Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schlënnermanescht

D'Uertschaft Schlënnermanescht läit ‘an der Schlënner‘ op ëm 380 Meter Héicht. Den Niveau vu hirem héchste Flouer geet erof vun ëm 470m iwwer den Hank vum Schlënnerbierg bei d’Sauerschleef op ronn 230 Meter. Nobäi entsprangen eng Dose kleng Baachen a lafen an d'Sauer. Déi längst, d'Schlënner, gouf dem Duerf hiren Numm a sträift 3 Gemengen. Op hirt Gefäll vun 260m passt d’dichteresch Beschreiwung vun enger ‘course pressée et parfois rageuse‘ (M. Noppeney). Den Areler Wanderfrënn hire méi rezente Rapport ëm eng Promenade am Éislek bei minus 9 Grad dréit ëm munnch „sentiers dignes des Alpes et une côte bien raide” ëm ‘Schlindermarderscheid‘! (Dat war Enn Januar 2003.) Déi 2013 gegrënnte ‘Frënn vun der Schlënner’ si jonk Leit, déi sech fir d’Erhale vum kulturellen an historeschen Ierwen vun hirer Regioun engagéieren a freeën iwwer all Luef!

Dat am am grousse Ganzen onopfällegt Duerf gëtt an der Géigend och ‚Mannescht‘ genannt. Den dénombrement vu 1501 nennt et Sludermanderscheyt mat 9 Menagen. D’Schlënner kéinnt vun der aler Millen an al Mauere vu fréiere Bräich erzielen: vläicht ëm de “Lieffrawësch“ oder ëm d’Véi - z.B. ob hei Kéi mat enger Schmalzschmier belount goufe wann s’e Källefche kruten, an Hénger am kale Wanter am Koustall op Staange soutzen? (Professer Hess, eist Volleksliewen, 1939) Et gouf 1804 eng eege Por, de Ferraris-Duerfplang weist seng eeler Kierch e Véirelsjoerhonnert virdrun. Geschwënn duerno entstoung hei e kuriose Gebuertsakt, deen d‘Genealogie-Spezialisten kierzlech entdeckt hunn: Den 1. Mäerz 1833 gouf de Michel May zu Schlënnermanescht gebuer an iertëmlech agedroen als Michel Leinenweber, d.h. de Beruf vum Papp stoung als Familljennumm. (http://www.luxroots.com.) D’Duerf war 1848 mat 287 Awunner dat drëttgréisst an der Gemeng Buerschent, (‘t hat am Januar 2015 just nach 129 Awunner an 62 Stéit.) Et sollt allerdéngs iwwerraschend eng gewësse ‘literaresch’ Roll am Mechel Rodange sengem 1867 verfaasste Rénert spillen.

Den Epos vum “Fuuss am Frack an a Maansgréist“ huet eng klassesch Viirlag, mä ass u lëtzebuergesch Verhältnesser ugepasst. Am zweete Gesank geet de Bier op Schlënnermanescht lass, fir de Fuuss ëm den Owend op senger Buerg Malpaartes ze besichen. Mä ‘do waren zou all Diren, d’Fallbréck war opgezunn‘ an e gouf schlussendlech mam Verspriechen op Hunneg op Féischent bei Buerschent gelackelt. (Malpaartes heescht e lokale Flouernumm, en ëstlechen Hank mat Bëscher tëscht Rëmelesch a Kampeschdell, deen op d'Schlënner erofgeet. D‘Rénert-Figur vum Knuedler ass eng gemeinsam Kreatioun vun de Skulpteuren Demuth a Grosber vun 1932 an en Hommage um Rodange säi Wierk. Den originalen 1,10m héije Fiisschen aus wäissem Sandsteen steet am Musée vun der Stad. (’t gëtt verzielt, dass dem Professor Dieschbourg aus der Handwierkerschoul säi Schéiferhond Modell stoung fir d’Statu. (Y. Yegles). Dem Monument säin ënneschten Deel besteet aus engem hallef-octogonale Bur, engem Koffer-Medaillon an engem Rousenornament. Uewendrop trount de Fiisschen. Vum mystesche ‘Manneschter’ Malpaartes-Gedenksteen si kaum Detailler gewosst an och net vun der fréierer Duerf-Molkerei. Mä, dass do d'Stréihülsefabrik Huberty an der Ënnerschlënner vun 1904 bis 1922 bestoung an an hirer Glanzzäit deeglech 1000 ‘enveloppes de paille‘ fabrizéiert hat fir 'Champagne Mercier' an der Stad an ë.a. d’Brauerei Dikrech veréiwege Photoe vun ëm 1925. (www.industrie.lu/strohhuelsenfabrikHuberty.)

Zur ‘Manneschter’ Por haten d’Giewelsmillen, de Friedboesch, d’Ënner- an Uewerschlënner gezielt. 1977 koum si zum Porverband Housen-Houschent, wou hir Mataarbecht geschat gëtt. Kierchefënschtere vum Emile an Denise Probst mat Marië-Biller, dem Wôpe vum Beschof Lommel an de Groussherzogleche ”Je maintiendrai” verschéinere säit ëm 1960 de Raum. Fir d’Zweehonnertjoer-Por-Feier krut d’Kierch mat hire relativ mächtegen Altär an der klassescher Holztäfelung zwou nei Klacken bei déi vun 1891 an en neie Klackestull aus Eechenholz! D’Véierer-Geläut erméiglecht säithir z.B. d’festlecht Te-Deum-Motiv mat de Klacken 1, 3 a 4 an d’wuchtegt Gloria-Motiv mat de Klacken 1, 2 a 4. An der 1. an 2. hir Moll-Téin verkënnege Begriefnësser. (‘Klacken hunn am Leed en anere Klang wéi op Ouschterdag’.) (Isi Morn) - “Anendag in Schlindermanderscheid” housch iwwregens 2011 en Zeidongsartikel vum Porverband Kiischpelt iwwer d‘Fousswallfahrt vu Kautebaach an d’Manneschter Porkierch. - Zum ‘Bau eines Bethauses’ zu Uewerschlënner, d.h. fir d‘1874 gebaute Kapell koum e staatleche Subsid vun 200 fr. Dëse Lieu-dit op 326 m Héicht läit deels an de Gemenge Parc Housen a Buerschent, ass nëmmen iwwer Feldweeër z'erreechen a just zäitweileg bewunnt. D‘Kapell ass eent vun dräi Gebaier, déi vum fréieren Duerf iwwregbloufen... hir Patréiner si St. Mechel an d‘hl. Kunigunde - hir Statu ass d‘Wierk vun der Bettina Scholl-Sabatini.

P.S. Vu Méchela féiert eng Etappe vum Sentier du Nord (Dikrech-Wäiswampech) iwwer de Wollefsbierg bei Lëpscht laanscht de Fouss vun der ‘Pyramide de la Schlinder’, da laanscht Schlënnermanescht iwwer de ’Schlënnerbierg an erof op d’Gare Giewelsmillen. Gelueft gëtt ënnerwee d‘herrlech Vue op d‘Buerschter Buergmaueren. (Am Heesprenger Regester vum Naturmusée figuréieren 1995 iwwregens um genannte Wollefsbierg ‘Leptophies punctarissima‘, d.h. ‘Punktierte Zartschrecken’, déi op Beem liewen!) Um 70km laange Sentier de la Haute-Sûre (Maartel–Ettelbréck) bidd sech e groussaartege Panorama vum ‘Féischterhaff’ op den Uewersauerdall a Schlënnermanescht! Onofhängeg vun deene grousse Promenade geet eng “Bunkerwanderung” bei e restauréierte Bunker aus dem 2. Weltkrich. An dësem waren Temoignagen no am Krich bis 17 Persounen ënner schwierege Konditioune verstoppt.