Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schwiebech

Schwiebech zielt zum südëstleche Réidener Kanton an der liicht niveléierter Gemeng Säil. ‘t huet mat dësen laang am Rhythmus vun de Rekolten an dem Laude vun de Klacken gelieft.’ ‘t läit säitlech vun der N12, déi wéi d’Hansen Kaart et 1907 weist, schnouerriicht tëscht Sëll a Räichel laanscht de Restaurant mat Auberge bei der Schwiebecherbréck féiert. Nieft dëser steet op 1a schonn eng Weil e centre de télécommunications. (D’ronn 87 km laang Nationalstrooss Nummer 12 fängt vis-à-vis vum Square de New York un a verbënd d’Stad via Rollengergronn mat der Wämperhaart. Nieft der Hausnummer 12 vun der Schwiebecher Haaptstrooss an dem Bus-Arrêt hänkt eng Bréifkëscht, eppes wat een net méi an all Duerf fënnt. (E Website publizéiert dësen hir Plaz an d’Horaire vum Bréifdréier sengem Passage. (ënner post.lu/trouver une boîte aux lettres.)

Ënner dem ancien régime hate Sëll, Schwiebech a Kapwëller zu de Seigneurien Useldeng a Pitange gehéiert. Den Arnould, Sire de Pitange, ernimmen al Manuskripter; 1317 hat de Grof Jang de Blannen hien op en Treffen mat der héiger Noblesse invitéiert. D’Schwibech, d’Baach, sollt wahrscheinlech den alen Duerfnumm "Schweibach" inspiréieren; si gesouch, verstäerkt mat der Huewelerbaach, sou munches Evenement op hirem 11 km Laf an d’Atert. Den Haaptwee vu Kapwëller op Useldeng a Bëschdref goung laanscht hiert südlecht Ufer. Bauere gesouch se fréier souwuel en Handwierk wéi Ackerbau ausüben mat rudimentärem Aarbechts-Geschir. D’Haiser haten iwwerall Kichen mat Äserech-Biedem aus Läm oder Kallek, e Känki um Dësch, an d’al Äppelter ronderëm hounge schlubbervoll. (F. Lorang) D’Ferraris Kaart weist zu «Schweibach» néng rout Diech. Dem Pfarrer Blaise seng ëm 1790 handgezeechent Kaart vu Sëll an Ëmgéigend huet reng Illustratiounen, ë. a. Jeeër ‘tirant perdrix’ a barocker Juegd-Tenue. De Geeschtleche schreift ‘Schvaibach’. Hie sollt keen Eed op d’Republik schwieren an ënnerdauchen. (Buch ‘500 Joer Sankt Anna Kapwëller.’) D’Doudesannonce vum Jean-Michel Thilmany (*1792-1813) natif de Schwebach - deelt mat: ‘Fusilier au 28e régiment d'infanterie de ligne, 3e bataillon, 3e compagnie, fit les campagnes de 1812 et 1813 en Espagne et dans les Pyrénées. Décédé à l’hôpital militaire de Toulouse des suites de blessures.’ (Luxemburger, Soldaten Frankreichs 1792-1815, Ch. Schaack) 212

Der Schwiebecher Kapell hiren oktogonalen Daachreider streckt sech diskret säit 1850 iwwer d’Diech vum Uertszentrum (...an dëse soll seng Sonnerstellung behalen, donieft passt kee grousse Wunnkomplex housch et 2012 an enger Duerfbeschreiwung.) Seng Form an Akleedung sinn heirëmmer rar. (De Bau faasst ronn 70 Leit an huet 6 Fënschtre mat Rautemuster. Viru senger Zäit waren och Schwiebecher Leit ‘Mumper’ (alhéichdäitsch fir Momper) vun der Kapwëller Kapell a verflicht do ‘apperschaft zu thun’ (wat se deels verweigert hunn.) Dëst verroden Zeile vu 1702 vum deemolege Curé. D’Kapell ‘presque au milieu de la route, laisse songeur.’ Se figuréiert 2010 am rapport d’activités vum Patrimoine vu Site et Monuments a gehéiert zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord. De Stolz vun der restauréierter nei geweihter Jousephskapell sinn de klassizisteschen Héichaltor an 2 Klacke vun 1849 an 1884. D’ ‘nei’ Bänken, e Cadeau vun der Por Luerentzweiler, kommen aus der Boufer Kapell, déi Still krut. Zwee vun der Gemeng hire 15 Weekräizer stinn zu Schwiebech. (een Dankkräiz net wäit vun der Bréck vun 1822 mam Gekräizegten tëscht zwou Palmen an dräi Stëfter-Nimm an ee méi einfacht vun 1863 mat Initialen E&M beim Haus No 4.)

Den Duerfkär krut ëmmer e gewësse Charm nogesot, well en traditionnelle Geescht säi Patrimoine valoriséiert huet. Bäigebauten Haiser ‘de facture plus récente, voire en construction’ erweideren d’Awunnerzuel an den Uertsplang. Ënner de Stroossennimm falen Am Pesch, de Bréckewee, Op der Seërie, d’Rue Boschlék an ‘Uewt de Gaarden’ op. D’ëm 1920 gegrënnten haut verloosse Seërie" gouf nach 1962 ernimmt an war ënner dem Nik Zoller 1942 registréiert mat ‘Holzhandel, Säge- und Imprägnierwerk.’ S’ass net op der Kaart, déi ë. a. 1907 um nordöstleche Bord vum Duerf ‘Masures’, kleng baufälleg Häipe festhält. 2008 gëtt de Fortschrëtt groussgeschriwwe mam Projet Opfangparking. D’Iddi ass nët méi am Schwiewen. D’archeologesch Analyse vum gemengeneegenen Terrain si gemat an deemnächst kann do den ‘transport en commun’ staarten. Den Terrain vum P&R, vum Gemengenatelier an eenzelen neie Wunnhaiser war allerdéngs virdrun Juegdrevéier vum roude Schéierschwanz, dem ‘Milan royal’. Als Kompensatioun schaaft dofir d’’SICONA nobäi – ronn 22 km vun der Stad - op annerhalwem Hektar eng Zort Amphibieparadäis. Ewell 2011 hat e communale Gewässerschutzprojet d’Schwibech zur ‘Baach fir den Äisvull’ désignéiert. Well dësen eng Virléift huet fir proppert Gewässer, dat lues leeft, entstoung ënnerum Duerf eng 200m laang renaturéiert breed Uferrandsträif als Liewensraum vu Klengdéieren.

P.S. Den Dictionnär vum Engelmann hat ‘Schwébech’ mam Kanton Miersch associéiert a mam Numm vun der Baach. Plazeweis gëtt et och Schwéibech genannt, an de Familljennumm Schwebach existéiert an Däitschland an och an Éisträich. Vun enger Farm mam selwechten Numm an Nei Mexico heescht et ‘Everyone is so friendly at Schwebach Farm!’ - Die Sonne geht an keinem Dorf vorüber... mengt en aalt Spréchwuert. E Liichten a munch Blécker hat 2012 eng Nouveautéit bruet vum SIDERO (vum lëtzebuergesche Syndicat Intercommunal de Dépollution des Eaux Résiduaires de l'Ouest.) Zu Schwiebech rejetéiert säithier eng mobil Klärstatioun proppert Waasser ouni Geroch a Pollutioun - zur Freed vu Grouss a Kleng. Dëst sinn 125 Awunner aus 52 Menagen.