Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schëmpech

Schëmpech koum 1977 an di neigegrënnte grouss Gemeng Wëntger, virdru war et Sekteur vun enger eelerer, vun Nidderwampech. Dës war säit der Zäit vun der Ermesinde Siège vun enger Seigneurie. Di kleng “geschichtsträchteg” Uertschaft un der Wämperbaach heescht lokal 'Scheempich' a war 853 ewell ernimmt. D’Landschaft ronderëm 'wierkt wéi en wäitausgelueten grénge Wisenteppech, an deem d’eenzel verstreete Gebäier wéi verstengert Blumme wierken.' (N.Thill) Blécker op sech zitt do d’restauréiert fréier Giewerei. Si erënnert un en Handwierk, dat laang hei floréiert hat. E Guide géologique Ardenne et Luxembourg beschreift ‘les roches affleurant aux alentours de Schimpach comme une série de phyllades et quartzo-phyllades’ (A. Beugnies) An de M. Lucius huet d’Régioun ëm Schëmpech ‘dans les terrains les plus anciens de l’Éisléck’ situéiert. D’geographesch Koordinate bezeechne seng Lag als Punkt um Globus um Längegrad 50°0'0" a Breedegrad 5°49'59.99".

Schëmpech gouf 1696 als ‘Schencqueboy’ registréiert a 1741 als Chincque Bois”. ’t goufen do 1502 Onkloerheeten ëm d’Fëschereirecht (dat de Gerard vu Wolz hu wollt) mä dat de Wenzel I., Duc vu Lëtzebuerg a Brabant, dem Haus Nidderwampech zouerkannt hat. D’Geschicht vun der Uewerwämper Herrschaft, vun ale Wunnkulturen an den Nidderwampech-Schëmpecher Hären dokumentéiert en detailléierten Duerfportrait (an ’Heimat und Mission’ -Hefter vun 2004.) Déi zweet sollten zu Schëmpech residéieren. Béid Familljen entstamen aus där emol gedeelter Herrschaft Wampech. (N. Thill) De Landvogt an Notär Charles de La Haye gouf 1741 Besëtzer vum ‘adelichen Lehenhaus’ d.h. där 1726 gebaute Maison de Maître (inklusiv der Bäckerei, Schéiferei, Scheier, de Ställ an der dozougehéireger Bann-Millen am Brill...) Den Notär krut d’Recht Dauwen ze halen. Senger Duechter Catherine hire Fils Jean-Louis-Joseph Servais war 46 Joer Buergermeeschter vun Uewerwampech. En hat do ë.a. mat Groussgrondbesëtzer nei landwiertschaftlech Bebauunsmethoden entwéckelt, d’aalt «Château de Schimpach», duerch d’haitegt klassescht Wunnhaus ersat an d’Giewerei iwwerholl. Seng Enkelen haten d’ 'Schlass' Schëmpech bis 1956. Dunn hu s’et mam 2,5 ha groussen Domaine fir 500.000Fr un d’Gemeng verkaaft, a ronn 5 Joer drop huet de Staat et zum selwechte Präis kaaft a fir 4 Mio. transforméiert.

Op der Schëmpecher Hausnummer 93 steet haut en 'établissement d’instruction modèle' - d’ 'école nationale de la protection civile' - ENPC genannt. Si gouf Mëtt September 1963 inauguréiert. Bei spéideren Ëmännerunge koum e ‘complexe de logement’ an d’Scheiermaueren, (ufangs en Üebungsraum) an d’al Dortoire goufen eng Zäitchen drop Formatiounslokaler fir praktesch Exercicen. D’Staatsschoul fir Zivilschutz déngt all den Unitéiten a Volontaire vun de Rettungsdéngschter. (Protex, Pompjeeën a Sauvetage sollten entretemps eent ginn ënner dem Numm "Corps grand-ducal d'incendie et de secours".) An seng Fräiwëlleg sinn an hirer Fräizäit am Asaz fir Matbierger an Détresse. (Méi dozou op www.112.public.lu/organisation/organismes/enpc/historique/index.html) - Beim sougenannte Schlass fängt eng 9km laang Promenade un a féiert laanscht d’al Millen, de Sunsbech, duerch den Dall an zréck duerch en Hangbësch.

Wéini hei eng éischt Giewerei war, wësse mer net, mä de Wolzer Notär de La Haye hat hei eng virun 1779 opgeriicht. D'Lougierwe konnt mat Walzen a Pressen, Wäschen an Drechnen bis zu 2 Joer daueren. Zu Schëmpech si pro Joer 2000 Feller beaarbecht ginn (zu Wolz am Vergläich 28.000, mä déi sollt et eng lokal Liederfabrik verschaffen.) D’1821 entstane Bouneweger Händschenindustrie stoung mat anere geschwënn a voller Bléi. Hirt Basis-Material gouf no bei Louhhecken (ë.a. zu Wolz, Clierf, Wëlwerwolz, Schëmpech a Feelen gegierft.) D’ewell ernimmte Schëmpecher Gierwerei louch net wäit vum ‘Schlass’’ un engem grousse Weier. D‘Gebäi stoung laang eidel a wierkt no senger Restauratioun vun 1991 mat de Fachwierkelementer optesch reizvoll; a seng Mauere koume modern Konferenzzëmmere fir d’ENPC. - Schëmpech huet keng Kapell, mä al Weekräizer als ‘Bréck an den Himmel’. (Abraham a St. Klara) Wat nach zum lokale Patrimoine zielt sinn d‘Statioun un der Ligne Baaschtnech-Wolz an d’no Schifergrouf. D’zimmlech attraktiv Gare Schëmpech-Wampech war mat Zollbüro a Buffet a Betrib tëscht 1888 an 1967. Architekten haten d’Niewegebäier dem Haaptgebäi stilistesch ugepasst. Un hir Schinnen ugebonne gouf 1891 d’kuerz virdru gegrënnte Schifergrouf vun Nidderwampech–Benonchamps. Hir héich Qualitéit war berühmt an hat excellenten Schifertafelesteen unzebidden! Hir Karrière gouf bis 1925 exploitéiert; se louch am Grand-Duché mä d’Aarbechter hunn zu Benonchamps, Bëndels, logéiert.

P.S. Ob hei d'Wuert 'Aûschelt' gebraucht gëtt - wéi de 'Virfréilenk' am Éislek heescht? (A. Atten) Ob een hei typesch Ausdréck fënnt, déi no enger 'Malerei für das Ohr' (J. Joubert) kléngen? Ähnlech ass et och mam Wuertschaz vum Lex Jacobi, deen emol d’drëtt Woch no den Ouschteren am éisleker Schneepenfeld Beien ‘im Honigrausch’ observéiert hat an Schof ‘in dichte Wolle gehüllt’! - Duerch d’Sproch-Evolutioun ginn heefeg al Wierder mat neie vertosch. D’Riedensaart ‘mat Schëmp a Schan‘ (Schimpf und Schande) an d’original Bedeitung vu Schimpf däerfte vergiess sinn... D‘aalhéichdäitscht Scimpf war bis an d’17. Jh. Scherz, Spass oder Kurzweil, krut awer spéider de Sënn vu Spott an Affront. Mä d’Vernenne gëllt och als ‘Réckzugsstrategie’ oder psychesch Entlaaschtungsfunktioun. ("Besser kleiner Schimpf als grosser Schaden" ass eent vu 37 Beispiller am woerterbuchnetz.de vum K.F.W. Wander.) Schëmpech, Schimbpag op der Ferraris Kaart, hat 1848 mat 54 vläicht e puer Leit méi wéi am Jorhonnert virdrun. Hir aktuell Zuel läit e bëssen drënner, mä d'48 Awunner vum November 2015 hunn d'Ouer um Bols vun der Zäit.