Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schibbreg

Vu Konstem geet e Fousswee vun 30 Minutte bei d‘Schüttbuerg, genannt Schibbreg. Hiren 20 x 90 Meter groussen Areal läit verstoppt hanner Louhecken, ugepasst un ee längelzege Biergreck an u ‘rochers surplombant la Clerve’. S‘ass a Privatbesëtz a kann net besicht ginn. D‘Fro ëm hir Awunnerzuel beäntwert e Fragezeechen an d‘Gemeng huet keen do agedroen. Eng onbeschriwwen an ongestempelt al Postkaart (d‘Nr.18) aus der Edition W. Capus mat Vue nostalgique op d‘Buerg bidd eng Web-Adress un fir 18 Euro. Der Schibbreg hir Diech luussen iwwer den idylleschen Dall a confirméieren de Saz vum Marcel Noppeney ‘où qu’il se trouve et quel qu’il soit, un château, à lui tout seul, constitue un paysage.’ Vu Vis-à-vis, vun Alschent huet een eng schéi Vue op d'Buerg, an där de Carlo Hemmer emol en ‘trutzigt Raubritternest in der Waldeinsamkeit’ gesouch...

D‘geschichtlech Ufäng vun der Schüttbuerg ginn zréck op 1339 an d‘Zäit vum Jang de Blannen. Se sollt eng Flieh- oder Schutzbuerg sinn a war net als Residenz mä als Bollwierk geplangt. (Krantz-Quintus) Hir eeler Virgängerin sollt e Réimerwee iwwerwaachen. 1406 ass s‘als Lehnsgutt vun de Roudemaacher Hären ernimmt. Si huet en déiwe Schlasspëtz, dem Volleksmond no e ‘Verliess’ mat Schätz a Geheimgäng an de Klerf-Dall an a Richtung Konstemer Kierfech) (J. Haan). No de Fëschbecher, Clierfer, Wolzer an ë. a. Kerpener Hären waren nobel auslännesch Familljen do doheem. (Ufangs vum 16. Jh. war eng Katharina von Schüttburg d‘Fra vum Wilhelm vu Mamer.) No 1630 waren d‘Seigneurs de Humyn d‘Schutbourger Proprietairen; no 1722 d‘Barongen de Hoefnagel. Béid Baaschtnecher Famille goufen net richteg waarm mam lëtzebuerger Adel, hunn net permanent hei gewunnt an haten e Verwalter als Representant (1679 beispillsweis den Hans Jacob Schaub, de Parrain vum Hans Jacob Lannersch.) - Bei d‘haiteg Entree féiert en iwwerbréckte Gruef. (Krantz-Quintus) Hanner där mat Eisenneel beschloener Poart an dem hallefkreesfërmege Flankéirungstuerm kommen eng zweet Poart, e Bannenenhaf an den ëm 1576 ugebauten an öfter renovéierte Renaissance-Fliggel.) Un den ale südlechen Deel mam gotesche Palas grenzen d‘Iwwerreschter vun enger mëttelalterlecher Kapell.

Ënnerschiddlech Quellen zielen d‘Schibbreg mol zur Konstemer, mol zur Mäerkelser Por. Hir aus den Déifte vu Konscht a Liewe geschafe Madonna rouht diskret an enger Mauernisch.

Zur Buerg, dem Flouer, de Bëscher an der Millen hunn Alschent, Konstem an deels Holztem gezielt. Säit 1550 haten d‘Häre vun der Schüttbuerg do e gréissere vun engem Piechter exploitéierten Haff, deem seng Pacht aus Zënsen, Dengschtleeschtungen, Liewensmëttel a ‘Geldzahlunge‘ bestoung.’ En Akt vu 1681 verréit, dass de "Wilhelms Johan alias Lanners Johannes de Consthumb" dem Marx Kamer d’"Lanners Vogtey vu Consthum" cédéiert hat. Dëst ënnerstoung fréier der ‘justice-seigneurie de Schutbourg’ mam Schlass, dem Moulin de Schutbourg an der Scierie. Méiglecherweis hat Konstem d‘economesch Basis fir d’Herrschaft Schüttbuerg duergestallt. (“Ardenner Zeitung“ 1937.) De J. Haan ernimmt deen 1748 (ënner dem grimmege Baron vun Hoefnagle vun engem Bauer) an d‘Fielse gehaene ‘Kriepsewee’ - d‘Strof fir verbuedene Kriepsefang. Geschicht bleift ‘ohne den Hauch des Lebens trockne, schweinslederne Berichterstattung’. (J. Haan, ‘Sagenumrankte Heimatburgen’.) Den J. de Hoefnagle ass 1764 op sengem virnehme Wunnsëtz a Presenz vum Haffkaploun Servais gestuerwen; säi Grafsteen steet um Konstemer Kierfech. Säin Adler-Wope kompletéiere mol Neel, mol Muschelen.

Wéi den Nicolas Liez d'romantesch Schibbreg am Joer 1834 gezeechent hat war si nach 60 Joer an adlegem Besëtz. D‘Efeu bewuesse Schiefermaueren ëm den Areal haten an hu Charme. Nodeems hirer Steng ab 1805 verkaaft, de Blëtz ageschloen a Besëtzerwiessel heefeg war (z. B. de Wolzer Friddensriicher) huet d‘belsch Koppel Meers-Jadoul d‘delabréiert Gebäi ëm 1935 restauréiert. No Krichsschied foung 1950 eng weider Rekonstruktioun un (Fr. Reinert.) an den Agangsberäich gouf spéider ënner Mathëllef vum Denkmalschutz opgefrëscht. - D'stilvoll Schibbreger Millen um Bord vun der Klierf datéiert vun 1330 a war a Betrib bis am 2. Weltkrich. Se produzéiert haut eegene Stroum an huet e separat Gaaschthaus. Dëse Lieu-dit an der Kiischpelter Gemeng ëmginn 12 Hektar Wise, Bësch an hiwwelegen Terrain. De Millewee vu Konstem erof béit of vum CR322 (Kautebaach-Veianen) a gouf 1933 ‘beschottert’. Den Dall ëm d‘Millen ass eng vu landeswäit véier beléifste Plaze vun der Mauereidechs. De Flouer Schibrécher Brill gëtt deels vun der Eisebunnsstreck Kautebaach-Wolz begrenzt (nom 3. Tunnell hanner der Kautebaacher-Gare erbléckst een d‘2001 klasséiert Buergsilhouette.) Eng imaginär Rénert Zeen huet s‘als Kuliss - a reell war 1939 hiren Ëmfonktionnement zur Jugendherberg.

P.S. Schreift d‘Buerge-Buch vum Vincent Merckx ‘le château semble faire corps avec la crête rocheuse’ muss gesot ginn, dass deen haarde Quartzyte aus dem ‘Ënneschten Emsiume’ no der Schüttbuerg benannt gouf. Hir Bezeechnung “Scheidburg’’ vu 1581 interpretéiert den de la Fontaine als Punkt bei deem d‘grouß Herrschafte Clierf, Burschent a Wolz zesummekoumen. Eng Kaart mat héichmëttelalterleche Buergen-Typen ëm d‘Burg-Reuland weist als südlechst déi vu Kewenig, Stolzemburg, d’Schüttburg an déi Wolzer. D‘solitärt Gebai um ‘Escapardenne‘-Trail ënnerbrecht ‘d‘Monotonie vun ze grenge Bëscher an ze groe Fielsen’ (M. Noppeney, 1939) an enchantéiert ëmmer nach ‘d‘oeil vum voyageur.’ D‘offiziell Nimm ‘Schüttbuerg, Schibbreg oder Schuttbourge’ variéiere je no Text-Zitat.