ëmgedeeften Huewelerbaach. Se leeft e puer Kilometer hanner Schweech ënner der Schweebecherbréck erduerch an net wäit vum Useldenger Schlass an d’Atert. Am Rapport mat engem Gewässerschutzprojet krut se 2011 de Bäinumm ‘Eng Baach fir den Äisvull’. Schweech hat 261 Awunner am Joer 1848, 2006 just 180, mä hir Zuel stoung uganks Mäerz 2016 bei 226. D’nostalgesch Citatioun vum Richard Fedor Leopold Dehmel iwwer e schéint Heem “Unsre lieben vier Wände! Du hast sie bereitet, Ich hab sie dir zur Welt geweitet” gëtt hei sécherlech approuvéiert!

Am Spéitmëttelalter gouf d‘Meierei Schweech mat hiren eegenen droits de Cour de Justice ugesinn als dat wichtegst Duerf an der Géigend. Et war 1297 iwwregens als ‘Swey‘ ernimmt. 1309 krut Bieckerich seng lettre de franchise an eng onofhängeg Administratioun. Virdrun an duerno sollt do ënner vereenzelte Liichtquenkelcher dësen erausstiechen: Als Besëtz vum Klouschter Clairefontaine waren d’Leit aus engem groussen Deel vum aktuelle Biekerecher Gemengen-Territoire tëscht 1247 an 1794 ‘dispensé du service militaire‘ (resuméiert d’Geschichtssäit vum Gemengesite.) Mä d’Konsequenze vun den heefege Kricher bloufen hinnen net erspuert. Nom Gesetz vum éischten Oktober 1795 goufe Bieckerech an Näerden eng Gemeng a kruten no 14 Joer Hëtten derbäi. Mam Argument méi liewensfäheg ze sinn hat d’nidderlännesch Administratioun seng Nopeschgemeng Schweech dann 1823 (mat Ielven, Huewel an dem Leitrenger Haff) dran integréiert. Säit Januar 2013 besteet do an am ganze Kanton de „Béki“ als alternativt Geld fir d’regional Kaafkraaft ëm Réiden z’animéieren.

D‘Schweecher Kapell mam apaarten Daachreider staamt aus dem 16. Jh. an hat vermuttlech déi sellwecht Bauhäere wéi d'Buerg vu Simmer. Se gouf e puermol ëmgebaut. Hiert véiereckegt Schëff mat der Chouer-Annexe huet säitlech eemol 3 an eemol 2 Fënstren. No de 14 Nouthelfer gouf 1680 den hl. Markus hire Patréiner. Op sengem Dag fängt d’Fréijor un an d’Soot soll dann esou héich sin um Feld, dass een e Kueb net méi dra gesäit. 1702 goung Patronat un di véier Evangelisten an (d‘schmäerzhaft Muttergottes stoung hinnen spéider zur Säit.) D’Buch ‘Marianische Geographie’ (A. Biel - N. Thill v. 1988) erënnert u fréier Zäiten, an ë. a. un d‘siwe Weekräizer laanscht de Wee vun der Ielwener Kierch heihinn. (Bei der Kapell iwwerbléckt dat 7. den noe ‘paysage légèrement accidenté.) Déi herrlech panoramesch Vue op d'Éisleker Héichten mä och d’Heft vum ‘petit patrimoine religieux’ vun 2011 invitéieren op en Trëppeltour vun Duerf zu Duerf. D‘Brochure ”Por Schweecherdaul 800 Joer“ vun 1967 rappeléiert de romaniséierten Numm vu Schweech Sogiacum. (Säin Homonyme Schweich un der Mëttel-Musel (vum keltesche Soiacum - an duerno ‘Sueiche’) gouf ewell am 8. Jh. dokumentéiert am Rapport mat der Bertrada, der Mamm vum Karel de Groussen.)

Kräizerbucherstroossen gëtt et zu Schweech, Ielwen, Biekerech an Habscht, wat op deem Bësch seng Gréisst hiweist. Enger Opstellung vum 16.2.1803 no louch dem ‘Kreutzbusch’ seng Fläch tëscht Sail an der belscher Grenz bei 701,76 ha. (J. Helbach) Fir de Wuerzelstack vum urale Bam ‘Kräizerbuch’ (mat 5,80 m Ëmfang) aus dem Buedem ze huelen war en Doleiner 3 Woche beschäftegt. (E. Faber, Baumriesen d. Grossherzogtums, 1911) Am Volleksmond gi véier Stéiss tëscht Sëll an der Gäichel no deem bekannte Lieu-dit a Bësch benannt: d’südwestlech geleeën ‘Gäicheler Kräizerbuch’, den noen ‘Iener’ Wee erop op d’Kleng oder Al Kräizerbuch an deen ewell ernimmte Schweecher CR106. An der Zäitgeschicht huet tëscht Schweech an Iener e klengt Kuelebrennerduerf (mat ënner anerem enger Seeërei) mam Numm Waasserbaach existéiert. Den ale gedeckte Wäschbuer an der Sortie vum Duerf an Direktioun Iener ass e Steck lokale Patrimoine. - En Tour d’horizon iwwer d’Gemeng Biekerech erënnert drun, dass d‘ganz Régioun als Noper vun där uraler Areler Festung iwwerséit ass vun réimesche Vestigen. - Ënner dem Louis XIV goufen heirëmmer wéins Mangel un Aarbechtskräften nei Usideler mam Urecht un traditionell Notzen agebiergert. Gemenge mat grousse Bëscher ware fir si attraktiv. Mä an bäigezunne Familljen gesouche muencher eng Reduktioun vun hirem Notzungsdeel. (Helbach) Nach allgemenges zum Bësch: een Hektar ‘produzéiert’ mininum 80.000 Kubikmeter gefiltert Grondwaasser a filtert 50 Tonnen Rouscht a Stëbs am Joer. Een Hektar setzt gläichzäiteg och 15 Tonne Sauerstoff fräi - an Dännebëscher dat duebelt!

P.S. 1880 haten 72 Leit am Grand-Duché de Familljennumm Schweich an 1984 genee 139. Al Zeilen ernimmen 1885 dem Affekot Jean-Pierre Jungers vu Liège (né le 2.11.1856 à Schweich, Lux.) seng frësch accordéiert ’grande naturalisation.‘ (Domat war en éligible à la Chambre des représentants ou au Sénat; hie gouf am Mee 1899 juge zu Arel an am Februar 1910 conseiller à la cour d'appel de Liège.) (ARLONIDE) Lokales dann: Am Mäerz 1906 hu Musekfrënn vu Schweech, Ielwen an Huewel eng Musekgesellschaft gegrënnt. Hir éischt 30 Membren hu mat Theaterspillen op Kiirmessonndig dat éischt Geld fir nei Instrumenter verdingt. Dem traditiounsbewoosste Veräin säin éischten Dirigent Georges Zimmer hat säin Takt 50 Joer laang uginn. No 110 Joer brenge ronn 90 aktiv Memberen Ofwiesslung an de Schweecherdaul. Dës fruuchtbar Landschaft tëscht dem Äisch- an Atertdall gouf inoffiziell schonn emol ‘vallée des chevaux‘ genannt. D’aalhéichdäitscht Wuert ‘Sweiga’ hat och e Rapport mat Déieren a stoung fir “Viehhof” an Haffgutt; ‘Schwaig’ war ursprénklech e Flechtwierk-Zonk, mä och e Begrëff fir Véih- oder Schoofshäerd.